Search

You may also like

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns
Meenung

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns

De Summer mécht eng kleng Paus, wéi et ausgesäit. Ween

Attentat zu New York fuerdert aacht Mënscheliewen
Meenung

Attentat zu New York fuerdert aacht Mënscheliewen

De Chauffer vun enger Camionnette huet um Dënschdeg Cyclisten a

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft
Meenung

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft

Här Minister Schneider, D’Plattform Meng Landwirtschaft begréisst dat am Koalitiounsofkommes gesaten Zil

Wéini ass een eng vulnerabel Persoun?

Wéini ass een eng vulnerabel Persoun?

Moien, Jang.

Moien, Marie-Gabrielle.

Et freet mech, dech erëm ze gesinn.

Ech war mat mengem Jong ënnerwee, fir akafen ze goen! Do hunn ech zum Nikelas gesot, looss mech hei eraus.

Wou, gees de hin?

Ech gi bis bäi de Jang! Spéider kanns du mech nees siche komme fir heem.

Mir zwee si wéi vill anerer 1931 gebuer. Mir sinn ëm déi nonzeg Joer al! Et heescht, datt déi Al a vulnerabel Persounen als éischt géinge geimpft ginn?

Marie-Gabrielle, wéini ass ee vulnerabel?

Ma Jang, dat wollt ech mat der beschwätzen.

Marie-Gabrielle vulnerabel bass de, wann een der “t” muss virliesen!

Jang, ech hunn “W”. Wéinst den Doudesannoncen, hunn awer ëmmer fir d’LSAP gestëmmt.

Vulnerabel ass de Mënsch, wann hie muss aus sengem Bett opgehuewen a gewäsch muss ginn!

Jang, déi Al déi nach eleng wunnen, kachen a brachen, sinn dat keng vulnerabel Persounen?

Marie-Gabrielle, mech wonnert et, datt nach kee Politiker op d’Iddi koum, fir eis Doheem schaffen ze loossen – wäschen a strécken, Gebeess an Tomatenzooss kachen …

Jang, mol elo net den Däiwel un d’Mauer!

Neen, den Däiwel sëtzt do, wou d’Politik gemaach gëtt.

Marie-Gabrielle, d’Politik muss kucken, datt d’Wirtschaft net vulnerabel gëtt.

Fir d’éischt de Mënsch, an da Wirtschaft.

Dat gëtt et scho laang net méi.

Si beim “W” abonéiert – wéi gesot, wéinst den Doudesannoncen! Hunn awer ëmmer LSAP gestëmmt.

Dat hues de och gutt gemaach. D’LSAP ass an enger Koalitiounsregierung mat de Bloen an de Gréngen.

Der LSAP sinn d’Hänn gebonnen, wann et ëm sozial Politik geet.

An mat der CSV?

Marie-Gabrielle, siwwenzeg Joer CSV, hunn de Fortschrëtt net no vir bruecht.

Jang, de J.Cl. Junker, war awer esou ee léiwe Jong.

D’Maria Teresa, dem Groussherzog seng Fra … .

Do gesäit een, wat Männer mat enger Fra kënne maachen.

Marie-Gabrielle, dierf ech Dir eng Taass Kaffi  mat engem klenge Kichelchen ubidden.

Jang, du hues dech net geännert.

Finni, wëlls du eis eng Taass Kaffi mat mat engem Kichelchen aus dem klengen Uewen zerwéieren?

Do hues du awer eng gutt Hëllef.

Dat ass mäi Meedchen!

Jang, du hues dach nëmmen zwee Bouwen.

Marie-Gabrielle, d’Kanner stinn net all a mengem Familljebuch.

Ech hunn, ee Meedchen doheem, wat net an dengem Familljebuch steet.

Marie-Gabrielle, wou war dat da geschitt? 

Um Bëschfest vun der Schmelzer Musek op der Plaz vum Nick Bodry am Greisendall.

Ware mer dann de Moment vulnerabel?

Dann ass Vulnerabilitéit, eppes Schéint …

Ech si kuerz dono bestuet ginn! A meng Groussmamm sot: “Datt déi éischt Kanner ni esou laang gedroe ginn.”

Wat eng Chance, datt et Groussmamme gouf!

Ma, du sees et.

Marie-Gabrielle dobausse steet een Auto.

Jang, da muss ech.

So dengem Meedchen net, wien säi Papp ass.

Jang, hat weess dat! Owes seet hatt, ier hatt aschléift: “Ech liesen nach mengem Produzent seng Bloggen“.

Dat ass ee braavt Meedchen.

Hatt huet siwwenzeg Joer! An ass scho Witfra an huet dräi Kanner.

Huel schéi Gréiss mat Heem.

Maachen ech.

Saluti!

vum Jean Bodry

Illustratioun: © Eberhard Grossgasteiger / unsplash

Related topics Blogger, Covid19Impfung, Jean Bodry, Lëtzebuerg, Vulnerabel
Next post Previous post