Search

You may also like

Lëtzebuerger Lidder – nach ëmmer op der Sich nom Sonili!
Erkläert Fail Neiegkeeten WTF

Lëtzebuerger Lidder – nach ëmmer op der Sich nom Sonili!

De Jean Kandel, deen dofir bekannt ass, Lëtzebuerger Lidder erëm

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 1)
Erkläert Fail Neiegkeeten WTF

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 1)

En neien Ufank kann een ganz ënnerschiddlechst interpretéieren, dat weisen

De Gesetzprojet 7049, erkläert
Erkläert Fail Neiegkeeten WTF

De Gesetzprojet 7049, erkläert

Gëschter hat den OGB-L eng Demonstratioun géint de Gesetzprojet 7049

dislikesurprise

Firwat en onkloer formuléiert Gesetz bal enger Partei hier Wahllëscht a Gefor bruecht hätt, erkläert

Firwat en onkloer formuléiert Gesetz bal enger Partei hier Wahllëscht a Gefor bruecht hätt, erkläert

Et war bestëmmt eng Zeen, wou verschiddener bleech ugelaf waren: Wéi d‘Piraten zu Esch wollten hir Lëscht beim Friddensgeriicht areechen, gouf se fir d‘éischt emol refuséiert. De Grond: E schwammeg formuléierte Passage am Gesetz.

Wat war geschitt?

De Passage am Artikel 230 liest sech harmlos: „nul ne peut figurer, ni comme candidat ni comme présentant dans plus d‘une liste d‘une même commune“. Dee Passage war wichteg ginn, haten d‘Piraten zu Esch net déi noutwenneg 50 Ënnerschrëfte zesumme krut. Ergo huet missen e Member vum vierechte Gemengerot d‘Lëscht ënnerschreiwen. Dee war natierlech op enger anerer Lëscht, wou wéinst de Riichter d‘Lëscht fir d‘éischt d‘Lëscht ofgelehnt huet.

Firwat gouf et ofgeleent?

Et ginn zwou verschidde Méiglechkeeten, de Passage ze interpretéieren. De Riichter huet sech an dësem Fall fir déi restriktiv Interpretatioun decidéiert: Entweder et ass ee Kandidat op enger Lëscht, oder et presentéiert een se.

Firwat gouf et um Enn anescht interpretéiert?

D‘Interpretation large ass déi Interpretatioun, déi allgemeng preferéiert gëtt. Dat ergëtt sech aus der parlamentarescher Äntwert vum Innenminister, Dan Kersch. Laut dëser Interpretatioun kann eng Persoun op enger Lëscht sinn an eng aner presentéieren.

Wäert sech eppes änneren?

De Minister stellt an Aussiicht, den Artikel 230 vum Wahlgesetz ze modifizéieren, fir datt des Interpretatiounsschwieregkeeten net méi entstinn.

Related topics Esch-Uelzecht, Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg, Piratepartei, Politik
Next post Previous post