Search

You may also like

Wunnengsbauministère kritt bal 9 Millioune Subventiounen zréck
International Neiegkeeten

Wunnengsbauministère kritt bal 9 Millioune Subventiounen zréck

En Haus bauen ass hautdesdaags keng bëlleg Ugeleeënheet, an dofir

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen
International Neiegkeeten

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen

Déi sougenannten Istanbul-Konventioun, gouf 2011 an d‘Liewe geruff a vun

Wann sech de Covid19 an d‘Schoulrentrée amëscht
International Neiegkeeten

Wann sech de Covid19 an d‘Schoulrentrée amëscht

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) ass oft ëmstridden an d‘Covid19-Pandemie

Wäerteunioun an AfD… alles eng Fro vum Standpunkt

Déi nationalistesch Denkfabrick vun der CDU/CSU op der Sich no Iwwerschneidungen

Wäerteunioun an AfD… alles eng Fro vum Standpunkt

Nom politesche Flopp an Thüringen, wou den Thomas Kemmerich vun der FDP op d‘Stëmme vun der AfD ugewise war, fir de lénke Politiker Bodo Ramelow als Ministerpresident ze verhënneren, gëtt et eppes Drock fir d‘Wäerteunioun, déi sech net genuch vun de Faschisten ofgrenze géif. Dat haten déi och ni wëlles, de Géigendeel ass de Fall. Zumindest behaapt dat de Rüdiger Lucassen…

WäerteuniounDe Rüdiger Lucassen ass de Landesspriecher vun der ideologesch faschistesch ausgeriichter AfD an Nordrhein-Westfalen, an hie behaapt, datt déi „politesch Noperschaft“ tëscht senger Partei an der Wäerteunioun besser ass wéi kéint ugeholl ginn. Membere vun der AfD, géifen sech dann och säit engem gudden hallwe Joer regelméisseg mat de Vertrieder vun dëser Vereenegung zesummesetzen.

„Éischt Gespréicher hat viru ronn sechs Méint ginn. Zanterhier hu sech d‘Kontakter intensivéiert an elo gëtt et bis zu siwen Entrevuen de Mount“, esou de Rüdiger Lucassen. An dës Ausso ass kredibel ugesiichts dem Zweck vun der Wäerteunioun. Si gesinn sech als „konservativ Basisbeweegung“ vun de Schwësterparteie CDU an CSU, et kann een si awer och als AfD-Hëllefsveräi bezeechnen.

WäerteuniounElo hu sech d‘Leader vu CDU/CSU schockéiert iwwert de Fall an Thüringen gewisen, an et gouf och erkannt, datt een sech – zumindest an der Ëffentlechkeet – vum Geklüngels tëscht AfD an Wäerteunioun, distanzéiere muss. D‘Schwësterparteien, déi sech kloer géint eng Kooperatioun mat de Faschisten (an och de lénken) ausgeschwat huet, schéngen awer méi no un d‘AfD wéi ugeholl.

Datt beispillsweis de Hans-Georg Maaßen, fréiere President vum Verfassungsschutz a niewebäi Affekot mat engem ausgepräägte Sënn fir Heemechtsléift an nationalistesch geleeten Ideologien, dësem „Veräin“ ugehéiert, léisst dann och de Schluss zou, datt de Rüdiger Lucassen d‘Wourecht seet. Kredibel ass dann och d‘Ausso, datt d‘Treffen ëmmer a beschter Atmosphär ofgehale ginn.

Wäerteunioun

Et géif ee sech a gelounte Raimlechkeeten oder privat treffen an thematesch Gespréicher féieren. Dozou gehéiert selbstverständlech datt och „politesch Erwägungen“ diskutéiert ginn. Schliisslech brauch et och am Landtag Majoritéiten. Laut dem fréiere Bundeswehr-Offizéier hu sech nom Eclat an Thüringen elo och „Leit“ aus dem Bundestag ageschalt wat den intensiven Austausch befligelt.

mat indymedia/cgn

Foto: Zu Frankfurt huet e Samschdeg de Bundesvirstand vun der Wäerteunioun (hei mam Hans-Georg Maaßen, lénks) eng Sëtzung ofgehalen, bei där d‘Dagesuerdnung folgend Theme bereet gehalen huet: Bedreeung vun de Memberen, Schmotzcampagne vun der AfD, Thüringen-Wahl, Ofgrenzung zu Extremisten. © WerteUnioun

Related topics AfD, biergerlech Mëtt, CDU, CSU, Hans-Georg Maaßen, nationalkonservativ, Rüdiger Lucassen, Wäerteunioun
Next post Previous post