Search

You may also like

Wéi gutt kenns du eis Séien?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Séien?

[onionbuzz quiz-id=52][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet net vill Séien, mee si hunn

Patiente Vertriedung: Ëffentleche Bréif zum Besuchsrecht an den Alters-an Fleegeheemer
International Neiegkeeten

Patiente Vertriedung: Ëffentleche Bréif zum Besuchsrecht an den Alters-an Fleegeheemer

Madamm Minister Cahen, Madamm Minister Lenert, ewéi schonn an eisem

Istanbul: Oppositioun vereent sech géint d‘AKP
International Neiegkeeten

Istanbul: Oppositioun vereent sech géint d‘AKP

No der Annulatioun vun de Wahlresultater huet sech d‘Oppositioun an

Trotz der Wafferou an der Ghuta benotzt keen den humanitäre Couloir

Trotz der Wafferou an der Ghuta benotzt keen den humanitäre Couloir

Et huet nach keen Zivilist oder en Hëllefskonvoi den humanitäre Couloir benotzt, dee vum syresche Regimm a sengem russeschen Alliéierten ageriicht ginn ass. Dat ass awer aktuell den eenzege Wee fir aus der Belagerung vun der ëstlecher Ghuta ze entkommen.

Den humanitäre Couloir, deen nëmmen an de Stonne fir déi d‘Wafferou bestëmmt ginn ass (09.00 bis 14.00 Auer Lokalzäit) zougänglech ass, ass ugeluecht gi fir et de Zivilisten ze erlaben sech a Sécherheet ze bréngen, fir medezinesch Hëllef a Liewensmëttel op d‘Plaz ze bréngen.

D‘Enklav vun der ëstlecher Ghuta, déi d‘Zil vun enger breet ugeluechter militärescher Operatioun ass, gëtt nach vu verschiddene Rebelle-Gruppe kontrolléiert. Déi wëllen net, datt d‘Zivilisten hirer Wee ginn, an hunn dat och esou der UNO matgedeelt.

Déi syresch Arméi an d‘Russen op där enger Säit, d‘Rebellen op där anerer. A jidderee beschëllegt deen aneren d‘Wafferou net anzehalen. Dobäi hätt et an der Enklav säit dem 18. Februar, schonn iwwer 600 zivil Affer ginn, dorënner vill Kanner.

Obwuel d‘Intensitéit vun de Bombardementer ofgeholl huet, an den humanitäre Couloir säit zwee Deeg zougänglech ass, huet sech nach kee Convoi eran, an keen Zivilist eraus getraut. Den humanitäre Couloir ass am Secteur vun al-Wafidine ugeluecht ginn, an hei géif och d‘Wafferou agehalen.

Bei engem Check-Point vum Regime, onmëttelbar beim humanitäre Couloir, si just Zaldoten ze gesinn. Eppes méi ofsäits stinn d‘Busser an d‘Ambulanzen ze waarden, eidel wéi et eng AFP-Korrespondentin betount. Bis ewell huet sech nach keng Mënscheséil hei gewisen.

Mee um Mëttwoch ass „wéineg geschoss“ ginn, just vereenzelt Bombardementer ware festzestellen, dat am Nomëtteg an och am fréien Owend, esou d‘Informatioun vum syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR). Déi behaapten sech och op 9 zivil Affer, während déi an der leschter Woch nach zu Dosende gestuerwe sinn.

D’Awunner wëllen net aus der Enklav eraus

D‘Wäisshelmer, d‘Secouristen am Rebelle-Secteur, notzen déi deeglech Wafferou vu fënnef Stonnen, fir d‘Läichen aus den zerstéierten Haiser erauszehuelen. Et ass awer net bekannt, op si d‘Zivilisten encouragéieren d‘Kampfgebitt ze verloossen.

„Bis elo ass nach keen op de Passage vun al-Wafadine komm“, esou eng militäresch Source géintiwwer der AFP. Schold wieren d‘Rebellen „déi verhënneren, datt ee versicht duerchzekommen, sief et, datt Drock op déi betraffe Persoune gemaach gëtt, oder een direkt op se schéisst“.

