Covid19-Risikogebitt: „Alters- a Fleegeheem“
Nodeems et am Altersheem „Um Lauterbann“ zu Nidderkuer eng „gréisser
Nodeems et am Altersheem „Um Lauterbann“ zu Nidderkuer eng „gréisser
Um vergaangenen Dënschdeg ass am Forum Geesseknäppchen D’Ausstellung fir innovatiivt
Den Tourismus ass ee vun de Secteuren, déi an Zukunft zu Lëtzebuerg mi staark sollen ënnerstëtzt ginn. De Projet, deen de Freiden vun der Staatssekretärin fir Wirtschaft, Francine Closener (LSAP), presentéiert ginn ass, schreift sech a genee dës Logik an. Bei de Séien solle 50 Milliounen Euro agesat ginn, fir d’Offer auszebauen. D’Zil ass et, méiglechst vill Leit aus der Belsch an Däitschland, mee och aus Lëtzebuerg hei unzelackelen.
Op 20 Hektar soll eng breet ugeluechten touristesch Offer etabléiert ginn. Doranner abegraff sinn 100 Cottages, en Hotel mat 91 Zëmmer, deem seng ökologesch Bauweis virun allem de Besoin un Energie soll reduzéieren. Donieft solle Fräizäit Offeren am Spill a Sportberäich geschaf ginn, déi sech op d’Waasser konzentréieren. Si sollen och fir d’Ëffentlechkeet zougänglech sinn.
“Dësen ökologesche Projet am Tourismus- a Fräizäitberäich integréiert sech perfekt an d’natierlech Ëmgéigend um Bord vun den zwee Séien”, esou d’Francine Closener. De Wirtschaftsministère an d’Gemeng Wäisswampech schaffe bei dësem Projet mam Grupp LAMY zesummen. Dëse Grupp geréiert schonn zënter 40 Joer ënnerschiddlech touristesch Offeren. Och den Architektur an Urbanismus-Büro Philippe Valentiny schafft dorunner mat an ass domat den éischten Investisseur dëser Aart zu Lëtzebuerg.
De Jordan Lamy, administrateur délégué vum Grupp LAMY, gesäit de Projet ganz positiv. “De Site ronderëm d’Séie vu Wäisswampech stellt dank der Qualitéit vun der Ëmwelt a senger Lag no un der belscher an däitscher Grenz e grousst Potenzial fir den noen Tourismus duer”, erkläert hien. De Projet mam Numm Suneo Park Luxembourg reit sech an d’strategesch Visioun vum Tourismussecteur an. Den aktuelle Investitiounsplang leeft bis op d’Joer 2022.
Mam Service Information et Presse
Fotoen: Groupe Lamy / SIP