Search

You may also like

Streng Kontrolle bei dësjäreger Dog-Expo
Neiegkeeten

Streng Kontrolle bei dësjäreger Dog-Expo

De Weekend vum 11. an 12. Mee 2019 fënnt um

Video: Wéi d‘Kris vum Coronavirus sech entwéckelt huet
Neiegkeeten

Video: Wéi d‘Kris vum Coronavirus sech entwéckelt huet

De Coronavirus ass pandemesch, wat heescht datt déi ganz Welt

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen
Neiegkeeten

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen

Mat de fortschreidende Lockerungen hu sech vill als vulnerabel agestuuft

Wäifestival am Delhaize – Iwwert 200 Produite maache Loscht op méi

Wäifestival am Delhaize – Iwwert 200 Produite maache Loscht op méi

Vum 17. September bis de 14. Oktober 2020 inclus luet den Delhaize op säi Wäifestival an. Ma, wat gëtt et och Besseres, wéi e gutt Iesse mam passende Wäin ze begleeden, e Fest mat Schampes anzelauden oder e Summerowend mat engem Glas vun dëser Produitspalette ofkléngen ze loossen?

Dobäi sti wärend engem knappe Mound iwwer 200 Wäiner a Schampessen an der Promotioun, déi Dir natierlech op der Plaz schmaache kënnt. Eng kompetent Berodung gehéiert do dozou. Begleet gëtt de Wäifestival vun der passender Broschür, déi mat nëtzlechen Erklärungen zum Produit, zum Goût an dem Iesse wat dozou passt, e ronnt Bild ofgëtt.

Nieft frëschen, gehaltvollen, fruuchtegen oder och herbe Wäiner aus dem Ausland ënnerstëtzt de Supermarché och d’Lëtzebuerger Produiten. Mat Produite vun Domaines Vinsmoselle huet ee sech en nationale Wäiproduzent zur Säit geholl, dee mat Wëssen, Traditioun a grousser Qualitéit landeswäit beléift ass.

Och mir hu schmaachen dierfen

An dësem Kader krut d’Redaktioun d’Geleeënheet gebueden, sech selwer vun enger Selektioun aus 6 Produiten, déi um Wäifestival ugebuede gi sinn, z’iwwerzeegen. Mat ganz ville Glieser, e bësse Kéis an Drauwen, sou wéi anere Schneekegkeeten – et soll ee schliisslech net op eidele Mo drénken – goung et un „d’Aarbecht“: Kucken, richen, schmaachen, bewonneren an eng eege Meenung zum Goût ofginn.

An esou fannt Dir elo hei d’Erkenntnisser vun 10 Persounen tëscht 24 a 64 Joer, déi hiert Geschmaachserliefnis dokumentéiert hunn.

Bohemia Sekt – den ënnerschaten Tchesch

Ufänke soll ee bekanntlech mat Schampes, an esou hu mir de Bohemia Sekt aus der Tcheschecher Republik als éischt probéiert. Besonnesch iwwerzeegt hu seng reng Pärelen, mam doucen, awer och liicht zitrounege Goût. Och deene Probanten, déi normalerweis net vu Schampes iwwerzeegt sinn, ass de Bohemia Sekt immens gutt bekomm. E war net ze sauer an huet sech immens angenehm drénke gelooss.

Laut den Experte passt dëse Schampes super bei gegrillte Geméis a Fësch mat Zooss „à l’Ostendaise“. Dës weidere gëtt erkläert, datt tschechesch Wäiner, trotz hirer laanger a facetteräicher Geschicht, nach net bekannt hei sinn, wat een elo ännere wëll.

Wäifestival

Plaza Mayor – De fruuchtege Spuenier

Datt Wäisswäi super zu Fësch a Krustendéiere passt, ass wuel kee Geheimnis an trëfft och beim Plaza Mayor zou. De Spuenier bréngt déi gewëss fruuchteg a frësch Nott op den Dësch, sollt awer virdrun am Frigo e bëssen ofgekillt ginn.

D’Experte recommandéieren dëse Wäi bei enger Paëlla – si vereent Poulet, Fësch, Gambas, Geméis a Räis, also all Produit, mat deem de Plaza Mayor gutt harmonéiert. Besonnesch ervirgehuewe gëtt och, datt de Produit zu 100 % bio ass, a mat sengem Geschmaach e Stéck faarwefrout Spuenien op Lëtzebuerg bréngt.