„D‘Wafferou soll dräi Deeg unhalen. Se kéint verlängert ginn, wann sech Leit géife bereet weisen d‘Kampfgebitt ze verloossen“, esou d‘Informatioun. An och de russeschen Ausseminister Sergueï Lawrow beschëllegt d‘Rebellen ze verhënneren, datt d‘Zivilisten sech der Gefor kéinten entzéien.

Eng Ausso déi esou vun de Rebellen natierlech dementéiert gëtt: „Et si Ligen, déi vum Assad-Regime an de Russen an d‘Welt gesat ginn. Mir weisen dës Beschëllegunge vun eis. Mir hunn de Secteur vun al-Wafidine net cibléiert“, esou den Hamza Bayrakdar, Spriecher vum Grupp Jaich al-Islam.

„Mir weigeren eis erauszekommen“, bestätegt der AFP de Mohamad Abou al-Majd, en Awunner vun der Enklav. „Wouhinner sollen déi Jonk? Wann se ginn, hëlt sech de Regime se an stécht se an d‘Arméi wou se d‘Vollek da musse bekämpfen. Eis Awunner bréngen dann eis Awunner ëm“.

De Mohamad Abou al-Majd hält dann och net vill vun der op fënnef Stonne begrenzte Wafferou. „Wat bedeit eng Wafferou bis 14 Auer? Dat heescht datt no 14 Auer nees ka bombardéiert ginn, an d‘Zuel vun den Doudege weider zouhëlt“.

An et ass dann och e Fakt, datt d‘Enklav, e Gebitt vun ee puer honnert Quadratkilometer, déi lescht Héichbuerg vun de Rebellen ass. Mee se läit onmëttelbar bei Damaskus, an déi geostrategesch Lag zwéngt de Regimm a säin Alliéierten zum Handelen. Emol dovunner ofgesinn, datt vun der Ghuta aus, Rakéiten op Damaskus ofgeschoss ginn.

D’Realitéit hänkt der Diplomatie hannendrun

„Et ass schwéier fir all Zivilist, dësen humanitäre Couloir ze benotzen, well et net genuch Garantie gëtt. D‘Zivilisten hunn Angscht an et gëtt kee Konsens tëscht de Protagonisten“, esou d‘Aschätzung vun der Spriecherin fir den internationale Rout Kräiz Comité (CICR) a Syrien, Ingy Sedky.

Si bedauert och, datt d‘Wafferou mat fënnef Stonne vill ze kuerz ass, an net erlaabt déi medezinesch Hëllefsgidder dohinner ze brénge wou se och gebraucht gëtt. Dobäi stinn eng 40 Camion bereet a belueden, fir op Douma, der grousser Stad vun der ëstlecher Ghuta, ze fueren.

E Fait, deen den Mark Lowcock, bäigeuerdnete Generalsekretär fir humanitär Froe beim UN-Sécherheetsrot bedauert: „Wéini gëtt är Resolutioun ëmgesat?“, freet hien. Mee et ass net well den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun hëlt, datt sech déi einfach esou ëmsetze léisst.

An esou ergëtt et sech, datt säit e Samschdeg wuel diplomatesch Entscheedunge getraff goufen, et zur Zäit awer weder e sécheren Zougang, nach eng geséchert Evaluatioun an der ëstlecher Ghuta gëtt. Mee et gëtt weider bombardéiert a gestuerwen.

Den UN-Generalsekretär fir politesch Ugeleeënheeten, Jeffrey Feltman, huet dann och keen Heel aus sengem Frust gemaach: „Wat mir brauchen, ass d‘Uwenne vun der Wafferou, esou wéi et beschloss ginn ass. An dat wëll einfach net geschéien“.

Woubäi awer festzehalen ass, datt déi vun de Russen duerchgesaten Initiativ, der Enklav, sengen Awunner an de Rebellen Zäit gëtt sech ze erhuelen. Dat och wann et net ersiichtlech ass, wéi Liewensmëttel a Medikamenter solle bis zu de leit gelaangen.

mam Rim Haddad/AFP

Foto: Busser an Ambulanze sti beim Check-Point vun al-Wafidine a waarden op d‘Zivilisten déi net kommen. Bis ewell huet nach keen den humanitäre Couloir genotzt, net an déi eng, an och net an déi aner Richtung. Zudeem beschëllegt een deen aneren, d‘Wafferou net anzehalen. © Louai Beshara/AFP

Related topics Ghuta, Russland, Syrien, Wafferou
Next post Previous post