Search

You may also like

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)
Neiegkeeten

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)

No 3 Joer hunn sech déi Damen an Hären déi

Éischt Sëtzung vum  ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet
Neiegkeeten

Éischt Sëtzung vum ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet

Gëschter am Nomëtte war am Stater Cercel déi éischt Sëtzung

„Living and Loving“ vum Fred Barreto Group – Well d’Liewen an d’Léift zesumme gehéieren
Neiegkeeten

„Living and Loving“ vum Fred Barreto Group – Well d’Liewen an d’Léift zesumme gehéieren

Mat der Single „Living and Loving“ bitt de Fred Barreto

Komplette Fondamental a Maison Relais Waldbëlleg a Quarantaine

Komplette Fondamental a Maison Relais Waldbëlleg a Quarantaine

Tëscht dem 19. an 25. Januar 2021 goufe 5 positiv Covid-19 Fäll am Fondamental zu Waldbëlleg identifizéiert. Et handelt sech dobäi ëm Personal aus der Maison Relais, sou wéi dräi Schüler, déi reegelméisseg dohinner gaange sinn.

A well d’Educateure vill Kontakt mat de Kanner aus der Primärschoul hunn an déi positiv Schüler aus verschiddene Klassen kommen, sinn direkt méi Klassen a Quarantaine gesat ginn.

En Dënschdeg gouf zousätzlech nach ee Schoulmeeschter positiv getest. Och hie war an ënnerschiddleche Klassen ënnerwee.

Well vill Klasse betraff sinn, huet de Comité „COVID-19 and education“ decidéiert déi ganz Schoul, souwéi d’Maison Relais a Quarantaine ze setzen. Dës Sécherheetsmoossnam gëllt bis den 1. Februar 2021. Déi betraffe Persoune sinn invitéiert sech ab dem 31. Januar testen ze loossen.

Opmaacherfoto: © Kelly Sikkema / Unsplash

Related topics Covid-19, Fondamental, Infektiounen, Léierpersonal, Maison Relais, Positiv Fäll, Primärschoul, Quarantaine, Schüler, Waldbelleg
Next post Previous post