Search

You may also like

What the Fakt – Doudesdag vum Pop-Art Kënschtler Roy Lichtenstein
Sport

What the Fakt – Doudesdag vum Pop-Art Kënschtler Roy Lichtenstein

Ee vun de wichtegste Vertrieder vun der Pop-Art Bewegung, de

Noruff: Zum Dout vum Manuel Schortgen
Sport

Noruff: Zum Dout vum Manuel Schortgen

No engem trageschen Accident, war den Editeur Manuel Schortgen am

money
Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden
Sport

Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden

D‘Welt verännert sech rapid an deels och ganz Brutal, op

Den RSR Walfer war de Samschdeg ouni Chance

Um spéide Samschdeg Nomëtteg hat déi zweet Equippe vum Volleyballclub RSR Walfer, déi éischt Häre vum VC Belair op Besuch. Well béid Mannschaften net wierklech „komplett“ opgestallt waren, hat ee sech erhofft, datt et e Spannende Match géif ginn.

Et war dann awer net wierklech eng usprochsvoll Renconter. Den RSR Walfer, deen op vill vu senge beschten hat misse „verzichten“ ass iwwer wäit Spill-Strecken net zum Zoch komm. Scho beim Service huet den RSR vill Punkten u säi Géigner missen Ofginn.

De VC Belair, deen dës Saison alles dru setzt nees an d‘Nationaldivisioun ze steigen, huet dann och näischt ubrenne gelooss. Eng gewinnt staark Presenz virum Netz, an gutt ofgestëmmt Passen hunn den Drock op d‘Häre vum RSR Walfer héich gehalen.

Profitéiere konnt Walfer just vu vereenzelte Feeler vum VC Belair. Hei ass et dann och nach ëmmer de Service dee Schwieregkeete mécht. Dogéint ass een da bei der Receptioun gutt opgestallt an de Passeur huet och en A fir seng Matspiller. Esou konnt d‘Ofwier ganz oft schonn am Usaz ausgespillt ginn.

U Motivatioun huet et net gefeelt

Walfer huet zu kengem Abléck d‘Äerm fale gelooss. Se si wuel stänneg de Punkten nogelaf mee hunn sech motivéiert hirem iwwerleeëne Géigner entgéint gestallt. E Match deen sech dann och duerch de Respekt vum Géigner ausgezeechent huet.

An dräi Sätz: 10-25 / 11-25 / 14-25, war d‘Renconter tëscht béide Veräiner aus der éischter Divisioun kloer an däitlech vum VC Belair entscheet ginn. Domatter setzen sech d‘Hären aus der Stad un d‘Spëtzt vun der Tabelle.

Hei ginn se kloer vun der zweeter Equippe vum VC Fenteng verfollegt, déi natierlech och en Usproch op den Titel stellt. Um Samschdeg spillt de VC Belair doheem géint seng zweet Equippe. Unzehuelen dat géif e „Kannergebuertsdag“ ass de Kampfgeescht vun der zweeter ënnerbewäert.

Richteg ass awer, datt et 25. November zu Esch eppes méi Spannend sollt sinn. Déi zweet vum Escher VBC brauch Punkten an dierft de Stater d‘Liewen net einfach maachen. Och am Minett huet een sech Chancen op den Titel ausgerechent, a dat wëll een ënner Beweis stellen.

Walfer

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics RSR Walfer, VC Belair, Volleyball 1. Divisioun
Next post Previous post