Search

You may also like

Iwwert d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg fléisst nees Waasser
Kultur Neiegkeeten

Iwwert d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg fléisst nees Waasser

De Projet, d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg nees ze rehabilitéieren, war

Nom Referendum an Egypten: „Si hunn et net besser verdéngt“
Kultur Neiegkeeten

Nom Referendum an Egypten: „Si hunn et net besser verdéngt“

Eigentlech wollten d‘Egypter den demokratesche Prozess an hirem Land etabléieren,

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul
Kultur Neiegkeeten

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul

No de Studenteprotester zu Bréissel „Youth 4 Climate“ wou um

Walfer Bicherdeeg 2019: Een halleft Joerhonnert fir d’Buch!

Mat Loscht op d'Diversitéit vun der Literatur

Walfer Bicherdeeg 2019: Een halleft Joerhonnert fir d’Buch!

Um 16. a 17. November steet eent vun de bedeitendste literareschen Evenementer fir Lëtzebuerg un: D’Walfer Bicherdeeg 2019 invitéieren nees Kleng a Grouss op een immenst Erliefnis ronderëm d’Buch. Als festen Treffpunkt vun der Kulturzeen erwaart een dobäi och an dësem Joer nees ronn 12.000 Visiteuren, déi no Häerzensloscht déi frësch a gebraucht Bicher entdecken, oder och un de Workshops, Liesungen a Konferenzen deelhuelen. An natierlech muss ee 25. Gebuertsdag uerdentlech gefeiert ginn!

Wat viru 25. Joer als klengt Evenement mat enger Bicheroccasiounskëscht ugefaangen huet, hat sech scho bei der 5. Editioun als risegt literarescht Treffen etabléiert. Sou kéint d’Thema vum Joer net besser getraff sinn: Wëssensdréier – Mir feieren d’Buch. Als wichtegen Zäitzeien iwwermëttele Bicher nämlech Wëssen aus vergiessene Joren, loosse spieren, wat de Mënsch vermësst a Welten entstoen, déi ee sech just an den eegenen Dreem virstelle kéint.

D’Walfer Bicherdeeg sinn: 51 Auteuren, 42 Verlager, 31 Institutiounen a Vereenegungen, 6 Buchhandlungen, 106 Verkeefer an 953 Meter lafenden Dësch.

Zuelräich Programmhighlight

Dëse besonnesche Gebuertsdag wëll och de Bestsellerauteur Daniel Kehlmann zelebréieren a kënnt esou Freides, de 15. November fir eng Liesung aus sengem neiste Roman „Tyll“ extra op Lëtzebuerg. Zënter 2017 lackelt dann och d’Auteureresidenz, bei dem d’Anja Di Bartolomeo an de Jean Back hir Texter mat Ulehnung un d’Joresthema vun de Bicherdeeg presentéieren an ee Schreiftatelier ubidden.

Als zentraalt Element vun de Bicherdeeg gëllen d’Liesungen am CAW. Ganzer 14 Wierker vun 12 Auteuren, verpak an 11 Liesunge gi gebueden. Vu Kuerzgeschichten iwwert Lyrik bis hin zu Romaner weist sech déi ganz Diversitéit vun den aktuelle Lëtzebuerger Publikatiounen.

Walfer Bicherdeeg 2019

Books For Kids © Pierre Levy

Natierlech huet ee bei der 25. Editioun vum Evenement d’Kanner an hir Interessen aktiv integréiert. Esou hëlt d’Hal 3 mat Books For Kids eis kleng Léifst mat an eng spannend Welt aus Geschichten. Zuelräich Auteuren an Iwwersetzer liesen aus hire Wierker a wie selwer kreativ wëll ginn, deen ass um Samschdegnomëtteg beim Zirkusatelier genau richteg. Ee besonneschen Highlight: Fir eng éischte Kéier gëtt um Samschdeg vun 13 bis 17 Auer eng Schatzsuche organiséiert, duerch déi d’Kanner de Site intensiv entdecken. Als Präisser waarde Bicher, sou wéi Bonge fir Iessen oder ee Besuch an der Schwämm op si. Informatioune ginn et um Infostand virun der Hal 2.

Mat Cocktails, Musek a Freed an de Gebuertsdag

Um Samschdegowend sinn all Visiteuren, Aussteller a Frënn vun de Bicherdeeg, direkt nodeems d’Halen hir Dieren um 18 Auer zoumaachen, an d’Festzelt invitéiert. Mat der „Buchparty“ gëtt de 25. Gebuertsdag esou richteg gefeiert! Et erwaarden Iech een Iwwerraschungsconcert a Cocktails, sou wéi een DJ-Set mat den Hits aus – wéi soll et anescht sinn – de leschte 25 Joer.

An dësem Programm dierfen d’Klassiker nees net feelen. Mat der RTL-Dictée um Sonndegmoien oder der Virféierung vun de Walfer Balletklassen, der Ausstellung vun de Walfer Foto-Frënn am Festzelt kann d’Häerz vu bibliophille Visiteuren nëmme méi schnell schloen. Dës weideren iwwerzeegen d’Schüler vum Lycée des Arts et Métiers mat hire monochrome Portraite vun den Auteure vun der Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis. An natierlech wäerten d’Schüler vum Lycée Robert Schuman nees als Reporter um Site ënnerwee sinn, fir an hirem Newsletter Interviews an déi bescht Momenter festzehalen.

De komplette Programm mat alle wichtegen Informatiounen an Zäite fannt Dir ënnert www.bicherdeeg.lu.

Walfer Bicherdeeg 2019

Related topics 25. Gebuertsdag, Bicheroccasiounsmaart, Books for Kids, Buchparty, CAW, Daniel Kehlmann, Lëtzebuerger Buchpräis, Liesungen, Literatur, LTAM, Luxemburgensia, Lycée Robert Schuman, RTL Dictée, Schatzsuche, Tyll, Walfer Bicherdeeg
Next post Previous post