Search

You may also like

Honnerte jonk Klimaaktiviste virum Wäissen Haus
International Neiegkeeten

Honnerte jonk Klimaaktiviste virum Wäissen Haus

Wann déi jonk schwedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg an den USA

Chantier op der Autobunn A7 tëscht den Echangeure Mierscherbierg a Kolmer-Bierg (05.-08.03.2021)
International Neiegkeeten

Chantier op der Autobunn A7 tëscht den Echangeure Mierscherbierg a Kolmer-Bierg (05.-08.03.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, dass d’CREOS Enn der Woch Aarbechten un

Beruffsverband vun de Journaliste setzt sech duerch
International Neiegkeeten

Beruffsverband vun de Journaliste setzt sech duerch

Nodeems aus ville Redaktiounen, an zuweilen och klenge Parteien, vill

Wäissrussesch Oppositioun grënnt nei Partei

Den Diktator gräift weider haart duerch, mee d‘Demokratiebeweegung ass net méi opzehalen

Wäissrussesch Oppositioun grënnt nei Partei

D‘Demokratiebeweegung déi sech a Wäissrussland zur Stonn ëm d‘Maria Kolesnikowa dréit, huet d‘Grënnung vun der Partei „Wmestje“ (Matenaner) zur Erneierung vum Land bekannt ginn. Dëse politescher Mouvement soll alle Mënschen déi Verännerung wëllen eng Heemecht sinn, esou déi 38 järeg wäissrussesch Aktivistin um spéide Méindegowend.

Et ass en neit Kapitel am Kampf géint den Alexander Lukaschenko, an d‘Maria Kolesnikowa gëllt als eng vun de féierende Figuren an der Biergerbeweegung. Si ass d‘Mataarbechterin vum ex-Bänker Viktor Babaryko, deen de Versuch gestart hat sech als Kandidat géint den Autokrat bei de Walen ze presentéieren. De Babaryko hätt sécherlech Chance gehat, gouf awer zäiteg festgeholl.

Oppositioun

D‘Maria Kolesnikowa hält zu Minsk d‘Stellung an huet gëschter d‘Grënnung vun der neier Oppositiounspartei Wmestje bekannt gemaach. © people.onliner.by

An der Videobotschaft huet d‘Maria Kolesnikowa erkläert: „Mir hunn an de leschten dräi Méint méi geleescht wéi an de leschte 26 Joer. Zesummen hu mir gekämpft an wäerte weider kämpfen, fir d‘Fräiheet a fir eis Zukunft“. Am Clip gëtt et och ee kuerzen Optrëtt vum Viktor Babaryko, awer een aus der Zäit viru senger Verhaftung. Hie rifft op zur Gestaltung vun enger neier Verfassung.

D‘Partei Wmestje, esou d‘Ausso, schafft onofhängeg vum kierzlech gegrënnte Koordinéierungsrot vun der Zivilgesellschaft. D‘Demokratiebeewegung fuerdert net nëmmen de Récktrëtt vum Alexander Lukaschenko, mee d‘Fräiloosse vun alle politesche Prisonéier, wéi och d‘Organisatioun vu fairen a fräien Neiwahlen. Ënnerstëtzt gëtt dëse Mouvement den Ament vun der EU.

OppositiounEng EU, där hir Ausseminister ënnert der Leedung vum EU-Kommissär Josep Borrell, sech am Kontext vu rezenten „Entrevuen“ drop verstännegt hunn, Sanktioune géint héich Honoratioren aus dem direkten Ëmfeld vum leschten europäeschen Diktator verhänken ze wëllen. Ëmgesat ass awer nach näischt, an zur Stonn wier och den eigentlechen „Täter“ net vu méigleche Sanktioune betraff.

D‘Repressioun mécht keng Paus

Wärend d‘Maria Kolesnikowa hir Annonce betreffend d‘Neigrënnung vun der Oppositiounspartei virbereet huet, sinn d‘Sécherheetskräfte weider massiv géint d‘Demonstrante virgaangen. Et gouf nees vill Verhaftungen. Esou ass och d‘Regierungskritikerin Lilia Wlassowa, als Member vum Koordinéierungsrot vun der Police matgeholl ginn, esou de Member vum Rot, Pawel Latuschko.

OppositiounDee huet bestätegt, datt d‘Police bei der 67 järeger Aktivist fir unzefänken eng Perquisitioun virgeholl hat, an dunn d‘Fra verhaft hätt. Allgemeng gëtt et strofrechtlech Ermëttlunge géint d‘Membere vum Koordinéierungsrot. Si géifen offensichtlech géint d‘Virgaben zur nationaler Sécherheet verstoussen. Dobäi verfollegt de Rot d‘Zil en friddleche Muechtwiessel erbäizeféieren.

Vum Koordinéierungsrot, zu deem och d‘Svetlana Alexievich (Literaturnobelpräis 2015) gehéiert gëtt den Dialog gefuerdert, mee den Alexander Lukaschenko erkennt dëse Gremium net un, an huet d‘Justiz opgefuerdert géint dëse virzegoen. Och dat ee vun de Punkten dee vun der europäescher Unioun éischter kritesch betruecht gëtt. Eng Handhab dogéint huet Bréissel awer elo och net.

OppositiounAn de Staatsbetriber gëtt bekanntlech gestreikt, woubäi an engem vun de wichtegste Betriber de Streik elo beendegt ginn ass. D‘Entreprise „Belaruskali“ ass de fënneft gréisste Produzent vu Kalisalz op der Welt an eng vun de wichtegste Finanzquelle vu Wäissrussland. Hei hat den Anatoli Bokun seng Aarbechtskollegen zum Streik motivéiert kritt. Deen ass elo op en Enn gaangen.

D‘Police huet den Anatoli Bokun als Streik-Leader verhaft an dësem seng Kolleegen hunn nees hir Aarbecht opgeholl. De Spriecher vum Streikcomité, Gleb Sandras, huet erkläert datt all Minnen elo erëm produzéieren, dat awer de Comité fir Staatssécherheet „entspriechend Mesure“ ergräife wollt. Dem Aktivist bléit elo eng Haftstrof vu 15 Deeg, well hien de Streik organiséiert huet.

Säitens dem Regime gëtt et och Neies: de President Alexander Lukaschenko huet senge Landsleit Reformen an Aussiicht gestallt. Jidderee géif no Verännerung jäizen, an hien hätt dann och dofir Versteesdemech, firwat ee sech dëse Wënsch a Fuerderungen elo wéilt unhuelen. A wéi enger Form et zu Verfassungsännerunge komme kann, a wéi séier dat ze realiséieren ass, weess awer keen.

indymedia/lon

Foto: Nach verleeft de Biergerprotest friddlech, och wann et weiderhin zu Verhaftunge vu Leader vum Koordinéierungsrot an der Oppositioun kënnt. © BELSAT-TV (Courtesy)

Related topics Alexander Lukaschenko, Diktatur, Lilia Wlassowa, Maria Kolesnikowa, Revolutioun, Wäissrussland
Next post Previous post