Search

You may also like

Op de Philippinnen hu se d‘Pressefräiheet ofgeschaaft
International Neiegkeeten

Op de Philippinnen hu se d‘Pressefräiheet ofgeschaaft

Kritesche Medien de Stecker zéien ass net nëmmen de fiichten

Syvicol: Kréie mir den „Après-Crise“ gestemmt?
International Neiegkeeten

Syvicol: Kréie mir den „Après-Crise“ gestemmt?

Bei senger éischter nees physescher Sëtzung, huet de Syvicol gëschter

Paräis léist et méi lues ugoen
International Neiegkeeten

Paräis léist et méi lues ugoen

Zanter dem haitege Méindeg, gëllt op bal alle Stroossen an

Wäissrussland: Wahlen an enger Diktatur

No offensichtlech manipuléierte Wahle war et zu Ausenanersetzungen tëscht Demonstranten an der Staatsgewalt komm

Wäissrussland: Wahlen an enger Diktatur

Laut de wäissrusseschen Autoritéiten huet den amtéierende President Alexander Lukaschenko d‘Presidentschaftswahle mat enger iwwerwältegender Majoritéit gewonnen. D‘Géigekandidatin Svetlana Tichanowskaja weist d‘Wahlresultat zeréck an et koum um Sonndeg zu massiven Demonstratiounen, déi vum Regime mat entspriechender Häert néiergeschloe goufen.

Wärend Däitschland, Litauen a Polen sech a Kritik geüübt hunn, an een zu Bréissel esou eppes wéi Bedenke geäussert huet, hu China a Russland dem leschten europäeschen Diktator gratuléiert. An engem Gléckwonschtelegramm huet de Vladimir Putin notéiert, datt d‘Zesummenaarbecht tëscht de Bruddervëlker sollt gestäerkt ginn. De Xi Jinping war gläichfalls voller Luef fir den Diktator.

Bezitt ee sech op d‘Wahlkommissioun, dann hätt den Alexander Lukaschenko 80,2% vun de Wieler iwwerzeegt, während d‘Kandidatin vun der Oppositioun op grad emol 9,9% vun de Stëmme géif kommen. Un der Wahl solle 84% vun de ronn 6,8 Milliounen Awunner deelgeholl hunn. Alles an allem haten sech fënnef Kandidate fir d‘Mandat vum President zur Wahl gestallt.

Bréissel mécht Drock

D‘EU-Kommissiounspresidentin, Ursula vun der Leyen, bezweiwelt datt bei dëse Wahlen alles mat der entspriechender Suergfalt ofgelaf ass. Well hei misst séchergestallt ginn, datt d‘Stëmme musse prezis gezielt a verëffentlecht ginn, fuerdert Si vum President senge Fonctionnairen, dat offiziellt Resultat nach emol ze iwwerpréiwen. Méi offensiv kann een diplomatesch wuel net virgoen.

DiktaturOch den EU-Rotspresident, Charles Michel, hat en Avis zu de Wahlen a Wäissrussland, oder villméi zum Protest, deen d‘Verkënnegung vum „Resultat“ begleet huet. De massiven Asaz vu Gewalt géint Demonstrante gouf denoncéiert: „D‘Meenung- a Versammlungsfräiheet, esou wéi déi grondleeënd Mënscherechter musse gewoort bleiwen. Gewalt géint Demonstrante ass net d‘Äntwert“.

De Regierungsspriecher vun der Bundesregierung, Steffen Seibert, huet d‘Gewalt géint d‘Bierger an d‘Verhaftung vu Journaliste veruerteelt. E Spriecher vum däitschen Ausseministère stellt fest, datt et virun de Walen zu Repressioun a willkürleche Verhaftunge vu Kritiker komm ass. Bierger, Blogger a Journaliste wieren ageschüchtert ginn. Virwërf déi dann elo awer eppes Spéit ausgedréckt ginn…

DiktaturOch d‘Nopeschlänner Litauen a Polen, deenen d‘Gewalt géint d‘Bierger, Kritiker an Demonstrante während dem „Wahlkampf“ net kann entgaange sinn, verlaangen elo vum Alexander Lukaschenko op dës Gewalt ze verzichten. Kredibilitéit gesäit anescht aus. Zu Lëtzebuerg schéngt ee weder eppes vum Wahlkampf nach der Wahl matkritt ze hunn. Mee et gouf zumindest och net gratuléiert…

Wie protestéiert kritt der op d‘Sabbel

Et war ofzegesinn, datt den Diktator och no 26 Joer un der Muecht net gewëllt wier d‘Heft aus der Hand ze ginn, firwat all Kandidat mat eppes Aussiichten entweder an den Exil verdriwwen oder an de Prisong gestach ginn ass. Et war alles gemaach ginn, fir den demokratesche Prozess an dëser fréierer Sowjetrepublik ze ënnerbannen, an d‘Bierger haten deem just de Protest entgéintzestellen.

