Search

You may also like

E Partenariat fir de kommerzielle Weltraum
International Neiegkeeten

E Partenariat fir de kommerzielle Weltraum

Et war, historesch betruecht, en denkwierdegen Dag, wéi den 10.

money
Am Land vun 1000 an enger Nuecht gräifen se no de Stären
International Neiegkeeten

Am Land vun 1000 an enger Nuecht gräifen se no de Stären

Et ass e gudder Kader esou eng kombinéiert Staats- a

Editorial: Seet een esou senge Kollegen Äddi, Här Camora?
International Neiegkeeten

Editorial: Seet een esou senge Kollegen Äddi, Här Camora?

Wärend de RAF Camora, zesumme mat sengem 187er Kolleg Bonez

De Wahnsinn vum Krich: Joresdag fir Hiroshima an Nagasaki

De Wahnsinn vum Krich: Joresdag fir Hiroshima an Nagasaki

Viru 74 Joer um 6. an 9. August 1945 sinn déi éischt Atombommen iwwert de japanesche Stied Hiroshima an Nagasaki vun der US-amerikanescher Arméi ofgeworf ginn. D’Folge waren erschrecken, de Wahnsinn vum Krich ass bis nach bis haut schmäerzhaft an Erënnerung bliwwen.

An dëse Stonnen, wou mir den Affer vun den Bommenugrëff gedenken, musse mir dem Ruff vun den Iwwerliewende vun den Atombommenofwërf op Hiroshima an Nagasaki, den Hibakusha, folgen an al Zivilgesellschaft resolut fir ee weltwäit Verbuet vun allen Atomwaffen antrieden. Hautdesdaags bedreeën eis dës mäerderesch Waffen, déi mat hirer Sprengkraaft all Liewe vun dëser Welt e puer Mol ausläsche kéinten.

Et gëllt ëmmer un d’Logik vum Krichdreiwer ze denken: Eng Waff gëtt net erfonnt a gebaut, fir si an engem Arméidepot ze lageren, mee fir agesat ze ginn. Amplaz Ofrëschtung erliewe mir säit geraumer Zäit weltwäit eng atomar Onsécherheet.

De viru wéinege Stonnen definitiv ausgeléisten INF-Vertrag, ee wichtege Meilestee vun der europäescher Sécherheetsarchitektur iwwert d’Verbuet vu landgestëtzten atomare Mëttelstreckewaffen tëscht der USA a Russland verschäerft déi atomar Oprëschtung.

Déi opwenneg Entwécklung vun neien atomare Waffesystemer mat flexibelen Asazméiglechkeete gëtt virugedriwwen. De virsätzlechen Asaz vun neie Massevernichtungswaffe gëtt domat méi wahrscheinlech. D’Gefor vu versehentlechen, atomare Kettereaktioune bei Eskalatioun, wli aktuell tëscht den USA an dem Iran – ënner Bedeelegung vun der Atommuecht Israel – hëlt däitlech zou.

Noutwenneg Ressourcen am Kampf géint aner Mënschheetsbedreeungen, wéi sozial Ongläichheet, déi ekologesch Weltkris an de Klimawandel ginndofir fir Massevernichtungswaffe verwent.

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg fuerdert zesumme mat der internationaler Friddensbeweegung:

  • Déi strikt Anhalung vum Atomwaffespäervertrag
  • Déi konsequenz Opnahm vun atomren Ofrëschtungsverhandlungen
  • Ee Verbuet vun der Stationéierung vun neien US-Mëttelstreckerakéiten an Europa
  • D’Ënnerzeechnung a Ratifizéierung vum Vertrag vun de Vereenten Natiounen (UN) zum Verbuet vun allen Nuklearwaffen och duerch Lëtzebuerg
  • D’Stäerkung vun der Initiativ „Mayors for Peace“, déi sech fir ee weltwäit Verbuet vun Atomwaffen asetzt
  • D’Sensibiliséierung vun de Gemenge fir d’Ënnerzeechnung vum ICAN-Stiedappell zwecks Ënnerstëtzung vun der UN-Initiativ fir ee Verbuet vun allen Atomwaffen. Zu dësem Zäitpunkt hu sech d’Gemenge Réiser, Esch, Suessem, Déifferdeng an Iechternach hei am Land dësem Appell ugeschloss.

„De Kirch dirf kee Mëttel vun der Politik sinn. Et geet dorëm, Kricher ofzeschafen, net nëmmen, se ze begrenzen. Keen nationalen Interessi léisst sech haut nach vun der Gesamtverantwortung fir de Fridden trennen. All Aussepolitik muss dëser Asiicht déngen. Als Mëttel vun enger europäescher a weltwäiter Sécherheetspolitik huet si Spannungen ofzebauen an d’Kommunikatioun iwwert d’Grenzen ewech ze fërderen.“ Dës Ausso vum Willy Brandt ulässlech zur Iwwerreechung vum Friddensnobelpräis um 11. Dezember 1971 zu Oslo ass méi aktuell wéi jee.

Matgedeelt vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Hiroshima, INF-Vertrag, Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, Nagasaki
Next post Previous post