Search

You may also like

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!
International Neiegkeeten

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo

Maria Kolesnikowa vum Grenzschutz verhaft
International Neiegkeeten

Maria Kolesnikowa vum Grenzschutz verhaft

Zanter dem Méindeg 7. September gouf déi 38 järeg Oppositiounspolitikerin

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen
International Neiegkeeten

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen

Datt sech den Donald Trump drop konzentréiert zeréckgewielt ze ginn,

Polen: Vullegripp a Schwéngspescht

Wéinst dem Virus H5N8 hu scho misse 40.000 Schnuddelhénger a Hénger misse geschluecht ginn

Polen: Vullegripp a Schwéngspescht

Nodeems an Ugangs der Woch an dräi Betriber déi Schnuddelhénger mäschten de Virus festgestallt gi war, hunn d‘Autoritéiten och an enger Entreprise am Oste vu Polen mat 13.000 Pärelhénger den H5N8-Erreeger nogewisen.

Bis ewell hu missen eng 40.000 Déiere dout gemaach ginn. An engem weidere Betrib am Weste vum Land, wäerten nach emol 65.000 Hénger dat selwecht Schicksal erleiden. Och hei ass d‘Vullegripp festgestallt ginn. D‘Autoritéite sinn alarméiert an et sollen elo nach weider Kontrollen duerchgefouert ginn. Laut enger éischter Analys géif et sech net ëm ee groussen Ausbroch handelen.

Dat erwächt Erënnerungen un d‘Joren 2016/17 wou Europa sech huet missen der gréisster Epidemie vu Vullegripp erwieren. Sengerzäit war de Virus bei iwwer 100 wëlle Vullenaarten nogewise ginn. Dat hat Folge fir d‘Zuucht- a Mäschtbetrieber: eleng bei eise franséischen Noperen hunn deemools 800.000 Inte misse vernicht ginn. Laut der Wëssenschaft war de Virus aus Asien ugeschleeft ginn.

1983 gouf de Virus „Influenza A-Virus H5N8“ eng éischte Kéier an Irland festgestallt. Sengerzäit hu missen 8.000 Hénger an 28.000 Schippelcher vernicht ginn. E Schicksal deem och 270.000 Inten net entfléie konnten. Dat ware 97% vum kommerziell genotzten Intebestand vun der grénger Insel.

E Misär kënnt seelen eleng

Déi „afrikanesch“ Schwéngspescht breet sech a Polen weider aus. Am Grenzgebitt mat Däitschland si rezent aacht doudeg Wëllschwäin opfonnt ginn, bei deenen de Virus nogewise ginn ass. Eis däitsch Noperen si besuergt an et ginn iwwerall mobil Barrièren opgestallt. Zudeem ass et elo de Jeeër erlaabt, verstäerkt op d‘Wëllschwäi lasszegoen. Den Asaz vun Nuets-Siichtgeräter ass erlaabt.

Ursprénglech – de Numm seet et jo och – ass dës Virusinfektioun um schwaarze Kontinent doheem an hir Symptomer wéi och de Krankheetsverlaf sinn där vun der „europäescher“ Schwéngspescht änlech, woubäi d‘Erreeger net matenaner verwannt sinn. Fir de Mënsch an anert Gedéiesch ass de Virus allerdéngs net geféierlech. Eng Impfung vun de Wëllschwäin ass net méiglech.

Zu Lëtzebuerg ass bis ewell nach kee Fall vu Schwéngspescht ze notéiere gewiescht. Trotzdeem goufen, nodeems et Fäll an Belsch ginn huet, Virsiichtsmoossnamen ergraff. Bis zum 10. Oktober 2019 waren 298 Wëllschwäin ënnersicht ginn, ouni dat et ee „positive“ Fall ginn hätt. Et heescht awer och weiderhin uecht ze doen, nodeems den 21. Oktober zu Arel en neie Fall notéiert gouf.

mat indymedia/waw

Foto: Nieft de Schnuddelhénger si aktuell besonnesch d‘Pärelhénger betraff. D‘Autoritéiten hu weider Kontrollen ugekënnegt. (Charles Davis / Pixabay)

Related topics Afrikanesch Schwéngspescht, Polen, Vullegripp
Next post Previous post