Editorial: Vun der Philharmonie bei d‘Chamber

Déi sechst Editioun vum „stëlle wäisse Marsch“ (MBS) gouf aus Grënn op den 1. verkafsoppene Sonndeg verluecht an huet dann och net am Däischtere stattfonnt. Et heescht säitens de Kolleegen, datt et manner Leit gewiescht wieren, wéi nach virun enger Woch. Et hat wéi gewinnt kaum een deen eng Mask unhat, an entspriechend de Wuertmeldungen am „Netz“ wier alles gutt verlaf.

Wann awer d‘Leit aus de Gesondheetsariichtunge mat Mask a Plakater an de sozialen Netzwierker zur Impfung an eppes méi Virsiicht opruffen, stellt sech d‘Fro vum Notzen. Sécher virun der Infektioun u sech ass een net geschützt, mee et gëllt als erwisen, datt de Risk mussen intubéiert ze ginn – also ee schwéiere Verlaf a Kaf ze huelen – enorm reduzéiert gëtt. A jo, d‘Wierkung hält net esoulaang un wéi een sech dat wënscht. Mee eng reegelméisseg Opfrëschung ass elo och net nei.

MarcheBlancheSilencieuse
Dat d‘Verbreedung vun esou Biller „och e Message“ wëll sinn, respektiv als Beweis duerhale sollen, datt d‘Marcheuren net déi hellste Käpp sinn, ass onnëtz Provokatioun an trëfft esou och net op all déi Leit zou, déi vun hirem demokratesche Recht Gebrauch maachen, hir Meenung zu den operluechte Mesure ze äusseren. D‘Regierung hätt zudeem längst d‘Pandemiegesetz kënnen op de Leescht huelen a Reforméieren… mee gutt, vläicht sinn si sech hirer Saach och net sécher…

Elo gëtt et dann och ëmmer méi Leit déi eng Impfflicht wëllen. D‘Éisträicher hunn se ab Februar 2022, d‘Germanen denken driwwer no an och bannent der EU-Kommissioun, huet et Unhänger vun enger Impfflicht. Elo läit dës Decisioun awer an der Souveränitéit vun de Memberlänner, wat nees mat sech bréngt, dat et 27 ënnerschiddlech Virgoensweise wäert hunn. Wat Lëtzebuerg betrëfft, esou kéint ee mëttels „Volleksentscheed“ zu enger Impfflicht kommen, mee Referende ginn hei gefaart.

Datt sech politesch zu däitleche Schrëtter misst duerchgeronge ginn, ass awer keng Optioun mee wuel och der Regierung hir Verantwortung. Wann et esou weider geet wéi bis ewell, riskéiere mir eis spéitstens no Chrëschtdag nees am Confinement erëm ze fannen. Argumenter an/oder ee gutt zourieden hëlleft jo net. An als „Chef“ muss een zuweilen och onpopulär Decisiounen huelen…

Dernières nouvelles