Search

You may also like

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich
International Neiegkeeten

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich

Beim Regierungsrot e Freideg ass et net nëmmen ëm den

Neies vun der Aarbechtsfront: de Chômage klëmmt
International Neiegkeeten

Neies vun der Aarbechtsfront: de Chômage klëmmt

Et ass es de schlechten Noriichten iwwerdrësseg. De Klimaplang, d‘Erhéijung

surprise
Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall
International Neiegkeeten

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen

Virum Wäissen Haus gouf geschoss, mee den Donald Trump war zu kengem Ament a Gefor

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen

Eigentlech hat sech de gréisste Leader an der Geschicht vun den USA drop gefreet, sech selwer, säin Dekret zur Finanzhëllef fir Chômeuren an déi iwwerwältegend gutt Resultater op der Bourse ervirzehiewen, wéi ee Beamte vum „Secret Service“ de Chef a sengem Saz ënnerbrach huet an dësen aus dem Presseraum begleet huet. D‘Journaliste ware schonn eppes iwwerrascht…

Déi hate jo och net matkritt, wat dem Trump säi Pretorianer him an d‘Ouer geflüstert hat. Et huet dann och gedauert bis, de Journaliste matgedeelt ginn ass, datt Sécherheetsbeamte virum Wäissen Haus op ee Mann geschoss haten. Dëse Mann an e weidere Sécherheetsbeamte wieren an d‘Spidol iwwerstallt ginn, wat drop hindeit, datt de Schosswiessel virum Wäissen Haus erfollegräich war.

Firwat geschoss gouf, a firwat op der Plaz keng Waff séchergestallt ginn ass, dat wäert ee wuel ni gewuer ginn. Jiddefalls konnt den US-President seng Pressekonferenz no néng Minutten nees do ophuele wou hien ënnerbrach gouf. Esou ass dann elo gewosst, datt den US-Aktiëmaart massiv vun der Covid19-Pandemie profitéiert huet, a Kanner de Virus net esou liicht iwwerdroen.

Haus

Datt den Donald Trump net méi esou wierklech an der Gonscht vu de Leit ze stoe schéngt, beweist dëse Post op Facebook. Op et elo gescheit ass, dësen Emoticon ze notzen, soll jidderee mat sech selwer ausmaachen.

Well wéinst der sanitärer Kris, déi d‘Amerikaner aus vill ënnerschiddlechen Ursaachen net an de Grëff kréien, de Milliardär sech domadder offonnt huet, datt ëffentlech Wahlkampfoptrëtter net wierklech ziilféierend sinn, kënnt et dann elo nees zu regelméissege Pressekonferenzen. Den Donald Trump huet bekanntlech den Ament net grad déi beschte Sondagewäerter a muss ophuelen.

Datt bei engem Schosswiessel virum Wäissen Haus den US-President „a Sécherheet“ muss bruecht ginn, huet eppes mat de Standard-Prozeduren ze dinn. An den USA, wou et gemengerhand üblech ass schwéier bewaffent u Festivitéite a Partyen deelzehuelen, schéisst een zuweilen och emol gären op ee President, dat awer éischter aus anere Grënn, wéi bei kulturellen oder sportlechen Events.

mat indymedia/was

Bild: Den US-President Donald Trump hat grad ugesat sech a seng Genialitéit an den Himmel héich ze luewen, wéi hie fir 9 Minutten huet missen seng Pressekonferenz ënnerbriechen. Virum Wäissen haus war et zu engem Schosswiessel komm, an d‘Prozedur verlaangt, datt een dann de Chef aus der méiglecher Schosslinn hëlt. Et ass nees alles gutt. (Live coverage exerpt)

Related topics Donald Trump, Pressekonferenz, Schéisserei, Secret Service, WäisstHaus
Next post Previous post