Search

You may also like

surprise
D‘Reform vum Notariat soll déi erhoffte Moderniséierung bréngen
Neiegkeeten

D‘Reform vum Notariat soll déi erhoffte Moderniséierung bréngen

Bei engem „Avantprojet“ vun iwwer 80 Säite fir e Gesetz,

dislike
Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba
Neiegkeeten

Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba

Um Mëttwoch huet Washington matgedeelt d‘Geschäftsbezéiungen tëscht amerikaneschen a kubaneschen

Editorial: En héich op d‘Summerlach
Neiegkeeten

Editorial: En héich op d‘Summerlach

Kaum ee fäert d‘Summerlach esou vill wéi e Journalist. Virun

Wäiss Gëtter (Kommentar)

Wäiss Gëtter (Kommentar)

Nodeems gëschter de Konsumenteschutz (ULC) an d‘Patientevertriedung Asbl – also zwee wichteg Acteure vun der Zivilgesellschaft – denoncéiert hunn, datt an den Impfzenter den Avis vun de Leit hiren Hausdokter net géif respektéiert ginn, an et zu arbiträren Decisioune kënnt, huet sech séier de Beruffsverband vun de Gesondheetsdéngschtleeschter AMMD, zu Wuert gemellt.

Beim Verband vun den Dokteren an Zänndokteren ass een, wéi sollt et och schonn anescht sinn, ganz iwwerrascht, bezunn op den Inhalt vum Communiqué vun de genannten Organisatiounen. Esou huet den AMMD-Generalsekretär Guillaume Steichen sech erstaunt gewisen. Hie wier ganz iwwerrascht, datt „heefeg den Avis vum Hausdokter net berécksiichtegt“ géife ginn.

Dat wier net nëmmen onvirstellbar, mee déi ganz Prozedur géif dat onméiglech maachen. Hei wier alles bis an den allerleschten Detail akribesch organiséiert ginn. Déi ganz Prozedur wier allen am Gesondheetssecteur verantwortleche Medezinner bekannt, eng besser Reegelung géif et néierewou op der Welt. A mat der Aluedung géif jo all Kandidat de Froebou zu Allergië matgeschéckt kréien.

„Dëse Formulaire mussen Dokter a Patient ausfëllen. Unhand dësem Dokument kann den Dokter am Impfzenter d‘Situatioun aschätzen, an dem Patient dee fir hie beschtens gëeegente Vaccin och bestëmmen“, esou en Technokrat dee wuel länger net méi un Terrain muss gewiescht sinn. Richteg ass dogéint, datt formell festgeluecht ginn ass, wien wat kloer net dierf gesprëtzt kréien.

AMMD

Domadder wier zumindest d‘Ausso vun der ULC an der Patientevertriedung bestätegt, datt een an den Impfzenter keng Récksiicht op de behandelenden Dokter huele kann, mee een d‘Vaccine op der Grondlag vun de Recommandatioune säitens Regierung (politesch) an EMA (institutionell) notzt. A souwisou hunn d‘Leit keng Anung. Wat den Dokter seet sollt also nach ëmmer Gesetz sinn?

Gutt elo gëtt jo schliisslech och kee gezwongen den Aarm dohinner ze halen, an esou wéi et sech grad presentéiert, sinn et virrangeg nëmme Fraen déi a Gefor sinn sech eng Thrombos anzefänken, falls iwwerhaapt en Zesummenhang tëscht de Bluttgerënsel an de Vaccinen (hei AstraZeneca an de Janssen) sollt ginn, wat och nach net ofschléissend vun den Autoritéite gekläert ginn ass.

Interessanterweis weist och de Coordinateur vun den Impfzentren drop hin, datt sech déi an den Zentren aktiv Doktere just un déi vun der Regierung bestëmmte Virlag halen. Et géif ee sech zudeem ganz op d‘Recommandatioune vun der EMA verloossen. Wann een unhand dësen Aussoen elo keng Loscht méi op de Vaccin huet, kann sech d‘Impfcampagne net méi opgoen.

Illustratioun: Mam Vertraue spillt een net, an och eng ugestaamten Iwwerhieflechkeet léif AMMD ass net wierklech gëeegent sech Respekt ze verschafen. Eppes Versteesdemech fir Ängschten, statt Rechthaberei, da vergënnen d‘Leit iech och nees de Porsche, d‘Luxusvilla an d‘Kotisatioun fir de Golfclub. Esou awer hëlleft dir just den Impfgéigner… ass vläicht gewollt, wie weess dat schonn? © National Cancer Institute

Related topics AMMD, Konsumenteschutz, Medezineschen Avis, Patientevertriedung Asbl, ULC, Wäiss Gëtter
Next post Previous post