Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’Äisch?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Äisch?

[onionbuzz quiz-id=213][/onionbuzz] D’Äisch ass ee vun eise wichtegste Waasserleef. Mee

Fléiend Belugaen – D’Cargolux transportéiert elo Walen
International Neiegkeeten

Fléiend Belugaen – D’Cargolux transportéiert elo Walen

Déi féierend Airline Cargolux deelt mat, datt si zesumme mat

240.000 Stëmme fir europäesch Gewässer
International Neiegkeeten

240.000 Stëmme fir europäesch Gewässer

Momentan organiséiert d’EU-Kommissioun eng Biergerbefroung am Kader vun de Waasserrichtlinnen.

Wäissrussland: 99 Protestdeeg!

Wäissrussland: 99 Protestdeeg!

Zanter dem Walbedruch vum 9. August ginn d‘Bierger a Wäissrussland all Sonndeg op d‘Strooss, fir géint de leschten europäeschen Diktator ze protestéieren. Si gi politesch vun der EU gestäipt. Bréissel streift och e Regimewiessel un a géif d‘Land gären ënnert sengem „Schierm“ ophuelen. Den Alexander Lukaschenko huet net wëlles esou einfach d‘Bengele bei d‘Tromm ze geheien.

An esou ass et dann och gëschter nees zu Minsk zu massiver Gewalt komm. D‘Sécherheetskräften hunn Tréinegas a Blendgranate géint d‘Manifestanten agesat. D‘Mënscherechtsgrupp „Viasna“ huet gëschter Owend vun engen dausend Verhaftunge bericht. Et sinn och nees Journaliste verhaft ginn. Mat de Biller, déi an de sozialen Netzwierker kurséieren, ginn d‘Iwwergrëff awer dokumentéiert.

Et huet dann och nees vill Blesséierter ginn a wat aus de Männer a Frae ginn ass, déi vun der Police a Busser a Camionnette geschleeft goufen, weess en Ament och keen esou richteg. Laut Viasna sinn déi meescht wuel zu Minsk am Prisong gelant. D‘Mënscherechtsgrupp hat ee Sonndegowend 1040 Nimm verëffentlecht. Leschten Informatiounen no, wieren déi meescht de Mueren awer nees fräi.

Wäissrussland

D‘Autoritéite schéngen sech dann elo och un dës ëmmer Sonndes stattfannend Protester gewinnt ze hunn a begéinen de Manifestante mat System. Esou waren nees 15 Metrosstatiounen zu Minsk ganz gespaart ginn, fir ee liichten Zougang zum Stadzentrum ze verhënneren. Vill Stroossen a Plaze sinn ofgerigelt ginn. Trotzdeem loossen d‘Wäissrussen net labber, a fuerderen de Récktrëtt vum „Chef“.

Et war gëschter dann och schonn den 99. Protestdag. E Protest deen iwwregens net eleng zu Minsk stattfënnt, mee och an den anere gréisseren Agglomeratioune gefouert gëtt. Um Sonndeg ass dem 31 järege Roman Bondarenko geduecht ginn, dee virun ee puer Deeg un de Folge vu senge Blessure verstuerwen ass. Et heescht hie wier „iwwerfall“ ginn, wat himm d‘Bezeechnung „Held“ abréngt.

Dat ass eng gutt Geleeënheet fir Propaganda ze maachen, an déi huet d‘Svetlana Tichanowskaja sech net entgoe gelooss. D‘Oppositiounsleaderin am „Exil“ gëtt vun der EU-Kommissioun ganz oppen hofféiert an huet zum Dout vum Manifestant op Telegram geschriwwen: „Mir wäerten den Dout vum Roman Bondarenko net verzeien“. Wéi laang dat esou ka goen? Bis Moskau nogëtt…

mat indymedia/lon/bru

Foto: D‘EU-Kommissioun huet viru gutt enger Woch och den Alexander Lukaschenko selwer op d‘Lëscht vun de sanktionéierte wäissrussesche Verantwortungsträger gesat. Si hate laang gewaart iert se dëse Schratt zu Bréissel gemaach hunn, an ob et eppes bréngt ass net erwisen. Bis dohinner huet de leschten „Diktator vun Europa“ nach ëmmer d‘Soen. D‘Oppositioun gëtt awer och am Ausland ënnerstëtzt, esou vun „die Grünen“ aus Däitschland. © Ricarda Lang (via Twitter)

Related topics Alexander Lukaschenko, Belarus, Diktatur, EU-Sanktiounen, Wäissrussland, Walbedruch
Next post Previous post