Search

You may also like

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes
Kultur Neiegkeeten

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

Et dierft keen agreabelen Dag fir d‘EU-Deputéiert zu Stroossbuerg ginn.

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen
Kultur Neiegkeeten

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen

Laut dem Policebericht, ass e Freidegmoie géint hallwer néng, eng

Chantier Luxtram – d’Stad gëtt nei organiséiert!
Kultur Neiegkeeten

Chantier Luxtram – d’Stad gëtt nei organiséiert!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier vum

Naturpark Öewersauer: D’Waasserfest um 8. an 9. Mee 2021

Hautno an awer mat Ofstand

Naturpark Öewersauer: D’Waasserfest um 8. an 9. Mee 2021

Mat Workshops, Wanderungen a weidere lauter spannenden Aktivitéiten ronderëm d’Thema Waasser invitéiert den Naturpark Öewersauer op säi beléift an traditionellt Waasserfest. D’Evenement gouf esou ugepasst, datt fir Kleng a Grouss, sportlech an/oder kultur-interesséiert Persounen, Entdecker, Naturfrënn an all aner begeeschterte Mënsch dobaussen eppes Passendes dobäi ass.

Wat geschitt eigentlech mam Waasser, wann et an de Buedem sickert? Wéi kann een nohalteg mat dëser liewenswichteger Ressource ëmgoen? A wat sollt een onbedéngt zum Waasser am Stauséi wëssen? Datt dat killt Naass méi, wéi just Drénkwaasser ass, Diversitéit ze bidden huet an et an ënnerschiddlechsten Aart a Weisen genotzt ka ginn, beweist de Programm vum Waasserfest 2021.

Dobäi sinn Aktivitéiten an de Membergemenge vum Naturpark Öwersauer (Bauschelt, Esch-Sauer, Stauséigemeng, Wanseler a Wolz), sou wéi der Gemeng Géisdref, déi Kandidat ass fir dem Naturpark bäizetrieden.

Waasserfest 2021
© Caroline Martin

Dat eleite gëtt gebueden

Wanderung mat der Geschichtenerzielerin Melissa
Den 8. Mee vun 14:00 bis 16:30 Auer zu Lëlz
Sprooch: Lëtzebuergesch

Survival-Tour fir Kanner
Den 8. Mee vun 13:30 bis 16:30 Auer zu Wanseler
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Buedemprofilusprooch
Den 8. Mee vun 10:00 bis 12:00 Auer a vu 14:00 bis 16:00 Auer zu Géisdref
Sprooch: Däitsch

Guidéiert Visitt vun der Duchfabrik
Den 8. Mee vu 14:30 bis 16:00 Auer zu Esch-Sauer
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch

H2ONLY: Textil
Den 8. Mee vun 9:30 bis 16:30 Auer zu Esch-Sauer
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

H2ONLY: Waasser
Den 8. Mee vun 14:00 bis 15:00 Auer, a vun 16:00 bis 17:00 Auer zu Esch-Sauer
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Naturkundlechen Trëppeltour ronderëm Esch-Sauer
Den 8. Mee vu 14:30 bis 17:30 Auer zu Esch-Sauer
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Guidéiert Visitt zu Wooltz: Drénkwaasser an Epidemien am 19. Joerhonnert
Den 8. Mee vu 14:30 bis 16:30 Auer zu Wooltz
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Kanu-Tour um Stauséi
Den 8. Mee vun 9:30 bis 13:30 Auer zu Lëlz
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Waasserfest 2021
© Caroline Martin

Buedemprofilusprooch
Den 9. Mee vun 10:00 bis 12:00 Auer zu Géisdref
Sprooch: Däitsch

Guidéiert Visitt vun der Duchfabrik
Den 9. Mee vu 14:30 bis 16:00 Auer zu Esch-Sauer
Sprooch: Lëtzebuergesch, Franséisch

H2ONLY: Textil
Den 9. Mee vun 9:30 bis 16:30 Auer zu Esch-Sauer
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Naturkundlechen Trëppeltour ronderëm Esch-Sauer
Den 9. Mee vu 14:30 bis 17:30 Auer zu Esch-Sauer
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Guidéiert Visitt zu Wooltz: Drénkwaasser an Epidemien am 19. Joerhonnert
Den 8. Mee vu 14:30 bis 16:30 Auer zu Wooltz
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Trëppeltour ronderëm de Béiwener Aarm
Den 9. Mee vu 9:00 bis 14:00 Auer zu Béiwen
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Waasserfee – eng geféiert Wanderung fir Famillen
Den 9. Mee vun 10:00 bis 12:30 Auer a vu 14:00 bis 16:30 Auer zu Eschduerf
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Mountainbike-Tour
Den 9. Mee vun 15:00 bis 17:30 Auer zu Bauschelt
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch

Open Water Schwamm-Kuer mam Guy Bertemes
Den 9. Mee vun 11:00 bis 13:00 Auer zu Lëlz
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch

Waasserfest 2021
© Caroline Martin

Natierlech fënnt och an dësem Joer déi beléifte Floss-Course mat selwer gebastelte Schëffelcher statt. Dëst Evenement gëtt allerdéngs ouni Publikum duerchgefouert an d’Floosser mussen doheem gebastelt ginn. Bis den 11. Mee hutt Dir Zäit Äert Schëffelchen am Naturpark ofzeginn an esou flott Präisser ze gewannen. Well an dësem Joer doheem gebastelt gëtt, huet den Naturpark verschidde Virgaben opgestallt zur Gréisst an de Materialien, déi genotzt dierfe ginn.

Fir all Evenement besteet eng Obligatiouns sech unzemellen. D’Plaze si begrenzt a soumat sollt ee schnell u sinn. Weider Informatiounen zum Waasserfest, sou wéi den detailléierte Programm fannt Dir um Site vum Naturpark Öewersauer.

Opmaacherbild: Kollage aus Biller vum © Caroline Martin

Related topics Béiwener Aarm, Duchfabrik, Floss-Course, H2ONLY, Kanu-Tour, Naturpark Öewersauer, Open Water Schwamm Kuer, Programm, Waasserfest 2021, Wanderun
Next post Previous post