Search

You may also like

De Glacismaart kënnt erëm
International Meenung Neiegkeeten

De Glacismaart kënnt erëm

De Maart ass op vun 10 bis 17 Auer. Ausser

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner
International Meenung Neiegkeeten

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner

Zu Puket an Thailand gouf d’Stad Lëtzebuerg mat sengen ale

Wantervullenzielung 2021: Kann d’Schielmees getoppt ginn?
International Meenung Neiegkeeten

Wantervullenzielung 2021: Kann d’Schielmees getoppt ginn?

Wéi all Joer dréit sech och dës Kéier um leschte

Editorial: Et gëtt sech vum Kremlkritiker distanzéiert

Editorial: Et gëtt sech vum Kremlkritiker distanzéiert

Amnesty International, eng Mënscherechtsorganisatioun mat Renommée, huet sech um Mëttwoch am Kontext vun der Affär ronderëm de russeschen Dissident Alexej Nawalny nei positionéiert. Mir goufen deels zolidd ugegraff, well mir de Kremlkritiker als homophoben an antisemiteschen Nationalist duergestallt hunn. Elo schéngt et wéi wann zu gudder Lescht, mir Recht behale géifen.

Interessant bleift trotz allem: wann AI den Alexej Nawalny elo net méi als „gewaltfräie politesche Gefaangene“ betruecht, esou bleift si eng Mënscherechtsorganisatioun, an huet ugekënnegt sech och weiderhi fir seng Fräiloossung anzesetzen. Et geet AI jo och emol ëm „Prinzipien“ an déi fréier vum Dissident geäussert Haassrieden, schéngen däitlech dergéint ze verstoussen. Mee alles fale loossen?

Et ass en interessante Spagat un deem sech Amnesty International hei versicht. Woubäi och de Jean Asselborn, Ausseminister a Lëtzebuerger Humanist, den Julian Assange als „Feind“ an den Alexej Nawalny als „Frënd“ betruecht, wat eigentlech bedenklech genuch ass. Wéi och ëmmer, elo huet AI endlech op dem Kremlkritiker seng monarchesch-faschistesch Vergaangenheet missen hiweisen.

Richteg ass och, dat et keng „noweisbar“ Aussoen aus de rezente Jore gëtt, déi Opschloss géife ginn datt den Alexej Nawalny, weiderhin oppen homophob an antisemitesch wier. Sécher dogéint ass, datt och hien – am direkte Verglach mat sengem zaristesche Virbild, dem Vladimir I. – alles ausser en Demokrat ass. Mee och hien hätt awer, esou Amnesty International, e Recht op ee faire Prozess.

Elo huet esou ee Positionnement vun AI natierlech Gewiicht, an dem Dissident seng Supporter a Fans sinn entspriechend veriergert. Dem Alexej Nawalny säin Team, ass reegelrecht opbruecht a beschëllegt d‘Mënscherechtsorganisatioun eng Kreml-Trei Campagne ze stäipen. Et muss een awer zuweilen och ëmmer emol kucke mat wiem een et ze dinn huet, iert ee sech fir d‘Persoun asetzt…

Illustratioun: © Amir Esrafili / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Amnesty International, AU, Dissident, Kremlkritiker, Russland
Next post Previous post