Search

You may also like

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)
Neiegkeeten

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)

Esou richteg schéngt keen se ze kennen an esou ass

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang
Neiegkeeten

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang

An der Mëttegstonn war d‘Leit aus dem Bankesecteur vun der

Solidaritéit mam Schleck: Keen Äddi fir den Duschène
Neiegkeeten

Solidaritéit mam Schleck: Keen Äddi fir den Duschène

Souwuel Syndikat vun der Lëtzebuerger Arméi (SPAL), wéi och de

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog Henri an de Romain Schneider, Minister fir Wäibau, de Lieu-Dit „Koeppchen“ zu Wuermer besicht a bei der Wäilies vum Riesling deelgeholl. Wärend dem Drauwe-Plécke koum et natierlech och zum Gespréich mat de Wënzer.

De Riesling vun der Koeppchen ass bekannt fir seng aussergewéinlech Qualitéit. Op enger Fläch vu 7,8 Hektar stinn d’Riewen, an och eng Kapell vun 1925 zu Éiere vum Schutzpatroun vun de Riewen ass hei ze fannen.

Besonnesch impressionnant war och d’Vue op d’Musel a seng pittoresk Landschaft. Mat enger Pente vu 45 Grad, dem kallekräiche Buedem an enger quasi perfekter Orientatioun a Richtung Süd-Westen ginn d’Drauwe genau der richteger Quantitéit u Sonn ausgesat.

Ma, an dësem Kader huet de Minister Schneider, zesumme mat de Representante vun der OPVI, den Domaines Vinsmoselle an der Federatioun vum Lëtzebuerger Wäin e positive Bilan zur Wäilies 2020 gezunn.

Ouni gréisser Virfäll an trotz Restriktiounen duerch d’Pandemie konnt eng immens zefriddestellend Organisatioun garantéiert ginn. Doduerch, datt d’Wënzer hir Saisonnieren aus dem Ausland net all empfänke konnten, hat een Angscht, d’Lies net wéi soss duerchféieren ze kënne. D’Erausfuerderung konnt awer mat Bravour gemeeschtert ginn!

Eng Quantitéit vun ongeféier 92.000 Hektoliter ass zesummekomm.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Visitt vu S.A.R. dem Groussherzog Henri an dem Minister Roman Schneider.

Related topics Domaines Vinsmoselle, Musel, Organisatioun, Romain Schneider, S.A.R. de Groussherzog Henri, Wäiriewen, Wuermer
Next post Previous post