Search

You may also like

Kläranlag Uerschdref: Ee Beitrag zur Zerstéierung vun eiser Biodiversitéit (Lieserbréif)
International Neiegkeeten Stories

Kläranlag Uerschdref: Ee Beitrag zur Zerstéierung vun eiser Biodiversitéit (Lieserbréif)

Elo ass et esou wäit. E Freideg huet eng Firma

Brexit-Austrëttsofkommen hëlt déi éischt Hürd
International Neiegkeeten Stories

Brexit-Austrëttsofkommen hëlt déi éischt Hürd

Den Europäesche Rot huet haut dem Brexit-Austrëttsofkommen zougestëmmt an eng politesch Erklärung

Elo gëtt awer kee rekreative Cannabis
International Neiegkeeten Stories

Elo gëtt awer kee rekreative Cannabis

An der Regierungserklärung 2018, hat de Xavier Bettel (DP) nach

Star Wars: vun der Fiktioun an d‘Realitéit

De Weltraum gëtt entscheedend fir déi modern Krichsféierung, an d‘Wettrëschten huet nach guer net richteg ugefaangen

Star Wars: vun der Fiktioun an d‘Realitéit

Iwwert de Wolleke wier d‘Fräiheet onbegrenzt, esou de Reinhard Mey 1974, an tatsächlech war den Himmel an alles wat doriwwer erausgaangen ass ee friddlechen Uert. Dat soll sech änneren, et huet Interessen, déi eng Konfrontatioun reegelrecht Noutwenneg maachen.

Ganz nei ass de Wonsch vun den Amerikaner, d‘Herrschaft iwwert de Weltraum ze erlaangen net, an och d‘Opportunitéiten, déi sech ubidde fir aner Vëlker ze ënnerdrécken, schéngen sech aus dëser Distanz ze offenbaren. Schon 1983 hat den US-President Ronald Reagan den Dram vun engem Schutzschëld géint Laangstreckerakéite gelieft. Zanterhier huet et nei Uspréch, nei Ambitiounen…

2018 huet de charismateschsten US-President aller Zäiten, den honorabele Milliardär a Showmaster Donald Trump, seng Verwaltung ugehalen eng Weltraum-Sträitmuecht ze schafen. 2019 konnten d‘Generäl hirem ieweschten Här a Gebidder d‘US Space Force ënnert de Chrëschtbeemche leeën. Zanterhier gouf dat alles weiderentwéckelt, an och den neie Cowboy, schéngt gefalen drun ze hunn.

USSF

Datt den Emblème vun dëser Trupp staark dem „Raumschëff Enterprise“ Logo gläicht ass keen Zoufall, dëst Zeeche kennt net nëmmen all Amerikaner, mee warscheinlech all Mënsch den jee Zougank zur US-Kultur hat. Lëtzebuerg ass vun dësem Projet och immens begeeschtert an déi gréng, waren esouguer op Washington geflunn, wou ee Kooperatiounsaccord gezeechent gouf.

Am Januar, also nach virun der Rotatioun am Wäissen Haus, waren de François Bausch an den Henri Kox d‘Absichtserklärung fir den „Aarbechtsgrupp zur Zesummenaarbecht am Weltraum“ ënnerschreiwen, wuel och eppes an der Hoffnung, datt d‘SES Gegrimmels géif ofkréien an den Asaz als „NATO-Beitrag“ op den Apport a Verbindung mat den 2% vum BIP bewäert ginn.

Et wier ee klenge Clibbchen

De Chef vun den US Space Forces ass de Generol John Raymond, an dësen huet sech elo mat der Press iwwert seng Leit, d‘Ambitiounen a gewëssermoossen och d‘Absichte gepotert. De Generol betount, datt et sech bei den US Space Forces (USSF) ëm eng ganz butzeg awer flexibel Trupp handelt. Grad emol 6.400 Zaldoten an nach emol bal esouvill Zivilisten, bilden dës Eenheet.

USSFDe Generol John Raymond ass iwwerzeegt datt et deemnächst am Weltraum zougeet wéi am Wëlle Westen. Hien ass den éischte Sheriff, a verséchert datt op alles geschoss gëtt wat sech suspekt verhält. © Craig Denton / USSF

Hien huet erkläert, datt seng Missioun an déi vu sengen Zaldoten, eng vun de wichtegste fir d‘US-Wirtschaft an d‘Kontroll vun de globale Mäert wäert ginn. Amerika bréicht dës Waffegattung méi dréngend wéi jee, elo wou ëmmer méi Natiounen de Weltraum eruewere géifen, an hei och ganz däitlech Absichten hunn. De Weltraum awer géif den Amerikaner an hire Partner gehéieren.

Fir de John Raymond ass kloer: déi militäresch, wirtschaftlech a wëssenschaftlech Notzung vum Weltraum, kann nëmmen ënnert der Leedung an dem Kommando vun den USA geschéien. Et géif zu Konfrontatioune kommen, dat géif sech net verhënnere loossen. Firwat? Ma natierlech well d‘Chinesen an d‘Russen – a mëttlerweil nach Natiounen – déiselwecht Uspréch/Absichten hunn.

Eppes Krichspropaganda fir d‘Galerie

Ouni datt et néideg wier Beweiser virzeleeën – en amerikanesche Generol an d‘Geheimdéngschter géifen, de preventiven Ugrëffskrich géint den Irak ass beweis genuch, jo hir Partner an d‘Welt als Ganzes net beléien – stellt de John Raymond fest, datt d‘Chinesen an d‘Russen all Mëttel géifen asetzen, fir den USA den Zougank zum Weltraum muedebëtzeg ze maachen. Abee Merd alors!

D‘Amerikaner, déi zanter den 80er u Waffesystemer fir en Asaz am Weltraum schaffen, erklären, datt hir Feinde beabsichtegen, de fräien Natiounen den Zougank zum Weltraum ze verwieren. Si géife Militärsatellitten entwéckelen, sech op eng elektronesch Krichsféierung mat Cyber-Mëttel virbereeden. Deem misst ee virgräifen a wéi sengerzäit mat den Atomwaffen: „Ofschrecken“.

USSFDe Lieutenant-Colonel Anne McClain leet hiren Eed of a wiesselt vun der NASA eriwwer bei den US Army Space Command © Dottie White / NASA

Et ass allerdéngs gewosst, datt d‘Amerikaner selwer kloer Absichten hunn offensiv am Weltraum aktiv ze ginn. Dat erkläert sech dem John Raymond seng Europatournée. Hei geet et drëms d‘NATO-Partner ze iwwerzeegen, déi nach net wéi mir et gemaach hunn, sech dësem Projet sollen uschléissen. An d‘NATO huet jo als Befeelsempfänger vun den USA schonn d‘Jalone geluecht.

Zudeem huet d‘NATO, esou wéi dat vu Washington ugeuerdent gouf, de Weltraum kierzlech zum militäreschen Operatiounsgebitt deklaréiert. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg: „Wat haut zu Land, zu Waasser, an der Loft an och am Cyberaum gëllt, gëllt kënfteg och fir de Weltraum: de Bündnisfall“. Domadder ass da kloer, och d‘NATO well eng Weltraum-Krichsmuecht sinn…

mat indymedia/nyc

Foto: © Staff Sgt James Richardson Jr. / USSF

Related topics Generol John Raymond, Krichsfalken, Pentagon, US Space Force, USA, USSF, Weltraum
Next post Previous post