Search

You may also like

Mäerderesche Weekend op Lëtzebuerger Stroossen
Fail Neiegkeeten

Mäerderesche Weekend op Lëtzebuerger Stroossen

Et geet an den Hiecht eran an d‘Wieder fänkt un

Minister erwiert sech de Beschëllegungen
Fail Neiegkeeten

Minister erwiert sech de Beschëllegungen

No dem Positionnement vun der Policegewerkschaft SNPGL, zu dem Minister

Italien: Autonomie bestriewe vu Venetien an der Lombardei
Fail Neiegkeeten

Italien: Autonomie bestriewe vu Venetien an der Lombardei

Déi räich italienesch Regioune Venetien a Lombardei hunn sech an

dislike

Wahl-Puzzel: En Iwwerbléck vum Minett

Wahl-Puzzel: En Iwwerbléck vum Minett

Viru 14 Deeg ware mir Wielen. Deen een ass mam Ausgang zefridden, deen aneren éischter net. Esou ass dat mat der Demokratie, jidderee ka gewannen, mee net jiddereen ass e Gewënner. E gudde Grond sech en Iwwerbléck ze verschafen, wou et elo wéi ausgesäit…

Zu Rëmeleng ass d‘Koalitioun-Entscheedung Enn der leschter Woch gefall. D‘Grenzstad bleift „rout“, dat well ee sech mat de Kommunisten eens ginn ass. Aus der LSAP-KPL Koalitioun ergëtt sech, datt den Henri Haine (LSAP) an d‘Viviane Biasini (LSAP) sech d‘Verantwortung deelen. Deen ee bleift Buergermeeschter, dat anert éischt Schäffin. Mat um politesche Steierrad dréit den Edmond Peiffer (KPL).

Zu Esch Uelzecht sinn d‘Wierfel gefall an d‘Awunner kënnen sech alt schonn op eng CSV-déi gréng-DP Koalitioun astellen. Als Buergermeeschter sollt de George Mischo d‘Verantwortung iwwer d‘Minettemetropole iwwerhuelen. Eng Koalitioun déi an dëser Form nëmmen duerch d‘Matwierke vun déi gréng méiglech war a elo scho fir Kollateralschied an den eegene Reie suergt.

Zu Suessem geet d‘LSAP mat der CSV an d‘Koalitioun. D‘CSV déi hei zwee zousätzlech Mandater gewonnen huet, ass dann och gutt opgestallt a muss e Sëtz am Schäfferot zougedeelt kréien. De George Engel bléift Buergermeeschter während déi gréng nom Verloscht vun engem Mandat op der Oppositiounsbänk Plaz huelen.

Zu Déifferdeng stoung d‘Koalitioun schonn den 12 Oktober fest. Hei deelen sech déi gréng mat der CSV d‘Verantwortung. De Roberto Traversini (déi gréng) bleift deemno Buergermeeschter an den Tom Ulveling (CSV) iwwerhëlt den Job als éischte Schäffen. Hei huet d‘DP dann och eng vu senge battersten Néierlagen erlieft an muss elo aus der Oppositioun eraus weisen datt se nach do ass.

Zu Käerjeng hunn déi gréng sech och op eng Koalitioun mat der CSV agelooss. Fir de Michel Wolter (CSV) scho bal e Kaddo, well esou sécher gestallt ass, datt hien och déi nächst sechs Joer säi Mandat als Buergermeeschter kann ausüben. Den „Deal“ bréngt awer Josée-Anne Siebenaler-Thill (déi gréng) op de Poste vun der éischter Schäffin.

Related topics Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Gemengewahlen 2017, Käerjeng, Rëmeleng, Suessem
Next post Previous post