Search

You may also like

surprise
D‘CSV kritiséiert net systematesch de Wuesstem
Fail Meenung

D‘CSV kritiséiert net systematesch de Wuesstem

Um Mëttwoch huet den CSV-Spëtzekandidat fir d‘Chamberwahlen, Claude Wiseler sech

Wann Insulaner Suergen hunn
Fail Meenung

Wann Insulaner Suergen hunn

Ëmmer méi Supermarché-Bedreiwer a Groussbritannien si wéinst der ëmmer gréisserer

Foire Agricole 2021: Si wiere scho bal esouwäit
Fail Meenung

Foire Agricole 2021: Si wiere scho bal esouwäit

D‘Stad Ettelbréck zesumme mat den Organisateuren ass frou ukënnegen ze

dislike

Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet

Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet

Wie si mir a virun allem wie sinn déi wou ze bestëmmen hätten op e Vollek, eng Ethnie oder schlicht eng Gesellschaft onofhängeg dierf sinn? An hei gëtt et aktuell dann och verhältnesméisseg krass Beispiller, déi jidderengem dee vu sech behaapt d‘Meenungsfräiheet an d‘Demokratie ze verdeedegen, mussen ze Denke ginn.

Ganz no un eis drun, d‘Katalane. Déi wëllen um Sonndeg hire Referendum zur Onofhängegkeet ofhalen. Eppes wat dem franquisteschen an radikalkonservative Mariano Rajoy esou rosen ze maache schéngt, datt hie mat alle Mëttel de Referendum wëll verhënneren. Volleksvertrieder ginn agespaart, e massiivt Opgebuet u Polizisten de Separatiste géinteniwwer gestallt.

Eppes méi wäit ewech, de Kurdistan. Hei war de Referendum schonn an deen ass erwaart zugonschte vun der Onofhängegkeet ausgaangen. Och hei stellt sech d‘Zentralregierung vum Irak queesch, veruerteelt de Referendum a setzt Mesuren a Kraaft déi de Wëlle vun der Selbstbestëmmung soll briechen.

An do stellen sech fir mech eng Rei Froen: Wéi a wien definéiert „Demokratie“? Wie ka sech gläichzäiteg fir Meenungsfräiheet asetzen an awer géint d‘Selbstbestëmmung sinn? Wie bestëmmt iwwer de Stellewäert vun enger Gesellschaftlecher Form an domatter iwwert d‘Recht vun dëser Gesellschaft sech eegestänneg ze entwéckelen?

Fir dat et kloer ass: Ech sti voll a ganz hannert de Katalanen an hannert de Kurde souwisou. Ech stinn iwwregens och dann nach hannert de Katalanen an hirem Wonsch op Onofhängegkeet wat dat zu engem zäitweilege Chaos innerhalb vun der EU féiere sollt. Ech stinn dann awer och hannert de Kurde, deenen d‘Land nom Ënnergang vum osmanesche Räich ofgeschwat ginn ass.

De Geck gëtt dann och gäre mat mer gemaach, an deem mer dann an de Mond geluecht gëtt, ech wier och fir eng „Fräi Republik Minett“. Gutt de Witz ass net nei a eigentlech hätt ech mat enger fräier Republik Minett dann och kee Problem, als „Schlaackendätschert“ als mir souwisou alles hanner Leideleng net ganz geheier.

Elo stellt sech dës Fro awer net, woubäi d‘Fro op mer eis net gutt drun déiten de Wonsch no Onofhängegkeet, esouwuel vun de Katalane, wéi eben och de Kurden, wuel stellt. Wann et drëms geet solidaresch ze sinn, si mir Lëtzebuerger schonn e komescht Vollek. Géint Monsanto (an dat ass jo och gutt) kréie mä d‘Leit op d‘Strooss, och fir e bessere Loun beim Spidolspersonal.

Fir Fräiheet a Selbstbestëmmung, virun allem wann et wäit genuch ewech ass, steet da kee mat engem Plakat op der Strooss, virun enger Botschaft. Si mir eis eventuell net bewosst datt och de Kurdistan guer net emol esouwäit ewech ass? A wësse mir vläicht net datt et och bis Barcelona zimlech wäit ka sinn wann ee muss ze Fouss goen?

Related topics Katalounien, Kurdistan, Meenungsfräiheet, Onofhängegkeet, Selbstbestëmmung
Next post Previous post