Search

You may also like

money
JPMorgan Chase: De Bitcoin ass eng Farce
Neiegkeeten

JPMorgan Chase: De Bitcoin ass eng Farce

De Generaldirekter vun der Bank „JPMorgan Chase“ Jamie Dimon huet

USA: Landeswäite Policeasaz géint illegal Awanderer
Neiegkeeten

USA: Landeswäite Policeasaz géint illegal Awanderer

Hien hat et annoncéiert an ugeuerdent: den US-President wëll net

Lëtzebuerg begréisst 12 Flüchtlingskanner aus Griicheland
Neiegkeeten

Lëtzebuerg begréisst 12 Flüchtlingskanner aus Griicheland

Lëtzebuerg weist sech solidaresch: Haut de Moien sinn 12 Flüchtlingskanner

Waasserverschmotzung vun der Uelzecht: Ee weidere Fall gouf confirméiert

Waasserverschmotzung vun der Uelzecht: Ee weidere Fall gouf confirméiert

Gëschter Nomëtteg ass d’Ekipp vun der Waasserverwaltung (AGE) op een Neits kontaktéiert ginn, datt doudeg Fësch an der Uelzecht fonnt gi sinn. Nodeems eréischt um vergaangene Samschdeg ee Fall vu Waasserverschmotzung zu Walfer gemellt ginn ass, huet sech tëscht Léiweng a Peppeng dat selwecht zougedroen.

Um Mëttwoch, den 18. September krut d’AGE géint 15:00 Auer een Appell vun der Gemeng Réiser, datt an der Uelzecht tëscht Léiweng a Peppeng zuelräich doudeg Fësch virfonnt gi sinn. Op der Plaz konnt den Agent vun der Waasserverwaltung déi traureg Dot confirméieren. Et huet ee misse feststellen, datt d’Waasser immens dréif ass.

Zesumme mat der Gemeng Beetebuerg an dem STEP konnt een erausfannen, datt d’Wuerzele vun der Waasserverschmotzung bei engem Chantier vun der Gemeng leien. Et hätt sech ëm een technesche Problem gehandelt, bei deem ongeféier 600 m³ onbehandelt Ofwaasser vum neie Basseng B01 an d’Uelzecht gelaf sinn. Dem Responsabele vun der Entreprise, déi mat den Aarbechte beschäftegt sinn, no, hätt sech de Virfall gëschter géint 18:19 Auer zougedroen.

Zu engem weideren Auslafen ass et duerno net méi komm.

Related topics AGE, Chantier, Léiweng, Peppeng, Uelzecht, Waasserverschmotzung
Next post Previous post