Search

You may also like

De Chèque-Service ass duerchliicht ginn
International Neiegkeeten

De Chèque-Service ass duerchliicht ginn

Am Kader vum „Child-Care 1“ Projet hunn d‘Dr. Audrey Bousselin

Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren
International Neiegkeeten

Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren

Och an dësem Joer lancéiert de Service National de la

En Joint fir den Andrew Cuomo?
International Neiegkeeten

En Joint fir den Andrew Cuomo?

Am Parlament vum US-Bundesstaat New York gouf d‘Legaliséierung vum rekreative

Wäissrussland: Bréissel erhéicht den Drock

Um Mëttwoch hu Vertrieder vun den EU-Länner d‘Sanktioune géint de Lukaschenko ageleet

Wäissrussland: Bréissel erhéicht den Drock

Wéi sech Ufank Oktober d‘EU-Staats- a Regierungscheffen op d‘Ëmsetze vun de Sanktioune géint de wäissrussesche Regime verstännegt hat, war den Alexander Lukaschenko nach verschount ginn. Wéinst der gewaltsamer Ënnerdréckung vun der Demokratiebeweegung soll elo awer och hien dëse Freideg mat Sanktioune beluecht ginn. D‘Verfare jiddefalls ass gëschter ageleet ginn.

Zu de Sanktioune gehéiert en Areesverbuet an d‘EU, wat de wäissrussesche Staatschef wuel kaum wäert beandrocken. Mee och wann dës „Sanktioun“ éischter Symbolcharakter huet, esou ass een zu Bréissel iwwerzeegt, datt och en Zeeche vun der Solidaritéit mat de Bierger vu Wäissrussland an der Welt seng Wierkung huet. Et sollt een zu Bréissel awer bedenken, datt et dofir Interessi brauch.

Den Dissens tëscht dem wäissrussesche Regime an der EU berout op der erwisener Walfälschung um 9. August. De Bedruch war esou offensichtlech, net emol Moskau versicht hei ze relativiséieren an et sollt ee Versteesdemech fir Bierger hunn, déi zanterhier Streiken, Protestéieren a sech vun der Police zerschloe loossen. Mee no 26 Joer un der Muecht fält et dem „Chef“ net liicht anzehänken.

An esou huet och de leschten europäeschen Diktator – wéi den Alexander Lukaschenko jo och nach gäre bezeechent gëtt – seng Kaarten ausgespillt. D‘Sécherheetskräften (Police an Arméi) schéngen dem „Chef“ nach ëmmer trei zur Säit ze stoen, firwat et da bei de Protester an Demonstratiounen zu Verhaftungen an Ausenanersetzunge kënnt. Dat do Mënsche stierwen, schéngt a Kaf geholl ze ginn.

Net der Welt hire gréisse Problem

Zanter sech Regime a Bevëlkerung géinteniwwer stinn, huet et Doudeger, honnerte Blesséierter an dausende Verhaftunge ginn. Eleng leschte Sonndeg sinn nees ronn 300 Demonstranten zu Minsk vu Sécherheetskräfte festgeholl ginn. Et koum och nees zum Asaz vu Schock- a Blendgranaten, och um Tréinegas gouf net gespuert. Mee ee politesche Wiessel oder Neiwalen, dat ass net a Siicht.

An den Alexander Lukaschenko kéint sech op Dauer duerchsetzen. Gesäit een emol vun der Politik an de Leit of, déi entweder eng Bezéiung zu Wäissrussland hunn an/oder net nëmmen op déi an de Noriichte gewisen „Headlines“, gëtt et wéineg internationalen Interessi. Et ginn där Konflikter emol ze vill, an och Hong Kong ass längst nees ënnert dem Radar verschwonnen. An dat ass net alles…

A ville Länner op der Welt streiden d‘Leit op der Strooss fir hir Rechter, mee d‘Covid19-Pandemie, d‘Walen an Amerika, déi bedreelech Wirtschaftslag a villes méi, blennen dat alles aus. Trotzdeem hu se elo zu Bréissel decidéiert – nodeems den 2. Oktober géint 40 Persoune restriktiv Sanktiounen ëmgesat goufen – ab ee Freideg och de Chef a 14 Persounen aus dem enken Ëmfeld op d’Lëscht ze setzen.

Firwat dauert ëmmer alles esou laang?

Datt all dës Mënsche wéinst Ausübung, Ënnerstëtzung an/oder aktiver Bedeelegung un: Gewalt, Repressioun, Aschüchterung a villes méi sanktionéiert ginn, ass streng geholl de richtege Wee. Walfälschung, Bedreeung vun Oppositionellen a Journalisten, ass inakzeptabel, an natierlech dierf gefrot ginn, firwat d‘EU-Kommissioun an d‘Staats- a Regierungscheffen esou laang brauchen.

Hei dierf drop higewise ginn, datt et selbstverständlech ëmmer nach gëllt alles ze versichen, enger konfliktueller Situatioun mat Diplomatie ze begéinen. Datt den Alexander Lukaschenko also net direkt sanktionéiert ginn ass, huet och domadder ze dinn, datt een den diplomatesche Kanal wollt ophalen. Vu datt den Diktator sech awer an de leschte Wochen net „gebessert“ huet, ass elo Schluss.

Et dierf een och net den Afloss vu Moskau ënnerschätzen. Den Zar Vladimir Putin gesäit d‘Land als Deel vu sengem Aflossberäich a Pufferzon zur NATO. Eng europäesch Amëschung wéi sengerzäit an der Ukrain soll verhënnert ginn. D‘EU, déi sech kloer zur wäissrussescher Oppositioun – déi elo gréisstendeels am Exil sëtzt – bekannt huet, misst also folgerichteg Neel mat Käpp maachen…

mat indymedia/bru/mow

Foto: © Jana Shnipelson / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Diktatur, EU-Kommissioun, Sanktiounen, Wahlfälschung, Wäissrussland
Next post Previous post