Search

You may also like

D‘Europäesch Mobilitéitswoch steet virun der Dier
Business Money Neiegkeeten

D‘Europäesch Mobilitéitswoch steet virun der Dier

Vum 16. bis den 22. September 2021 fënnt déi europäesch

Top 10 vun de beschte koreanesche Filmer zënter 2000
Business Money Neiegkeeten

Top 10 vun de beschte koreanesche Filmer zënter 2000

Zënter dem Film „Parasite“ huet den asiatesche Kino d’Gléck, ee

Jury befënnt: wäisse Polizist zu Chicago ass e Mäerder
Business Money Neiegkeeten

Jury befënnt: wäisse Polizist zu Chicago ass e Mäerder

E wäisse Polizist vu Chicago ass e Freideg fir de

money

Vu Liquidatiounen a Faillitten

Vu Liquidatiounen a Faillitten

Datt d‘Covid19-Pandemie en zolitten Impakt op d‘Wirtschaft géif hunn, dat war de politeschen Acteure spéitstens beim Vott vum Etat de Kris bewosst. D‘Regierung huet gemaach wat méiglech war. An och wann et hei duerchaus berechtegt Kritik gëtt, am grousse Ganzen ass et sech jo awer opgaangen. Ëmmerhin hunn de Finanz- an de Wirtschaftsminister, en Dënschdeg geglënnert.

Elo huet d‘Politik bekanntlech hir Gesetzer an d‘Wirtschaft nees anerer, firwat een och wann eppes gutt ausgesäit, scho muss op den Detail uecht ginn. Ee Sandkär an enger filigraner Maschinerie ka séier maximale Schued bedeiten. Fir d‘verdeele vun dëse Sandkären ass de STATEC zoustänneg, an dat nach net emol mat béiser Absicht. Hei gëtt just de Constat vun enger bestoender Situatioun an Zuel gefaasst. An dës Zuele verheeschen näischt Gutts.

Esou hu laut der Statec, am Mäerz 2021, d‘Geriichter zu Lëtzebuerg net manner wéi 116 Faillitten an nach emol 183 Liquidatioune prononcéiert. Am Mäerz 2020 waren et 65 Faillitten, an am Mäerz 2019 ëmmerhin därer 139. Et ass dann och éischter d‘Progressioun vun de Liquidatiounen, déi de Leit beim Statec eppes Suerge mécht. An wien sech d‘Grafik eppes méi genee ukuckt, dierft ganz séier verstoen, datt dat ee richtegen Impakt wäert hunn.

Statec

Beim Statec kann ee beim beschte Wëlle keng gutt Prognos fir déi kommend Méint opstellen. Hei geet en däitlech vun enger Progressioun esouwuel bei de Faillitte wéi och de Liquidatiounen aus. Et alles esouwäit nach relativ iwwersiichtlech, a wann een de Ministeren en Dënschdeg nogelauschtert huet, gëtt et jo nach eppes Sputt bei den Hëllefen an anere Mesure, fir déi ugeschloe Betriber, mee virun allem d‘Aarbechtsplazen ze erhalen.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics Ekonomie, Faillitten, Liquidatiounen, Prognosen, Statec, Wirtschaft
Next post Previous post