Search

You may also like

Irak: Ugrëff op Regierungskritiker
International Neiegkeeten

Irak: Ugrëff op Regierungskritiker

Bei enger Attack op Regierungskritiker an der irakescher Haaptstad, sinn

Weltdag vun der humanitärer Hëllef 2020 – Wa Courage mam Liewe bezuelt gëtt
International Neiegkeeten

Weltdag vun der humanitärer Hëllef 2020 – Wa Courage mam Liewe bezuelt gëtt

Den 19. August markéiert all Joer de Bommenuschlag op d’Haaptquartéier vun

Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!
International Neiegkeeten

Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!

Mat summerlechem Wieder konnten déi 5 nei Gefierer vum SAMU,

Wäissrussland späert Journalisten a Mënscherechtler an

Wäissrussland späert Journalisten a Mënscherechtler an

Nodeems schonn e Mëttwoch Vertrieder vu 16 Mënscherechtsorganisatiounen an onofhängege Medien ofgefouert goufen, ass gëschter och de Chef Mënscherechtszenter Wesna, Ales Bjaljazki, vun den Autoritéite verhaft ginn. De wäissrusseschen Diktator well an dësen Organisatiounen a Journaisten „Terroristen“ erkannt hunn.

Wäissrussland

E Méindeg hat de Lukaschenko erkläert, datt hie sech den Netregierungsorganisatiounen (ONG) wäert unhuelen. Si géifen Onrou stëften a wieren eng Gefor fir d‘Land. Dat war de Start vun enger weiderer Repressiounswell. Juriste a Mataarbechter vum Mënscherechtszenter Wesna goufe festgeholl ginn an hir Wunnenge perquisitionnéiert. An dat schéngt nëmmen den Ufank ze sinn.

Fir déi auslännesch Observateure wéi d‘Membere vun der wäissrussescher Oppositioun am Exil ass kloer: hei gëtt eng sougenannte Säuberung virgeholl. Rieds vun enger Revanche géint all déi wou sech an de leschte Joren ëm d‘Entwécklung vum Land gekëmmert hätten. Nach awer huet den Alexander Lukaschenko d‘Russen am Réck, firwat net dovunner auszegoen ass datt et besser gëtt.

mat indymedia/mow

Illustratioun: © Reiseuhu / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Belarus, Journalisten, Mënscherechtler, Repressioun, Wäissrussland
Next post Previous post