Search

You may also like

money
Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden
Neiegkeeten

Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden

D‘Welt verännert sech rapid an deels och ganz Brutal, op

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“
Neiegkeeten

Tierkei – EU: Den Emmanuel Macron proposéiert e „Partenariat“

Bei der Entrevue tëscht dem Emmanuel Macron an dem Recep

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!
Neiegkeeten

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!

No den Notes vum MENJE zur « Envergure de la

Ofkillung am Summer – Wéi steet et ëm d’Waasserqualitéit vun de Séien a Weieren?

Ofkillung am Summer – Wéi steet et ëm d’Waasserqualitéit vun de Séien a Weieren?

De Summer steet virun der Dier, an eis beléifte Schwammgewässer ruffen. Um 1. Mee fänkt d’Saison un an et kann een nees am Wäisswampecher Séi, zu Rëmerschen um Baggerweier oder um Stauséi no Ofkillung sichen. A fir datt dat ouni Bedenken méiglech ass, féiert d’Waasserverwaltung reegelméisseg Analysen zur Waasserqualitéit duerch.

Am Zäitraum vun 2018 bis 2020 goufen op alle Miesspunkten exzellent Resultater gemooss. Heirënner falen d’Zon 1 an 2 vum Wäisswampecher Séi, an d’Zonen 1 bis 4 vun de Weieren zu Rëmerschen. Um Stauséi gëtt op der Rommwiss, zu Léifreg, zu Néngsen, beim Fuussefeld, zu Ënsber an zu Lëlz gemooss.

Och an dësem Joer gi reegelméisseg Analysen duerchgefouert an esou d’Waasserqualitéit am A behalen. Dës Prozedur ass am groussherzogleche Reglement vum 8. Juli 2017 zu de Moossname vum spezielle Schutz an den Observéierungsprogrammen zum Zoustand vun de Schwammgewässer festgehalen.

Sollt een eng Opfällegkeet bemierken, eng Reklamatioun maache wëllen oder e Virschlag maache wëllen, kann een sech per Mail iwwer baignade@eau.etat.lu oder per Postwee iwwert folgend Adress mellen:

Madamm Ministesch Carole Dieschbourg
Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
4, Place de l’Europa
L-1499 Lëtzebuerg
B.P. L-2918

Opmaacherbild © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Analysen, Baggerweier, Ofkillung, Rëmerschen, Schwammen, Schwammgewässer, Stauséi, Summer, Waasserqualitéit, Waasserverwaltung, Wäisswampecher Séi
Next post Previous post