Search

You may also like

Tacheles: 34. Chaos Communication Congress – Mekka fir Hacker
International Neiegkeeten

Tacheles: 34. Chaos Communication Congress – Mekka fir Hacker

Am Dezember ass et erëm esouwäit. De 34ten Chaos Communication

money
Déi global Impfstrategie nei opstellen?
International Neiegkeeten

Déi global Impfstrategie nei opstellen?

Datt d‘Ausmooss vun der Covid19-Pandemie eppes „aner“ fir net ze

De Mount vum Bongert – Fir de kulturellen an natierlechen Ierwen
International Neiegkeeten

De Mount vum Bongert – Fir de kulturellen an natierlechen Ierwen

Wien un d’Regioun Mëllerdall denkt, denkt meeschtens u fantastesch Fielslandschaften

Waffepaus an Nordsyrien hält net

Waffepaus an Nordsyrien hält net

Ankara beschëllegt d‘Kurdemiliz YPG 14 Ugrëff géint tierkesch Verbänn gefouert ze hunn, an déi vun de Kurden ugefouert SDF beschëllegt d‘Tierkei den humanitäre Korridor fir d‘Grenzstad Ras al-Ain ze verhënneren. D‘Waffepaus déi de Mike Pence ausgehandelt huet, hält net…

Zwee Deeg nom „Besuch“ vun der US-Delegatioun zu Ankara, wou den US-Vizepresident Mike Pence een op fënnef Deeg begrenzte „Waffestëllstand“ ugekënnegt huet, gëtt et widderspréchlech Informatiounen. Den tierkesche Verdeedegungsminister behaapt sech drop, datt seng Truppen déi zougesote „Paus“ anhalen, mee sech déi kurdesch Terroriste vun der YPG net géifen drun halen.

NordsyrienEng Behaaptung déi vun de Syreschen Demokratesche Kräften (SDF) zréckgewise gëtt. Si werfen Ankara awer och vir, sech net un déi vun den USA ausgehandelt Wafferou ze halen. Wat elo den Ofzuch vun der Kurdemiliz aus Nordsyrien betrëfft, esou gesäit et – zumindest fir den Ament – net duerno aus, wéi wann dat géif geschéien. Bis ewell ginn nëmmen Zivilisten „a Sécherheet“ bruecht.

Zil vum Recep Tayyip Erdogan senger „Operation Peace Spring“ ass et eng Sécherheetszon op syreschem Territoire anzeriichten. Dat op enger Längt vu 444 Kilometer (also bis un déi irakesch Grenz) an enger déift vun 30 Kilometer. Et wier eng vun den Tierke kontrolléiert Zon a folgerichteg d‘Besatzung vum syreschen Territoire. Wéi dat vun Damaskus aus betruecht gëtt ass nach onkloer.

mat indymedia/tlv

Grafik: © Chuck Pfarrer

Related topics Feierpaus, Kurdemiliz YPG, Mike Pence, Recep Tayyip Erdogan, SDF, Syrien, Tierkei, Ugrëffskrich
Next post Previous post