Search

You may also like

Komplette Fondamental a Maison Relais Waldbëlleg a Quarantaine
Meenung

Komplette Fondamental a Maison Relais Waldbëlleg a Quarantaine

Tëscht dem 19. an 25. Januar 2021 goufe 5 positiv

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner
Meenung

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner

Säit elo dräi Joerzéngte steet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner, déi vun

D’Plattform MyGuichet iwwerzeegt am internationale Concours!
Meenung

D’Plattform MyGuichet iwwerzeegt am internationale Concours!

D’Plattform MyGuichet ass um vergaangenen Dënschdeg zu Bukarest a Rumänien

Editorial: Vu journalistescher Flicht an eegener Iwwerzeegung

Editorial: Vu journalistescher Flicht an eegener Iwwerzeegung

Et gëtt Momenter am Liewe wou et wichteg ass, sech de Spigel virun d’eegent Gesiicht ze halen.“ Ee Sproch vun engem grousse Mann, dem fréiere Colonel Brück. Deen ass mer nees an Erënnerung komm, wéi ech virum wäisse Blat souz a wéi sécherlech ee puer dausend aner Journalisten hu missen de Noruff iwwert den Helmut Kohl schreiwen.

Dem engen oder aneren dierft et net schwéier gefall sinn, deen een oder aneren huet sech och sécherlech net vill Gedanke gemaach a schlicht an den Archive gewullt an déi ze erwaardend Plattitüden zesummegedruddelt. Et ass jo um Enn och just en Job, en Optrag an et kann ee jo esou een historesche Moment net verpassen. Esou wäit esou gutt, Pabeier wëll verkaf ginn an Abseits stoen dierf ee jo net, oder?

Dat ass dann awer nëmme bis dohinner richteg wéi et eng Flicht ass, e Bild vun engem Mann duerzestellen, dee villes richteg gemaach an mat sengen Dote Geschicht geschriwwen huet. Mee hannert dem Helmut Kohl, deen am Alter vu 87 Joer gestuerwen ass, steet och deen anerenHelmut Kohl“. Dee wou och ëmmer mäi Géigner war an deem seng Usiichten ech ni gedeelt hunn an a fréier, zu senger aktiver Zäit als Kanzler, seelen ee gutt Hoer gelooss hunn.

Natierlech hunn och ech d’Wiedervereinegung begréisst, och dat hien alles dru gesat huet fir nees mat sengem Noper Frankräich wirtschaftlech, politesch a frëndschaftlech Bezéiungen op Aenhéicht ze erreechen halen ech him gutt. Wat elo Europa an och säin Afloss, deen hien op déi lëtzebuergesch Politik hat, betrëfft, do dinn ech mech dann awer schwéier nach vun engem grousse Mann ze schwätzen.

An zimlech alle Publikatiounen, op der Tëlee an am Radio gëtt hien als Gestalter vun Europa duergestallt. Dat ass net verkéiert, mee bedeit dat dann net och, datt et déi EU ass déi esou vu ville Bierger net gewollt ass? Wéi wäit geet säin Afloss haut nach, wann den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hien als Mentor a Frënd bezeechent? Ass et dat Demokratieverständëss vun deem mer haut wëssen, datt et net de Bierger mee de Konzerner déngt?

Do gëtt engem da schnell kloer wéi komplex ee Beruff ass, deen déi der eegener Iwwerzeegung oft seng Grenzen opweist. Ee Noruff ass jo net nëmmen eng Informatioun, déi dem Lieser eng objektiv Siicht op ee Fait gëtt. Ee Noruff bezitt sech op Fakten, a wëll et sech net gehéiert, sech schlecht iwwert ee Verstuerwenen ze äusseren, begrenzt ee sech op déi gutt Momenter. Näischt aneres maachen déi sëllech Staatsmänner, déi et iwwerdeems och emol hirer Equippe iwwerloossen de richtegen Toun virzeginn.

An dofir nee. Ee ganz kloert NEE. Fir mech war den Helmut Kohl just grouss, gemooss u senger Kierpergréisst. Fir de Recht dierf ech mir selwer géinteniwwer éierlech sinn. Dem däitsche Vollek hat hie mat der Wiedervereinegung bléiend Landschafte versprach, erauskomm ass eng Zwouklassegesellschaft. Europa ass sécherlech friddlech bliwwen, mee wirtschaftlech a politesch besser leider net.

Däitschland huet net zu gudder läscht eng Muechtpositioun wéinst dem Kohl senger konservatistescher Politik. Eng Politik déi am Moment de Griichen d’Waasser ofdréint, mam Exportiwwerschoss ville Memberlänner de wirtschaftlechen Opschwong onméiglech mécht a ganz oft vill Reformen – déi batter néideg wieren – verhënnert. Fir mech gesäit Gestaltung anescht aus. Europa sollt ee Projet fir d’Bierger sinn, se gläichstellen an demokratesch Prinzipie respektéieren.

Sorry Här Kohl: dee grousse Mann, dee see all bei ärem Doud wëlle gesinn, deen ass et fir mech net ginn. Wann Däitschland an Europa är Ziler verfollegen, wëll se dat Ierwe wëllen oprecht halen, dann hu mer ganz aner Opfaassung vun Europa. Eng europäesch Natioun, wéi se och vun iech geduecht ginn ass, kann et nëmme gi wa mer alleguerten op engem Niveau stinn, mat de selwechte Rechter, Paien, Zougang zu medezinescher Versuergung a villes méi. Do si mer nach wäit dervun ewech.

 

Related topics Däitschland, Europa, Helmut Kohl
Next post Previous post