Search

You may also like

Eng Trump-Strategie fir en Amtsenthiewungsverfaren
International Neiegkeeten

Eng Trump-Strategie fir en Amtsenthiewungsverfaren

Nodeems direkt eng ganz Rëtsch vun Affekoten sech aus dem

Vill kriminell Aktivitéit trotz Pandemie
International Neiegkeeten

Vill kriminell Aktivitéit trotz Pandemie

Datt sech Brigange vu Krisen net vun hire kriminellen Aktivitéiten

Entspaant a gutt gelaunt: de Kongress vun déi lénk
International Neiegkeeten

Entspaant a gutt gelaunt: de Kongress vun déi lénk

D‘Covid19-Pandemie, d‘Klimakris, d‘Logementskris an och de parlamentareschen Deputéierten-Austausch waren natierlech

Vulkanausbroch op Java

Vulkanausbroch op Java

Op der indonesescher Insel Java ass de Merapi ausgebrach – De ganze Spektakel huet grad emol 7 Minutte gedauert an huet eng Dampwollek bis sechs Kilometer an d‘Héicht geblosen

De Vulkan Merapi ass mat sengen 3.000 Meter kee Liichtgewiicht an zudeem och nach ee vun den Aktiivsten op der Welt. Haut de Moien (CET) ass hien nees emol „aus der Haut gefuer“ an seng impressionnant Dampsail huet sech bis zu 6.000 Meter an den Himmel erstreckt. Laut der nationaler Geologie- a Katastropheschutzadministratioun huet den Ausbroch nëmme siwe Minutte gedauert.

Fir de Vulkan hat dohinner d‘Alarmstuf „3“ gegollt an déi ass och nom Ausbroch net erhéicht ginn. D‘Awunner baussent der 3 Kilometer-Zon vum Sommet sollen d‘Rou behalen. Et géif kee Grond sech Suergen ze maachen, esou d‘Autoritéiten. An déi huet eppes Erfarung: Indonesien huet déi meeschten Aktiv Vulkanen, wat senger Lag um pazifesche Feierrank zouzeschreiwen ass.

Bal 130 Vulkaner beherrschen d‘Inselwelt, déi och nach um Kräizwee vun enger Rei tektonesche Placke läit. Dat erkläert firwat et heefeg zu Äerdbiewen a Vulkanausbréch kënnt. Nieft dem Krakatoa – deen 1883 iwwer 36.000 Affer gefuerdert hat – gëllen de Merapi op Java an den Agung op Bali als déi geféierlechst. 2010 ware beim Ausbroch vum Merapi 300 Mënsche gestuerwen.

mat indymedia/jkt

Foto: © Aditya Supriyadi

Related topics Ausbroch, Indonesien, Java, Merapi, Vulkan
Next post Previous post