Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!
Säit Enn Mee huet d’Beweegung Bierger fir Bierger dräi Spadséiergäng
Säit Enn Mee huet d’Beweegung Bierger fir Bierger dräi Spadséiergäng
Am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Fraewahlrecht zu Lëtzebuerg hat
Et ass der Regierung hire jéngsten, hien denkt an handelt
Obwuel ech Artikele schreiwen, an deenen ech jidderengem uroden, sech mat de Wahlprogrammer auserneen ze setzen, ginn ech vill ze spéit hin, fir se ze liesen. Mee dat huet seng Grënn. Gutt Grënn souguer.
Wahlprogrammer sinn eng gutt Saach, wann se uerdentlech gemaach sinn. Optimalerweis bestinn se net aus Wahlverspriechen, mee aus deene Saachen, déi geleescht gi sinn, geleescht solle ginn a wéi se ze leeschte sinn. Dräi Missiounsziller also, déi leider oft net all erfëllt ginn. Och deelweis, well net jiddereen se erfëlle kann.
Eng Oppositiounspartei beispillsweis kann net einfach sou soen, datt se déi an déi Projeten ëmgesat huet. Villäicht, datt se der matgedroen a proposéiert huet, sécher, mee alles aneres kënnt seele fir. An eng Partei, déi sech fir déi éischte Kéier opstellt, huet näischt Opweises ausser Iddien. A wa se nach kleng sinn, feelt och d’Geld, fir esou toutes boiten.
Nee, do kucken ech léiwer iwwert de Mount verdeelt, wéi mech wien erreecht kritt. Internetreklammen, Stänn um Maart, Interviewen an de Medien an Ähnleches. Live und in Farbe, wéi se ëmmer sou schéi soen, och wann et dann ganz oft net méi wéi Inzenéierung ass. Et kritt een awer villes vun de politesche Schwéierpunkten esou mat, och wann een oft d’Gefill huet, datt klenger Parteie benodeelegt ginn. Wann zum Beispill d’Kommuniste vun den offiziellen Table Ronden ausgeschloss ginn.
Och op de soziale Netzwierker kritt ee vill mat. Vill Parteien hu lokal Facebook-Säite fir hier Sektiounen an do kann een dann och gesinn, wien éischter mat Käpp an éischter mat Iddien schafft. Kënnt jo nach dobäi, datt d’Plakater engem net wierklech hëllefen. Well wien wéi ech eréischt viru kuerzem a seng Gemeng geplënnert ass, kennt jo och kaum een. Do kann een dann net einfach no de Käpp wielen, an déi Sloganen, déi hëllefe net weider.
Also wäert ech Sonndes mueres bei mengem Kaffi sëtzen an d’Programmer vun deene duerchliesen, déi mech während dem Wahlkampf ugeschwat hunn. Déi eenzel Programmpunkten, déi mer wichteg si vergläichen fir dann, duerno, mäi Kräiz ze maachen.