DiktaturKee Wonner also, datt nodeems den Alexander Lukaschenko als Gewënner annoncéiert gouf, et zu Minsk an anere Groussstied op en Neits zu Demonstratioune komm ass. Zu Dausende waren si op der Strooss an hunn géint Wahlfälschung protestéiert. E Protest dee mat allen zur Verfügung stoende Mëttel néiergeschloe ginn ass. Eréischt an Mueresstonnen e Méindeg, ass et nees méi roueg ginn.

Fir d‘Demonstranten dierft dat en Nospill hunn. De staatlechen Ermëttlungscomité huet annoncéiert géint d‘Organisateuren an all Demonstrant virzegoen. Besonnesch all déi, wou an der Nuecht op ee Méindeg verhaft goufen, wäerten sech viru Geriicht wéinst „Ustëftung zum Opstand“ veräntwerten. Dat ka mat bis zu 15 Joer Haft endegen. Honnerte Mënsche ginn zudeem elo och vermësst…

Et soll sech keen amëschen

Iwwert e Véierelsjoerhonnert huet den Diktator fräi a fair Wahle verhënnert kritt, an et huet seele méi wéi „Bedauere“ ginn. Dat sollt och esou bleiwen, woubäi et dës Kéier schon am Virfeld säitens den „Noperen“ eppes Grimasse ginn hat. Dat kënnt dem Alexander Lukaschenko elo zimmlech geleeën, kann hie jo elo d‘Ausland fir d‘Onrouen an de Protest verantwortlech maachen.

Diktatur

Virum Wahlgang ware Russe verhaft ginn, déi elo dem „Putschversuch“ ugeklot ginn. Vu Minsk aus ginn dann elo och déi auslännesch Regierungen opgeruff, sech aus den internen Ugeleeënheete vu Wäissrussland erauszehalen. Woubäi esou richteg amësche wëll sech jo och keen, an et gëtt genuch EU-Länner, déi mat eppes Jalousie op d‘Wahlbedeelegung an déi grouss Zoustëmmung blécken…

D‘Oppositiounskandidatin Svetlana Tichanowskaja, déi dëst Resultat esou net wëll (a sécherlech och net kann) unerkennen, huet d‘Police opgeruff op Gewalt ze verzichten an huet en Appell un hir Unhänger geriicht, Provokatiounen ze vermeiden. Een Demonstrant – esou d‘Police – ass dout an eng 30 Persounen si verhaft ginn. An de sozialen Netzwierker gëtt et dozou masseg Bildmaterial.

DiktaturVun New York aus, dem Sëtz vun de Vereenten Natiounen (UNO), huet den Antonio Guterres en Appell un déi wäissrussesch Regierung an d‘Demonstrante geriicht. Vum Regime gëtt gefuerdert, d‘Recht op Meenungsfräiheet ze respektéieren, d‘Bierger sollten hirersäits op Aktioune verzichten, déi zu weidere Spannunge féiere kënnen. Béides dierft ënnert dësen Ëmstänn kaum méiglech sinn.

mat indymedia/lon

Foto: De leschten europäeschen Diktator: Alexander Lukaschenko. Hien huet leschte Sonndeg wéi erwaart d‘Presidentschaftswahl a Wäissrussland gewonnen. Datt et méiglecherweis kéint zu Onregelméissegkeete komm sinn, just well him 80,2% vun de Stëmmen zougesprach ginn, huet de Staatschef zréckgewisen. Et géif dach nëmme bestätegen, datt d‘Vollek hannert him steet. © Vasily Ferdosenko / YeniSafak (File)

Related topics Alexander Lukaschenko, Diktatur, Presidentschaftswahl, Svetlana Tichanowskaja, Wäissrussland
Next post Previous post