Search

You may also like

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt
International Neiegkeeten

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt

Viru knapp engem Mount, huet den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei)

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren
International Neiegkeeten

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren

Um 18. Juni 2019 stellt d’Fabienne Gilbertz de Verlag Lochness

De Summer kënnt, mee gëtt et och eng Vakanz?
International Neiegkeeten

De Summer kënnt, mee gëtt et och eng Vakanz?

Mat der Covid19-Pandemie koum fir unzefänken de „Lockdown“ an du

…déi lescht Deeg am Bunker

Dem Alexander Lukaschenko seng Zäit geet op en Enn, dem Diktator ginn d‘Optiounen aus

…déi lescht Deeg am Bunker

Wéinst den unhalende Protester zanter der Presidentschaftswahl vum leschte Sonndeg, huet den Alexander Lukaschenko virun engem Ëmstuerz gewarnt. Hien hat schonn e Freideg, nodeems d‘EU-Ausseminister sech bei enger Drénglechkeetssëtzung fir Sanktiounen ausgeschwat haten, d‘Ausland fir d‘Protester verantwortlech gemaach a vu baussenzeger Amëschung geschwat.

Als Haaptacteure vu bausse verweist de wäissrusseschen Diktator op Holland, Polen, Russland an d‘Ukrain. Woubäi wann de Lukaschenko vu Russland schwätzt, mengt hien den Oppositionellen Alexej Nawalny, an net d‘Regierung… Op der Staatstëlee huet den Alexander Lukaschenko senge Landsleit matgedeelt, datt hien enger Kooperatioun mam Vladimir Putin schonn zougestëmmt hätt.

Hëllef vun anere Länner war ofgewise ginn, a souwisou ass Russland éischter den „natierleche“ Partner vun der fréierer Sowjetrepublik. D‘Bierger am Land wiere wuel éischter pro-europäesch, a Bréissel selwer och wirtschaftlech interesséiert, seng Osterweiderung mat Wäissrussland virun ze dreiwen. Fir den Ament awer, beherrsche Protest, Streik a Staatsgewalt d‘Situatioun am Land.

Och um Samschdeg hunn sech nees dausende Mënschen zu Minsk versammelt fir géint d‘Gewalt an d‘Willkür vum Staatsapparat ze demonstréieren. An de Staatsbetriber hunn d‘Leit d‘Aarbecht längst néiergeluecht, wat och en éischter schlecht Zeechen ass. Déi wirtschaftlech Folgen dierften och nom ofsetze vum Diktator schmäerzlech sinn, woubäi et wuel zum Präis gehéiert deen d‘Fräiheet kascht.

Russesch Interessen dierf een net ënnerschätzen

Ob de Vladimir Putin den Alexander Lukaschenko gutt Leide kann oder och net, spillt an dësem Kontext eng éischter niewesächlech Roll. D‘NATO ënnert amerikanescher Leedung rëscht op an hält et fir sënnvoll, grouss Manöver virun der Grenz vu Russland ze organiséieren. D‘USA zéien Truppen aus Däitschland of fir se a Polen ze stationéieren, och Atomwaffe kéinte verluecht ginn.

Aus dem Kreml gouf zudeem bestätegt, datt sech béid Presidenten um Telefon ënnerhalen hunn, an een Hoffnung hätt, datt déi bestoend Spannunge kuerzfristeg kéinte bäigeluecht ginn. Dofir missten sech dann awer „déi aner“ emol aus den internen Ugeleeënheete vu Wäissrussland eraushalen, wat no der Decisioun Sanktiounen ze ergräife schwiereg dierft sinn. A Russland huet jo och Interessen.

Fir Moskau dierften déi wirtschaftlech Interesse manner schwéier weien, wéi déi politesch a virun allem strategesch Interessen. Et ass wuel net dovunner auszegoen, datt de Vladimir Putin seng Arméi iwwert d‘Grenz schéckt, mee ganz auszeschléissen ass esou eppes zanter der Annexioun vun der Krim jo elo och net méi. Mee bis heihinner, sti Police an Arméi nach hannert dem Diktator.

Wäissrussland

Mësshandlung déi oppe gewise gëtt, soll d‘Mënschen aschüchteren. Eng Rechnung déi awer net opzegoe schéngt, ginn d‘Affer vun der Staatsgewalt dach als Helde gefeiert. © Mission Lifeline

Well d‘Regierung zu Minsk dovunner auszegoe schéngt, datt eng ugekënnegt Mënschekette vu Litauen duerch Wäissrussland bis an d‘Ukrain tatsächlech méiglech ass, gi Virbereedunge getraff, esou enger Aktioun entgéintzetrieden. Eng Eenheet vu Falschiermjeeër ass un déi westlech Grenz, ronderëm d‘Stad Grodno verluecht ginn. Dat alles sinn och Unzeechen, datt et zu Enn geet…

Déi lescht Patroune sollt ee sech ophiewen

Firwat den Alexander Lukaschenko net einfach senger Wee geet, ass wuel engem Syndrom geschëlt deen allen Diktatore gemeng ass. D‘Geschichtsbicher si voller Beispiller, a meeschtens hëlt et ee ganz schlecht Enn, déi mannsten erreechen de sécheren Exil… Déi sougenannten international Communautéit dierft net un engem Konflikt interesséiert sinn, an dee Russland verwéckelt gëtt.

Déi ugebuede Vermëttlung vun Estland, Lettland, Litauen a Polen huet den Alexander Lukaschenko zréckgewisen. „Mir sinn en normaalt Land, dat sech op eng Verfassung stëtzt. Mir brauche keng auslännesch Regierung, déi sech an eis Ugeleeënheeten amëscht“, esou de wäissrussesche President a senger Ried op der Tëlee. Mat Sanktiounen eleng dierft hien dann och net ze verjoe sinn.

Jee no Quell, wiere bis zu 6.700 Mënsche verhaft gi sinn. Eng 2.000 dovunner huet de Regime als „Gest vun der Versöhnung“ mëttlerweil nees fräi gelooss. Och eppes wat net ouni Hannergedanke gemaach ginn ass. Vill ënnert hinne schwätze vu Folter a Mësshandlungen – déi esou och wierklech erwise sinn – an dat gehéiert dann och zur Strategie. Et weist de Leit, wat se ze erwaarden hunn.

mat indymedia/lon/mow

Foto: D‘Sécherheetskräfte besetzen d‘Stroosse vu Minsk. © Mission Lifeline

Related topics Alexander Lukaschenko, Diktatur, Presidentschaftswahl, Svetlana Tichanowskaja, Wäissrussland
Next post Previous post