Search

You may also like

Wafferou fir Libyen (mat Analys)
Neiegkeeten

Wafferou fir Libyen (mat Analys)

No Zéie Verhandlungen, hunn sech zu Genève d‘Vertrieder vun de

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel
Neiegkeeten

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Irak, huet

money
G7-Finanzminister fir eng global Digitalsteier
Neiegkeeten

G7-Finanzminister fir eng global Digitalsteier

Beim Londoner Sommet vun de Finanzminister vun de féierenden Industrienatiounen

Op Vältesdag gitt dir vu Lëtzshop gratis beliwwert

National e-Commerce Plattform schenkt d‘Liwwerung fir all Commande tëscht dem 1. a 14. Februar

Op Vältesdag gitt dir vu Lëtzshop gratis beliwwert

Dem Lëtzebuerger Eenzelhandel ënnert d‘Äerm gräifen, dat ass déi eigentlech Missioun vun der online Plattform LëtzShop. Der „digitaler Konkurrenz“ eppes entgéintstellen, sënn an Zweck vun dëser vum Wirtschaftsministère ënnerstëtzter Initiativ.

Fir et dem Konsument elo nach eng Grëtz méi lackeleg ze maachen, dës online Plattform dann och ze benotzen, kënnt et elo zu enger Interessanter Aktioun. Esou sollen d‘Bestellungen déi tëscht dem 1. a 14 Februar (Vältesdag) gemaach ginn, dem Client gratis Zougestallt ginn. Eng Offer déi fir de ganzen nationalen Territoire gülteg ass.

Lëtzshop, viru véier Méint an d‘Liewe geruff, stécht nach a senge Kannerschong, a brauch méi Visibilitéit. Och dofir ass dës „Vältesdag-Aktioun“ beschtens gëeegent. Den Ament hunn sech eng 180 Händler dëser Plattform ugeschloss. Alles an allem ginn eng 300.000 ënnerschiddlech Produiten op Lëtzshop ugebueden.

Zu de Partner vun der online Plattform zielen: de Wirtschaftsministère, d‘Handelskummer, de Lëtzebuerger Geschäftsverband (CLC), d‘Stad Lëtzebuerg esou wéi weider 15 Gemengen. D‘Gestioun vu Lëtzshop gëtt vun der Wirtschaftsinteressegrupp (GIE) „Luxembourg for Shopping“ iwwerholl, a ka vu all Geschäft matgenotzt ginn.

Related topics e-commerce, Letzshop, Luxembourg for Shopping, Online-Handel, Vältesdag, Wirtschaftsministère
Next post Previous post