Search

You may also like

Duck Race 2019: e puer Impressiounen
International Neiegkeeten

Duck Race 2019: e puer Impressiounen

Leschte Weekend war an der Stad bei der Péitruss eng

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!
International Neiegkeeten

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!

Et kënnt seele genuch vir, datt een et ervirhiewe muss:

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!
International Neiegkeeten

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!

Eng vun den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt ass de Schutz vun

Walen an Irland: Wie ka sech duerchsetzen?

Bei der Wal an Irland zeechent sech e Kapp-u-Kapp Renne vun dräi Parteien of – Lénksgeriichten Oppositiounspartei „Sinn Fein“ leet massiv zou – Déi liberal-konservativ „Fine Gael“ verléiert an de Premierminister Leo Varadkar wäert sech net méi duerchgesat kréien.

Walen an Irland: Wie ka sech duerchsetzen?

Um 23 Auer gëschter Owend hunn d‘Wahllokaler op der grénger Insel d‘Dieren zougemaach. Eng éischt Prognose gouf da säitens dem iresche Radiosender RTÉ, an do huet geheescht datt déi dräi grouss Parteien zimlech gläichop sinn. Déi Biergerlech Fianna Fail, déi liberal-konservativ Fine Gael an d‘Sinn Fein kéinten sech deemno allen dräi op ronn 22% Stëmmenundeel beruffen.

Fir d‘Sinn Fein, déi ëmmer nees als politeschen Aarm vun der „Iresch Republikanescher Arméi“ (IRA) presentéiert gëtt, ass – ouni dem endgültege Resultat virgräifen ze wëllen – dat schonn eng riseg Victoire. Si hate bei de Walen 2016 grad emol 14% vun de Stëmme kritt, hu bis zur Lescht an de Sondagë wäit vir geleeën. Dat dierft dann och engem konsequente Programm geschëlt sinn.

Irland

Esou fuerdert d‘Sinn Fein ëmmer nees d‘Wiedervereinegung fir Irland, huet mat sozialpolitesche Fuerderungen, wéi bezuelbare Wunnraum, déi richteg Akzenter gesat. Déi aner, also Fine Gael an Fianna Fail, hunn dogéint massiv verluer. Et dierft awer an éischter Linn dem Leo Varadkar senger Politik geschëlt sinn, déi ganz op d‘Wënsch vun Industrie a Wirtschaft zougeschnidde war.

De Premierminister muss sech virwerfe loossen, net nëmmen op Milliarden Euro u Steiere bewosst verzicht (Irland huet Apple 13 Milliarden Euro plus Zënsen erlooss) ze hunn, mee och nach mat de Steiergelder d‘Banke gerett ze hunn. Geld dat besonnesch am Gesondheetssystem an der Bildung dréngend gebraucht gëtt. Dës Minoritéitsregierung ze stoppen, och dorëms geet et bei dëse Wahlen.

Dat gëtt komplizéiert

Op et nach emol méiglech ass, eng Minoritéitsregierung ënnert der Leedung vum Leo Varadkar op d‘Been ze stellen? Doriwwer kann ee fréistens no der Auszielung vun de Stëmme Spekulatiounen opstellen an dat setzt nach eppes gedold viraus. Mat engem „virleefege“ Resultat gëtt nach haut de Mëtteg gerechent, déi definitiv Zuelen dierften allerdéngs net virun e Méindeg virgeluecht ginn.

Woubäi dat och dem Wahlsystem an Irland geschëlt ass. Hei huet e „Wieler“ zwar nëmmen eng Stëmm, mee hie ka „méi Preferenzen“ uginn. A jidderengem vun den 39 Wahlbezierker kënne bis zu fënnef Kandidaten an d‘Parlament (Dail) anzéien. Maximal 160 Mandater sinn hei méiglech.

IrlandDem Leo Varadkar seng Partei Fine Gael hat bei de Walen 2016 d‘Majoritéit verpasst a konnt dank der Ënnerstëtzung vun de gréisster Oppositiounspartei Fianna Fail, eng Minoritéitsregierung op der Insel duerchsetzen. Am Wahlkampf hat de Leo Varadkar seng Roll bei de Brexitverhandlungen an de Virdergrond gestallt. D‘Iren awer schéngen elo och verantwortlech Sozialpolitik ze erwaarden.

Eng Fuerderung déi – zumindest deit alles drop hin – esou vun der Sinn Fein kéint erfëllt ginn. Dat gëtt säitens dem Leader vu Fianna Fail, Michael Martin, a Fro gestallt. Hien hat e Samschdeg nach emol drop higewisen, datt sech de politesche Fligel vun der IRA bis haut „net vu senger bluddeger Vergaangenheet distanzéiert huet“ an een Terroristen dierf regéiere loossen.

mat indymedia/dub

Related topics Fianna Fail, Fine Gael, Irland, Leo Varadkar, Minoritéitsregierung, Sinn Féin, Wahlen
Next post Previous post