Search

You may also like

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal
International Neiegkeeten

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal

Duerch de Bevëlkerungswuesstem muss an den nächste Joren och de

Filmtipp: „Planet of the Humans“ vum Jeff Gibbs
International Neiegkeeten

Filmtipp: „Planet of the Humans“ vum Jeff Gibbs

Well d‘Covid19-Pandemie net déi eenzeg Kris ass, déi eise Planéit

34 Joer jonk Sozialistin iwwerhëlt Finnland
International Neiegkeeten

34 Joer jonk Sozialistin iwwerhëlt Finnland

Nom Récktrëtt vum Premierminister Antti Rinne soll déi aktuell Verkéiersministerin

Vulkan Sinabung op Sumatra erwächt

Vulkan Sinabung op Sumatra erwächt

Zanter engem Joerzéngt gëtt de Vulkan op der indonesescher Insel keng Rou… elo iwwert de Weekend huet hien sech eppes méi lautstaark der Welt an Erënnerung geruff

Et hat ee Samschdeg ugefaangen ze rumoueren, an d‘Autoritéiten hu virsiichtshallwer de Mënsche geroden, sech an engem Radius vu mindestens 3.000 Meter géintiwwer dem Sommet vum Sinabung ewechzehale firwat dann och déi drëtt héchst Alarmstuf ausgeruff ginn ass. Um Sonndeg huet et dann och emol nees zolidd geknuppt, an de Sinabung huet eng Äschesail bis 5 Kilometer an d‘Luucht geblosen.

Duerch dësen Ausbroch goufen d‘Stroossen, d‘Felder an d‘Haiser mat enger décker Schicht Äsche bedeckt. De Vulkan Sinabung ass kee onbekannten, seng schlecht Manéiere sinn de Fuerscher an den Autoritéiten dann och bekannt. Ee grousse Virdeel d‘Awunner vun der Insel, déi eigentlech gutt iwwert de „Bierg“ Bescheed wëssen. Et kënnt dann och kaum zu Verletzten oder esouguer Affer.

50 Kilometer südwestlech vun der Provënzhaaptstad Medan geleeën, erhieft sech de Sinabung eng 2.460 Meter iwwert de Mieresspigel. Säit 2010 kënnt et ëmmer nees zu Ausbréch, déi meescht sinn éischter „iwwersiichtlech“. Bei de méi konsequenten Ausbréch vun 2014 an 2016, konnten sech d‘Leit net esou séier a Sécherheet brénge wéi erhofft. Zanter zéng Joer si ronn 20 Affer ze bekloen.

mat indymedia/jak

Foto: © MAGMA Indonesia

Related topics Indonesien, MAGMA Indonesia, Sumatra, Vulkan Sinabung
Next post Previous post