Search

You may also like

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn
Meenung Neiegkeeten

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

Um Sonndeg also ware Gemengewahlen. Wien um Sonndeg esou um

Gehéiergeschiedegt Persounen: Léiwer iwwert si, wéi mat hinnen schwätzen
Meenung Neiegkeeten

Gehéiergeschiedegt Persounen: Léiwer iwwert si, wéi mat hinnen schwätzen

Mat engem oppene Bréif riicht sech d’Gemeinschaft vun der Gebäerdesprooch

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere
Meenung Neiegkeeten

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de

Editorial: Och vun eise Kanner kënne mir léieren!

Editorial: Och vun eise Kanner kënne mir léieren!

Mir vergiessen et villäicht dacks duerch de stressegen Alldag, mee mir kënnen onheemlech vill vun eise Kanner léieren. E Bléck duerch hir Ae mécht Dieren zu neie Perspektiven op. Dobäi erënnere mir eis dacks un déi eege Kandheet. D’Kand an eis gëtt duerch d’Iddien, d’Freed, d’Virwëtz an onendlech Froe gutt geniert. An dat begeeschtert!

Et geet schonn duer eis Kanner am Alldag ze beobachten – an hire Kommentaren a Froen Opmierksamkeet ze schenken- amplaz de Bléck um Handy ze hunn. Erënnerunge kommen héich. Dat éischt Laachen, den éischten Zant, den éischte Schratt, dat éischt Wuert, den éischte Schouldag, et sinn sou vill éischt Kéieren. A wann een dorop zeréck bléckt, gëtt engem bewosst, datt mir vun eise Kanner léieren, neie Saachen ouni Angscht ze begéinen, mee mat Virwëtz a Freed. Wa mir erwuesse sinn, ass et mat der Liichtegkeet eriwwer. Leider.

Dann ass et eriwwer mat der selwechter Loscht d’Welt ze entdecke wéi onschëlleg Kanner, ouni Virurteeler. Angscht viru Verännerungen entsteet. Mir gi virsiichteg, d’Begeeschterung steet net méi am Virdergrond. Schued, oder?

Och d’Fäegkeet ze staunen a sech iwwerraschen ze loossen ass eng Eegenschaft, déi net verluer sollt goen. Beim Staune léieren d’Kanner ënnerschiddlech Aspekter vum Liewe kennen, déi eis selwer net méi iwwerraschen. An dobäi sinn et déi kleng Momenter, déi eis laachen doen an eist d’Liewe verséissen. An och dat kënne mir vun eise Kanner léieren – Iwwerraschungen am Liewen akzeptéieren. Dat ass eng Konscht.

Erwuessener staunen dacks iwwert Rekorder oder Fussballsresultater, iwwer Technik oder Noriichten, dobäi misste mir eis op aner Saache konzentréieren. Eng Sonneblumm, e schéine Päiperlek, eng Stäreschnäiz oder een Himmelsdéierchen. D’Welt ka voller Magie sinn, wa mir et zouloossen.

Kanner erfuerschen d’Ëmwelt a wëlle Spaass hunn. Si si voller Energie, ginn (bal) ni midd, wa gutt Ënnerhalung op si waart – mee mir Erwuessener konzentréieren eis op aner Saachen, sinn ënner Zäitdrock, hunn Verflichtungen a Verantwortung, ma dofir hunn mir de Kapp net fräi fir Spill a Spaass. An dobäi kënnen dës Momenter hëllefe Stress ofzebauen an nei Energie ze tanken.

Also, wat kënne mir vun eise Kanner léieren?

Et ass ganz einfach. Liewen. All Moment, esou wéi et soll sinn.

Illustratioun: © Yaopey Yong / unsplash

Related topics Carpe Diem, Kandheet, Kanner, Naivitéit, Virwëtz
Next post Previous post