Vun Hoffnungen an Iwwerzeegungen

Um Samschdeg war d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) de Gaascht vun der RTL-Emissioun Background an et goung natierlech ëm de Covid19, d‘Impfstrategie an de méigleche Moossnamen, déi sech nach zur Motivatioun zur Covid19-Impfung eegene kéinten.

Iwwerall an der Unioun sinn d‘Infektiounszuelen nees um klammen, dat awer mat engem klengen Ënnerscheet zu zejoert: haut sinn déi ongeimpfte Mënsche schold. Dat muss wuel esou sinn, well déi geimpfte Mënsche mussen sech jo och net all zweeten Dag engem Test ënnerzéien, firwat een keng realistesch oder zumindest Aussokräfteg Daten zu den Iwwerdréier Opweises kann hunn.

Dat gesot, ass et natierlech besser geimpft ze sinn, an alt nees stellt sech d‘Fro, firwat d‘Regierung net einfach de Wee vun der Impfflicht ageschloen huet. Elo dierft et fir esou eng Mesure ze spéit sinn, an et schéngt, wéi wann d‘Juristin un a fir sech mam Effekt vum „CovidCheck“ op der Schaff ganz zefridde Wier. Wien sech net wëll dirängele loossen oder säi Job verléiere wëll, impft sech elo.

Datt déi Leit dat widderwëlleg (also streng geholl ouni „Fräi Entscheedung“ am Sënn vun enger opgekläerter Decisioun) maachen, dat këmmert de sozialistesche Politneutron hei net. De Covid19 ass en déidleche Géigner, fir deen ze bekämpfe gëtt et aktuell nëmmen eng Impfung, firwat dann d‘Resultater déi agesate Mëttel rechtfäerdegen. An dozou steet déi zukünfteg Premierministesch.

Si huet onverblimmt festgestallt, datt all bis ewell initiéiert Moossnamen eenzeg zum Zweck haten „Drock op d‘Leit ze maachen“, wat bestëmmt besser ass wéi ee kloert Gesetz. Gutt mat de Gesetzer hunn et déi sëllege Juristen aus Regierung a Chamber net esou, déi bleiwe weiderhin – aus Besoin – onverständlech. Wann da gläichzäiteg behaapt gëtt, datt ëmmer méi Leit d‘Impfflicht wëllen…

Hues den Zäitpunkt verpasst, hues de de Misär

A well d‘Leit endlech ugefaangen hunn ze verstoen, dat wann d‘Politik engem eppes zur Wiel stellt, ee gefällegst déi vun der Regierung privilegéiert Wiel ze treffen huet, bleift eis – dann Ament emol – den 2G-System, esou wéi en an Éisträich agefouert ginn ass, nach erspuert. Nouvellen huet et och zur sougenannter „Boost-Impfung“, also fir déi eng, eng Zweet, fir déi aner eng drëtt Impfung.

Den héije Rot vun den Infektiounskrankheete wäert eis, also villméi der Regierung e Méindeg erklären, datt als éischt déi am Gesondheetssecteur beschäftegt eng weider Impfung brauchen, well d‘Wierkung vun der Impfung (déi jo eng Infektioun net verhënnert, just de Verlaf erdréiglech mécht) jo noléisst. Direkt am Uschloss, soll och de Recht vun der Bevëlkerung un d‘Rei kommen.

Selbstverständlech kann et och fir dës zweet, respektiv drëtt Dosis keng Obligatioun ginn an laut der Ministesch, sollt wien de Boost net wëll, awer säin Zertifikat behalen dierfen. Wéi laang dës Ausso oprechterhale gëtt kann awer elo net virausgesot ginn. Den Ament ass de Wësch 12 Méint valabel, wat bedeit datt schonn am Januar 2022 déi éischt Zertifikater (CovidCheck) auslafen.

Heizou huet d‘Paulette Lenert gemengt, datt wann se net kéinten op EU-Niveau verlängert ginn, ee misst préiwen, ob se sech „national“ verlängere Loossen. Januar, datt ass schonn an zwee Méint an de Bierger – besonnesch déi Betraffe – sollte schonn eppes méi Planungssécherheet hei säitens de héijer Politik erwaarden. Leider funktionéiert d‘Politik net esou, plange statt reagéiere, wat soll dat?

Wann déi wou Freides marschéieren, 2023 wielen

Eis mam Portefeuille vum Gesondheetsministère ausstafféiert Juristin, huet och eng Meenung zum „Protest“, dee sech jo Freides als „Marche Blanche“ agebiergert huet. Si notéiert, datt sech hei ganz ënnerschiddlech Mënschen treffen, och där scho geimpfter. Si huet Versteesdemech dofir, datt d‘Leit es iwwerdrësseg sinn, bedauert allerdéngs, datt sech hei op falsch Informatioune bezu gëtt.

Dat weist eis awer zum Deel, datt een ab dem Mandat „Minister“ déi eege Virgoensweis an déi dorausser resultéierend Auswierkungen, net méi selbstkritesch a Consideratioun hëlt. Richteg et huet gräisslech Ligen am Netz, dat ass weder nei nach ze verhënneren. Géint Schauermärercher hëlleft eenzeg eng gutt a verständlech Kommunikatioun, net awer d‘Diktat vun uewen.

Leit fir d‘éischt selwer fir domm halen (wéi alles lassgaangen ass a keng Masken disponibel waren, gouf jo vum Paulette Lenert selwer, den Notze a Fro gestallt) an da Gesetzer maachen déi se selwer net verstinn (och wann e gewëllt ass déi éischt mam Argument vun der Drénglechkeet, wéi en DEA vun engem Staatsminister ze behandelen) an dann erwaarden, datt dës weider alles matmaachen?

Eng wuel gewoten Thees, déi sech spéitstens am grousse Waljoer 2023 wäert rächen, och da wann de Mënsch ee Gediechtnes wéi ee Goldfësch huet. Datt si „elo“ der Usiicht ass, datt et wuel ubruecht wier de Leit hir Froen ze verstoen an eventuell d‘Kommunikatioun muss verbessert ginn, kënnt dann awer eppes spéit. Ob et nach méiglech ass en Dialog op Aenhéicht ze féieren?

Illustratioun: © Ashley Whitlatch / unsplash

Dernières nouvelles