Search

You may also like

Haut ass de Welt-Parkinson-Dag
International Neiegkeeten

Haut ass de Welt-Parkinson-Dag

Haut ass de Welt-Parkinson-Dag. E gouf an d’Liewe geruff fir

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère
International Neiegkeeten

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Den CID – Fraen an Gender ass schockéiert iwwert déi

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat
International Neiegkeeten

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat

Schonn nees maachen d’Banken an enger negativer Aart a Weis

Wäissrussland schléisst seng Grenz zur Ukrain

Wäissrussland schléisst seng Grenz zur Ukrain

Well den Alexander Lukaschenko iwwerzeegt ass, datt d‘Ukrain zesumme mat enger Rei westleche Staaten seng Diktatur stierze wëllen, huet de wäissrussesche President ugeuerdent d‘Grenzen zur Ukrain zouzemaachen. Et wier eng Fro vun der nationaler Sécherheet…

„Eng grouss Unzuel vu Waffe kënnt iwwert déi ukrainesch Grenz an d‘Land eran. Aus dësem Grond hunn ech den Uerder ginn, d‘Grenz zur Ukrain vollstänneg ze schléissen“, zitéiert déi national Presseagence BelTa. Weider heescht et, datt d‘Autoritéiten terroristesch Schléifer-Zellen enttarnt an zerschloen hunn. Dës Gruppe solle Verbindungen zu Däitschland, Litauen, Litauen, der Ukrain an den USA ënnerhalen hunn, vu wou aus si finanziell a logistesch Ënnerstëtzung géife bezéien.

Sënn an Zeck vun dëse Gruppéierunge wier et, d‘Regierung mat Gewalt ze stierzen. Laut BelTa hätt esou eng Schléifer-Zell versicht de russesche Kommunikatiounszenter vun der Marin, zu Wileyka unzegräifen. Alleguerten un dësem „Projet“ bedeelegt Persoune wiere bannent zwee Deeg fonnt a festgeholl ginn. De Lukaschenko soll de Virfall mat sengem Frënd Putin beschwat hunn.

Lukaschenko

An dësem Kontext heescht et weider, dat déi wäissrussesch Autoritéiten elo Berlin mat dëse Virwërf konfrontéiere wäert. Säitens dem Kanzleramt zu Berlin heescht et lapidar, datt een zu den Aussoe vum Alexander Lukaschenko keng Stellung hëlt. Den däitschen Autoritéite géifen zudeem keng Hiweiser virleien, laut deenen däitsch Staatsbierger a Wäissrussland wéinst terroristeschen Aktivitéite verhaft gi wieren. Et wier ënnert dësen Ëmstänn och net méiglech Stellung ze huelen.

Den 28. Juni hat déi wäissrussesch Regierung, als Reaktioun op déi rezent beschlosse Sanktioune vun der Europäescher Unioun, seng Deelnam um Programm „Ost-Partnerschaft“ opgekënnegt. Et gouf dann och allen un den EU-Sanktioune bedeelegten d‘Arees a Wäissrussland verbueden. An de wäissrusseschen Diktator huet och säin Ambassadeur zu Bréissel zréck op Minsk beuerdert.

mat indymedia/mow/lon

Illustratioun: © Wladyslaw Myslicki / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Diktatur, Ukrain, Wäissrussland
Next post Previous post