Search

You may also like

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht
International Neiegkeeten

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht

Wann sech haut d‘Kierchemänner mat hirer Direktioun am Vatikan eng

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“
International Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“

Nodeems Saudiarabien zouginn huet, datt de Jamal Khashoggi ob hirer

Dräi Joer am Asaz fir d’Escher Bierger
International Neiegkeeten

Dräi Joer am Asaz fir d’Escher Bierger

Esou wéi de Koalitiounsaccord tëscht der CSV, DP an déi

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong

Paul Manafort vum Geriicht wéinst Bankbedruch a Steierhannerzéiung zu 47 Méint veruerteelt

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong

Et war kee gudden Dag fir dem Donald Trump säi Wahlkampfmanager, Paul Manafort, deen am Rollstull an Häftlingskleedung zu Alexandria (bei Washington) viru säi Riichter getrueden ass. De Procureur hat bis zu 25 Joer Haft gefuerdert, d‘Strofmooss ass awer däitlech méi gnädeg ausgefall.

De Paul Manafort war awer schonn am August 2018 vun de Geschwuerene wéinst Bankbedruch a Steierhannerzéiung schëlleg geschwat ginn. Opgeflu ware dem Wahlkampfmanager seng Affären, während der Enquête vum Sonnerermëttler Robert Mueller, am Kontext vun der „Russland-Affär“. Dem Trump gëtt virgeworf, sech de Russe bedéngt ze hunn fir d‘Wahlen ze manipuléieren.

Wahlkampfmanager

Am Kader vun der Enquête, hunn dem Robert Mueller seng Mataarbechter, dem Paul Manafort seng „Geschäfter“ an der Ukrain eppes mee genee „analyséiert“. Fir de Procureur schéngt ass et erwisen, datt de Beschëllegte Milliounen US-Dollar virum US-Steieramt „verstoppt“ huet. Geld, esou d‘Uklo, dat de Manafort als Beroder vun der fréierer prorussescher Regierung verdéngt huet.

Doriwwer eraus, soll de Paul Manafort d‘Banke belunn hunn, fir Kreditter ze erhalen, déi him e Liewen op héijem Fouss erlaabt hunn. Dofir huet hien elo eng batter Rechnung virgeluecht kritt. Wéi et weider geet? Am selwechte Rhythmus, well et war net de leschte Prozess, deem sech dem Donald Trump säi Protegé ze stellen hat. Schonn déi nächst Woch geet et an déi nächst Ronn…

An dësem Verfahre gëtt sech da mam Paul Manafort senger Tätegkeet als Beroder an der Ukrain beschäftegt. Hei kritt de Wahlkampfmanager vum Procureur Verschwierung a Behënnerung vun der Justiz virgeworf. Observateure ginn dovunner aus, datt d‘Geriicht och hei wäert e Scholdsproch un de Beschëllegte riichten. Fir de 69 järege Paul Manafort, gesäit et no enger längerer „Auszäit“ aus.

Wahlkampfmanager

Schlecht fir dem Donald Trump säi Wahlkampfmanager, datt hien am September 2018 mam Team vum Robert Mueller vereenbaart hat, voll an ëmfänglech matzeschaffen. D‘Geriicht ass leider iwwerzeegt, datt de Paul Manafort sech net un dësen Accord gehalen huet, a d‘Enquêteure belunn huet. Eng „gnädeg“ Strof fält domatter flaach, an hei sollt een net a „Méint“ rechnen…

mat indymedia/was

Related topics Bankbedruch, Donald Trump, Ligen, Paul Manafort, Robert Mueller, Russland Affär, Steierhannerzéiung
Next post Previous post