Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken
Also et ass elo awer och wierklech net einfach fir
Also et ass elo awer och wierklech net einfach fir
D‘Infektiounszuelen huele bei eisen däitschen Noperen nees zolidd zou, an
Leschte Freideg huet de Schäfferot den neie System vun de
No eppes méi wéi sechs Woche schwéieren Ausenanersetzungen am Bergkarabach, ass et schonn de véierte Versuch d‘Kampfhandlungen an dëser Südkaukasusrepublik ze stoppen. Elo soll et dem russeschen Zar Vladimir Putin gelonge sinn, Armenien an Aserbaidschan an d‘Léngt ze huelen an d‘Wafferou dauerhaft duerchzesetzen. Déi russesch Arméi/Friddenstruppen iwwerwaachen dat.
Dës erfreelech Ausso koum vum Kreml an de russesche Verdeedegungsministère huet schon an der Nuecht op en Dënschdeg Opname verëffentlecht, déi d‘Transportvirbereedung vun de Zaldoten – déi gi per Fliger an d‘Kriseregioun bruecht – weise soll. De Konflikt selwer ass domadder leider net bäigeluecht an et ass net dovunner auszegoen, datt d‘Leit jeemools hir Autonomie zeréckkréien.
Fir de vun Ankara gestäipte Staatschef vum Aserbaidschan, Ilham Alijew, war et wichteg emol den Asaz vun dëse „Friddenstruppen“ op fënnef Joer ze begrenzen. Woubäi et méiglech ass, wa béid Säiten dat wënschen, dësen Accord ze verlängeren. De Kontingent vu russesche Friddenstruppen ass op 2.000 Mann begrenzt. Zu de Waffegattungen déi agesat ginn, gouf et nach keng Detailer.
De President vun der net unerkannter Republik Bergkarabach, Araik Arutjunjan, huet den Accord misse matdroen an erkläert: „Déi entstane schwéier Situatioun, berécksiichtegend a vun der Noutwennegkeet ausgoend, weider grouss mënschlech Verloschter ze vermeiden, hunn ech meng Zoustëmmung zur Beendegung vum Krich ginn“, esou de 46 järege kuerz a knapp op Facebook.
Bezunn op dat wat de Kreml erausginn huet, wier dës vereenbaarte Wafferou d‘Grondlag fir déi längerfristeg Léisung vum Problem: „Bergkarabach“. No dräi Uleef wier elo endlech en Terrain d‘Entente fonnt ginn, an et hätten dës Kéier och d‘Staatscheffen hir Ënnerschrëft geleescht. Dat stëmmt esou net ganz… et bis elo just de Vladimir Putin an den Ilham Alijew ënnerzeechent.
Op der aserbaidschanescher Tëlee ass live iwwerdroe ginn, wéi den Zar an den Diktator parallel d‘Dokumenter ënnerzeechent hunn, an eigentlech hätt och den armenesche Regierungschef Nikol Paschinjan un dëser Zeremonie sollen deelhuelen. An enger Usproch u säi Vollek huet den Ilham Alijew gesot: „De Paschinjan huet sech geweigert d‘Erklärung ze ënnerschreiwen, mee hie wäert dat maache mussen“.
Den Nikol Paschinjan selwer huet vun enger äusserst schwiereger Entscheedung geschwat. „Den Text ass fir mech a mäi Vollek schmäerzhaft“, esou den Armenier deen sech no laanger Analys an Iwwerleeung fir d‘Ënnerzeechnung entscheet huet. Jee nodeem aus wéi enger Richtung een dat bewäert, kann een d‘Ënnerschrëft vun den Armenier als eng „Kapitulatioun“ gesinn.
Fir den Ament awer ass sech emol op folgend Schrëtt verstännegt ginn:
mat indymedia/mow
Illustratioun: © Yomex Owo / unsplash