Search

You may also like

money
Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung
International Neiegkeeten

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere

„Ecological Anxiety Disorder“ um 18. Mäerz am Opderschmelz
International Neiegkeeten

„Ecological Anxiety Disorder“ um 18. Mäerz am Opderschmelz

De Lëtzebuergesch-franséische Grupp Eddi van Tsui luet an op eng

Nobelpräis: Wann d’biologesch Auer aus dem Rhythmus kënnt, erkläert
International Neiegkeeten

Nobelpräis: Wann d’biologesch Auer aus dem Rhythmus kënnt, erkläert

Déi „biologesch Auer“, an d’Liicht gesat vum Nobelpräis fir Medezin,

Bei de Wahlen a Kanada leien déi Liberal vir

Bei de Wahlen a Kanada leien déi Liberal vir

Bezitt ee sech op d‘Prognosen, da sinn dem Justin Trudeau seng Liberal a Kanada op en Neits déi stäerkste Kraaft, wat him eng weider Mandatsperiod géif sécheren. Woubäi et do awer e klengen Hoken huet, well et zeechent sech of, datt déi Liberal net méi d‘absolut Majoritéit kréien.

Et ass egal wéi e kanadesche Sender ee consultéiert, alleguerte sinn sech doranner eens, datt déi Liberal déi meeschte Stëmme kréien, mee net méi déi absolut Majoritéit wäerten hunn. Dat heescht et kann zu enger Minoritéitsregierung kommen, wat mat sech bréngt, datt méi kleng Parteie wéi déi gréng an d‘Sozialdemokraten dat och missten zouloossen. Dat ass och duerchaus realistesch.

KanadaWoubäi een awer muss drop hiweisen, datt et tëscht dem Justin Trudeau senge Liberalen an dem Andrew Scheer senge Konservativen „enk“ hiergaangen ass. An hei hat och den Erausfuerderer duerchaus Chancen zougerechent kritt. Mee wann ee sech mat de Kanadier iwwert den Andrew Scheer ënnerhält, kënnt wéineg gutt Stëmmung op. Seng Usiichte ginn net wierklech begréisst.

De Gros vun de Kanadier tendéiert éischter zu enger liberal-lénker Politik, an de Konservativen hir Haltung géintiwwer gläichgeschlechtlechem Bestietnes oder Schwangerschaftsofbroch kënnt net gutt un. Datt den Andrew Scheer zwar betount déi bestoend Gesetzer net „upaken“ ze wëllen, gëtt him iergendwéi net gegleeft. An datt, esou déi kanadesch Medien hätt e mächtegen Afloss gehat.

Léiwer e Spatz an der Hand…

Beim Klima wëll den Andrew Scheer en anere Wee goe wéi säin Opponent. Hien huet dem Justin Trudeau virgeworf eng CO²-Steier agefouert ze hunn, déi grad déi Saachen déi d‘Kanadier all Dag brauche méi deier gemaach hunn. Säi „Klimaprogramm“ soll de Leit „net wéi doen“. D‘Géigner halen de Programm dann och fir entspriechend wierkungslos. An dat ass nach net alles.

Wat d‘Wirtschaft betrëfft, esou gëtt de Konservative villes zougetraut. Hire Problem: d‘Konjunktur steet op festem Buedem an elo un eppes fréckele goe wat gutt leeft, wëll och keen esou wierklech. Sécher géif et unhand de klenge Skandaler vum Justin Trudeau duerchaus Grond dësem den Dicks ze béien. Elo huet deen awer eng Politik bedriwwen deen d‘Minoritéiten aktiv agebonnen huet.

Net agehalen huet de Premierminister déi versprache Wahlrechtsreform an och en ausgeglachene Budget bis 2019 huet de Justin Trudeau net hikritt. Dofir konnt hien eng besser Ënnerstëtzung fir akommesschwaach Menagen duerchsetzen, d‘Legaliséierung vum rekreative Cannabiskonsum an d‘Rettung vum Fräihandelsaccord NAFTA mat den USA a Mexiko, si weider gutt Argumenter.

mat indymedia/ott

Foto: Et war de Liberalen hire Wahlkampf. Si trieden an fir eng Politik déi och d‘Minoritéiten am Land abezitt an e méi kannerfrëndlecht Ëmfeld schafe wëll. An déi Liberal Kandidatin Katie Omstead huet hir Matbierger scho wéinst de Kanner wielen ze goen. Si hätten e Recht op propper Loft, Stabilitéit an Zukunft. © Katie Omstead (via Twitter)

Related topics Andrew Scheer, Justin Trudeau, Kanada, Parlamentswahlen
Next post Previous post