Search

You may also like

PCR-Test: Zwee weider Testzentren ginn op
Neiegkeeten

PCR-Test: Zwee weider Testzentren ginn op

Fir op déi steigend Demande u Covid-19-Tester reagéieren ze kënnen,

Palestinenserpresident zitt de Stecker
Neiegkeeten

Palestinenserpresident zitt de Stecker

Nodeems den US-President Donald Trump leschte Mëttwoch dem Benjamin Netanyahu

Wéi gutt kenns du de Kanton Wolz?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du de Kanton Wolz?

[onionbuzz quiz-id=62][/onionbuzz] Nodeems mer eis lescht Woch de Kanton Klierf

Mat Zäiten iwwer d’Fëmme schwätzen – Gräift mäi Kand zur Zigarett?

Mat Zäiten iwwer d’Fëmme schwätzen – Gräift mäi Kand zur Zigarett?

Gëschter ass doheem eng Welt zesummegebrach: Eist Meedchen huet eis gebeicht, datt et fëmme géif. Normalerweis – am Alter vun 11 oder 12 Joer – soen eis d’Kanner, datt si ni eng Zigarett upake wäerten. Fir si ass den Damp onangenehm, si richen déi schiedlech Stoffer. Si wëssen, datt Fëmme geféierlech ass an probéieren d’Elteren dacks dervu lasszekréien.

An da kënnt d’Pubertéit an de Gruppenzwang an d’Spill. Leider Gottes fëmmen ech och a fille mech elo hondsmiserabel. Ass et also meng Schold? Oder just eng Verkettung vun Ëmstänn? Eng rebellesch Phas?

Zemools wann en Elterendeel fëmmt, gëtt de Kanner dacks erzielt, datt si dat net maachen däerfen. Heescht dat, datt déi verbuede Fruucht an deem Fall ëmsou méi lecker ass?

fëmmen© Azharul / Unsplash

Mä wat maachen?

D’Kanner/Jugendlecher muss een informéieren, si iwwer Niewewierkungen opklären. Och wann et schlëmm kléngt, si musse verstoen, datt de groen Damp geféierlech ass, mä bei den Erklärungen däerf Dir net ze wäit goen. Erschreckt se net!

Villäicht gëtt dës ofleenend Haltung scho bemol duerch nei Andréck ofgewiesselt. Ech hoffen.

Déi meescht Jugendlecher fëmmen, well se erwuesse wëlle wierken, ma d’Konsequenze sinn hinnen net bewosst. Ufanks gëtt just experimentéiert, de Wee zur Sucht ass leider net wäit …

Op jiddwer Fall muss mam Kand geschwat ginn, wat méi fréi opgehale gëtt, wat den “Entzuch” méi einfach ass. Et muss zesummen eng Léisung fonnt ginn, mat där jiddereen zefridden ass. D’Gespréicher weisen dem Kand wahrscheinlech de richtege Wee.

Traut Iech roueg en oppent Gespréich mat Ärem Kand ze féieren, Dir wäert iwwerrascht sinn, wéi vill Versteesdemech opbruecht gëtt!

Teenager wëllen net beléiert oder veruerteelt ginn, si brauchen eng staark Schëller. Et déngt näischt ze forcéieren. Si mussen selwer drop kommen – a fir de richtege Wee anzeschloen, musse mir villäicht e bëssen kreativ sinn. Si mussen sech mat de Fakten auserneesetzen.

fëmmen© Ali Yahya / Unsplash

Wat ass esou attraktiv fir Jugendlecher?

Si wëllen erwuessen sinn oder sech géint familiär oder gesellschaftlech Normen protestéieren, Unerkennung bei Frënd*innen kréien, sech vläicht besser konzentréiere kënnen, cool ausgesinn, der Langweil aus de Féiss goen, sech erwuesse fillen.

Ma, wourobber soll e bei Gespréicher oppassen?

  • Iwwerfaalt Äert Kand net, sicht eng roueg Plaz. Sidd roueg an och wann et schwéier ass, weist Versteesdemech.
  • Lauschtert him no a stellt déi richteg Froen. Ënnerstellt keng Motiver, mä probéiert erauszefannen, firwat et sou wäit komm ass. Dréckt Är eege Meenung aus! Sot him, datt dir Iech Suergen maacht. Sidd fir d’Kand do;
  • Huelt et an den Aarm a verséchert, dass sech näischt un Ärer Léift geännert huet;
  • Fannt Kompromësser;
  • Drot net mat onnëtze Strofen, dat bréngt näischt, probéiert zesummen engem Léisung ze fannen;
  • Bitt Är Ënnerstëtzung un;
  • Liwwert Informatiounen – an domat mengen ech keen Virtrag vun dräi Stonnen! Suergt fir Argumenter, déi dem Konsum den Appetit verdierwen (Mondgeroch, Geldmangel, schlecht Leeschtung am Sport, asw, …).

E Fëmmverbuet kann net duerchgesat ginn, well d’Kand déi gréissten Deel an der Schoul ass. Ausserdeem kann e Verbuet dozou bäidroen, datt Äert Kand aus Expressegkeet weiderfëmmt. Et ass besser, wann Äert Kand sech selwer Gedanken iwwer seng Handlunge mécht, et ass awer wichteg, datt Dir als Elteren eng kloer Haltung dozou hutt.

Mir iwwerleeën eis elo, wéi mir eist Kand beloune kënnen, wann hatt d’Fanger vun deem Gëft léist – e kloert Zil, e bestëmmten Zäitraum an eng konkret Belounung. Och kleng Beloununge kënnen zu der Motivatioun bäidroen. Mä mat engem eenzele Gespréich ass et leider net gemaach, Dir musst hannert dem Ball bleiwen. Ginn et Schwieregkeeten? Fält et einfach? Et ass wichteg fir d’Kand do ze sinn. ‘t wëll säin eegene Wee goen, muss awer verstoen, datt grad Zigaretten him am Wee stinn.

Vill Courage!

Opmaacherbild: © Tobias Tullius / Unsplash

Related topics Beléiftheet, Erwuesse sinn, Gespréich, Kanner, Langeweil, Longekriibs, Strof
Next post Previous post