Search

You may also like

Altersaarmut an Däitschland
International Neiegkeeten

Altersaarmut an Däitschland

Exportweltmeeschter a Motor vun der Europäescher Unioun awer net Amstand

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha
International Neiegkeeten

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha

Wien elo denkt, datt déi vun der Moien-Redaktioun se net

US-President gëtt vu senger Hausbank verroden

Gett dem Trump seng Steiererklärung duerch d‘Hannerdier verëffentlecht?

US-President gëtt vu senger Hausbank verroden

Et kann ee sech awer och op näischt a kee verloossen. Dat dierft den éischte Gedanke gewiescht sinn deen dem Donald Trump hat, nodeem de Bundesriichter Edgardo Ramos zougelooss huet, datt d‘Deutsche Bank dem President seng Finanzënnerlagen un den US-Kongress weiderleeden dierf.

D‘Argumentatioun vum Riichter: De Kongress verfollegt mat senger Fuerderung e legitimmen a juristesch begrënnten Zweck. Zwee Ausschëss vum Representantenhaus – déi vun den Demokrate geleet ginn – haten dës Dokumenter ugefrot, an de Milliardär huet sech mat Hänn a Féiss géint d‘Iwwergab vun eben dësen Ënnerlagen zu Wier gesat. Den Trump hat och am Numm vu senger Kanner an e puer vu sengen Entreprisen, géint d‘Erausgi vun den ugefuerderte Pabeier geklot.

Interessant an dësem Steierkrimi: nach viru kuerzem hat déi éierbar New York Times a senge Säiten doriwwer informéiert, datt d‘Finanzopsiicht vum däitsche Finanzinstitut zu verdächtege Geschäfter – aus de Joren 2016/17 – vum Donald Trump a sengem Eedem, Jared Kushner, sollt informéiert gi wat awer, esou d‘Aussoe vu fréiere Mataarbechter vun der Deutsche Bank, op gehéierlechen Drock vum Management verhënnert gi wier. D‘Bank huet dës Virwërf mat aller Schäerft zréckgewisen.

Elo behaapten sech déi fréier Mataarbechter awer drop, datt bei den „Iwwerweisungen“ vu gréissere Geldbeträg tëscht de Konte vum Milliardär an/oder senge Firmaen an Organisatiounen am Ausland, d‘Systemer intern den „Alarm“ ausgeléist hunn, wat dann och zur enger Meldung un déi zoustänneg Autoritéit verflicht. Hei geet et och em déi mëttlerweil opgeléisten Trump-Stëftung. Eng Spriecherin vun der Trump-Organisatioun huet dat ganzt als „ausgemaachte Blödsinn“ bezeechent.

Den transparenten Trump?

Stramm debattéiert gëtt an dësem Kontext d‘Fro: „Firwat huet déi Deutsche Bank dem Donald Trump nach viru senger Presidentschaft héich Kreditter zougestanen, wou aner Instituter längst D‘Handbrems ugezunn haten?“ Laut dem Tammy McFadden, eng fréier Geldwäschspezialistin vun der Deutsche Bank: „Du lees hinnen alles vir an gees dozou en Avis of. (….) Mee si hunn aner Interessen“. Opgrond dem „Beholl“ huet sech d‘Tammy McFadden un d‘Börsenopsiicht gewannt.

Net nëmmen d‘Bundesgeriicht huet dem Trump eng op den Hutt ginn, och de Senat an d‘Parlament vum Bundesstaat New York, déi vun den Demokrate gefouert ginn, hunn e Gesetz beschloss, mat deem bestëmmte Steiererklärungen déi zu New York agereecht gi sinn, op einfach Ufuerderung, un Bundesausschëss weiderzeleede sinn. E Gesetz dat eenzeg an eleng fir de Milliardär gemaach gouf, deen als éischte President zanter dem Richard Nixon, den Domm op senger Steiererklärung hält.

Hausbank

Eigentlech geet et den Demokraten drëms dat de Locataire aus dem Wäissen Haus seng ganz Steiererklärung oppe leet, wat de Klatzkapp bis ewell verhënnere konnt. Hei geet et elo wuel nëmmen ëm déi Erklärungen déi den Trump am Bundesstaat New York agereecht huet an folgerichteg net ëm d‘Date vum Bundessteieramt. D‘Experten an den Ausschëss sinn allerdéngs iwwerzeegt, datt och déi „regional“ Steiererklärunge vill Informatioune verbierge kënnen.

mat indymedia/nyc

Foto: Net erfreet an nach ëmmer kämpferesch opgestallt. Den Donald Trump huet net wëlles sech vun den Demokrate virféieren ze loossen. © Cynthia Rowles/im/pa

Related topics Bundestaat New York, Demokraten, Deutsche Bank, Donald Trump, Steiererklärung
Next post Previous post