Wäifestival

Château Gairoird – E Fransous mat Charakter

Eisen Testkandidate war direkt kloer, datt dëse franséische Rosé méi herb a present ass, wéi de Spuenier. Ma, doduerch harmonéiert en awer och sécher gutt mat Iessen, dat méi ee staarke Goût huet. Nodeems d’Glieser eidel waren, gouf et just nach eng Ausso: „Dee schmaacht no méi!“

De Château Gairoird ass en Assemblage vun 2 Drauwenzorten, déi typesch fir Südfrankräich sinn. Schonn a 4. Generatioun këmmert sech den Olivier de Pierrefeu dorëm, datt bei dem Ubau vun de Riewe weder Herbiziden, nach Pestiziden oder Dünger genotzt ginn. An och bei der Produktioun an dem Alterungsprozess setzt een op Natierlechkeet.

Wäifestival

Finca Manzanos Graciano – E rare Gaascht aus dem Rioja

Bei dësem roude Wäin aus Spuenien sinn d’Meenunge schliisslech ausernee gaangen. Fans vum Wäisswäin a Rosé géifen éischter op d’Virgänger un dësem Probéier-Owend zeréckgräifen, wärend den aneren Deel dës elegant Fläsch immens ze schätze wousst. Et ass Geschmaachssaach, an dofir kann ee jo och am Delhaize selwer probéieren.

D’Experten erklären, datt de Graciano éischter onbekannt ass. Seng Drauwe gi just Enn Oktober recoltéiert, si kleng an hu just wéineg Rendement. D’Produktioun benéidegt vill Léift an Opmierksamkeet. Wärend 6 Méint altert dëse Wäin am franséischen Eechefaass a bréngt uschléissend eng Mëschung aus roude Friichten a Vanill mat. E Glas vum Graciano passt perfekt zu Chorizo, Schofsfleesch oder och gefëllte Paprikaen.

Wäifestival

Villebois Sancerre – De komplexen, awer erfrëschende Fransous

Dëse franséische Wäisswäi bréngt fein Nuancen an Aromen vu Biere mat sech. Am Ofgang hunn eis Testkandidaten eng Nuance vu frësche Kraider geschmaacht, déi dem Produit e richteg spannenden, laang unhalenden Aspekt schenkt. De komplette Grupp war begeeschtert!

Am Sancerre stécht zu 100 % Sauvignon Blanc, dee laut dem Delhaize mat Superlativer iwwerzeegt: En ass komplex, gläichzäiteg kräfteg mat enger erfrëschender Saier, déi nees ideal mam salzege Goût vun Austeren oder Hummer anhir geet. Ma, e passt och super bei ee Stéck Chèvre.

Wäifestival

Ruffino „Aziano“ – De mageschen Italiener

Am Verglach zum Manzanos ass eisen Testkandidaten dëse Roude méi liicht an douce virkomm. Wärend dem Drénken hu si sech e gutt Stéck Steak als Begleedung zu dësem Chianti Classico kënne virstellen.

Dësen italienesche Routwäi gesellt sech net nëmme gär zu typesche Platen aus senger Heemecht – säi frëschen, batteren, awer och séisse Goût suergt fir eng richteg Geschmaachsexplosioun. Do fillt een direkt d’Magie vun der Toscana. Nodeems de Ruffino 9 Méint an engem Behälter aus Stol a Beton altere gelooss ginn ass, duerft e sech fir weider 4 Méint an der Fläsch ausrouen. Esou kommen intensiv Aromen mat wëllen Notten zustanen.

Wäifestival

An dësem Kader soe mir dem Delhaize Merci, datt si mat dëser Selektioun net nëmmen eisen „Wëssensduuscht“ erwächt, mee och fir en amüsanten Owend gesuergt hunn. A keng Angscht, all Testkandidat hat e Chauffeur fir Heem – d’Fläsche waren schlussendlech nämlech all eidel. De Wäin war einfach ze g-g-gutt!

D’Broschür zum Wäifestival fannt Dir och HEI.

Related topics Alkohol, Berodung, Bohemia Sekt, Château Gairoird, Crément, Delhaize, Domaines Vinsmoselle, Festival du Vin, Finca Manzanos Graciano, Plaza Mayor, Produktpalette, Ruffino Aziano, Schampes, Schmaachen, Villebois Sancerre, Wäifestival
Next post Previous post