Search

You may also like

iNaturalist zu Lëtzebuerg: D’Natur kenneléieren an Observatioune weltwäit deelen
International Neiegkeeten

iNaturalist zu Lëtzebuerg: D’Natur kenneléieren an Observatioune weltwäit deelen

Duerch Projeten wéi de City Nature Challenge dierft iNaturalist dem

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt
International Neiegkeeten

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt

Mat 57 Stëmmen dofir an zwou Enthalungen ass dat neit

Ännerungsvirschléi beim Baulandvertrag: De Banneministère suergt fir Kloerheet
International Neiegkeeten

Ännerungsvirschléi beim Baulandvertrag: De Banneministère suergt fir Kloerheet

Am vergaangene Joer koum et zu e puer Ännerungen beim

Wahlen am Kasachstan: …net dat et ee géif interesséieren

Wahlen am Kasachstan: …net dat et ee géif interesséieren

Bei der Presidentewahl am Kasachstan sinn d‘Iwwerraschungen erwaardungsgeméiss ausbliwwen. De 66 järegen Interimspresident, Kassym-Schomart Tokajev, gëtt mat 70% – laut leschte Prognosen – bestätegt, während säi „Géigner“ den Amirschan Kosanov knapp iwwer 15% kënnt.

Entspriechend den Zuelen, déi d‘Autoritéite vun dëser fréierer Sowjetrepublik verëffentlecht hunn, huet d‘Wahlbedeelegung bei 77% geleeën. Am Resultat heescht dat, datt den Tokajev d‘Nofolleg vum Nursultan Nasarbajev wäert untrieden. Den 78 järege President, war am Mäerz no 30 Joer un der Muecht zréckgetrueden.

Kasachstan

Well den Kassym-Schomart Tokajev en enke Vertraute vum President war, ginn Experten dovunner aus, datt hien zumindest als „Gro Eminenz“ am Donstkrees vun der Muecht wäert weider „aktiv“ bleiwen. Eng Situatioun déi net vun alle Bierger am Land begréisst gëtt. Esou ass et bei dëser Wal dann och zu heftege Protester komm.

An der Haaptstad Nursultan, déi eis nach als „Astana“ an Erënnerung ass, wéi och zu Almaty haten sech e puer honnert Kasachen zesummefonnt, fir géint „déi politesch Farce“ ze protestéieren. Och hei leien eis nees just d‘Zuele vun den Autoritéite vir, an aus dëse geet ervir, datt 500 Persounen am Kontext vun de Kundgebunge verhaft gi sinn.

Dat verwonnert esou wéineg wéi de Wahlausgang. Schonn am Virfeld vun de Walen, war d‘Police massiv a ganz ongenéiert géint Oppositiounspolitiker virgaangen. Wie Gléck hat, deem hunn se nëmmen d‘Bud auserneegeholl, wie gemault huet krut der op d‘Sabbel. Wa Leit hir Meenung zum Ausdrock hunn, si se och festgesat ginn.

Kasachstan

De Journalist vun der AFP, Chris Rickleton, ass fir d‘éischt zerschloe ginn an dunn eréischt hu si him d‘Akkreditéierung entzunn.

Bei Human Rights Watch (HRW), mécht ee sech dann am Bezuch op d‘Mënscherechtslag keng Hoffnung, datt et ënnert deem „neien“ besser sollt ginn. An am verletze vu Mënscherechter huet Kasachstan de „Wanderpokal“ fest am Grëff, woufir sech och den Tokajev als Interimspresident, besonnesch agesat a ervirgedoen huet.

Un der politescher Ausriichtung kann a wäert sech wuel éischter näischt änneren. Déi kasachesch Aussepolitik konzentréiert sech op d‘Bezéiunge mat den Nopere Russland a China. Dem Westen hält dat Land mat grousse Pëtrolsreserven d‘Hand och weiderhin entgéint gestreckt, schliisslech huet een Investisseure villes ze bidden.

mat indymedia/mow

Foto: Zu Almaty ass d‘Police ganz determinéiert géint d‘Mënsche virgaangen, déi sech enger Kundgebung ugeschloss haten. Och dat ass Kasachstan, an Europa huet domatter, zumindest esoulaang den Ueleg fléisst, definitiv kee Problem. © Alyia Izbassarowa

Related topics Amirschan Kosanov, Astana, Kasachstan, Kassym-Schomart Tokajev, Nursultan Nasarbajev, Wahlen
Next post Previous post