Search

You may also like

money
D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire
Neiegkeeten

D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire

Viru 25 Joer gouf se zu Washington gegrënnt, déi „Social

Ass elo Schluss mat „Parler“?
Neiegkeeten

Ass elo Schluss mat „Parler“?

Nodeems Twitter a Facebook dem Donald Trump an enger Rei

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“
Neiegkeeten

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“

No der Verëffentlechung vum Album Anoher Flame am Dezember 2018

Walk of Steel

Betribsrot vun der Saarstahl AG zu Völklingen organiséiert Foussmarsch op Bréissel – Eng gemeinsam Solidaritéitsaktioun vum OGBL

Walk of Steel

Déi Saarlännesch, däitsch an europäesch Stolindustrie steet, bedéngt duerch den CO²-Zertifikat Handel an dem Import vu Bëlleg-Stol aus Drëttlänner viru groussen Erausfuerderungen. Ouni eng Laangfristeg an nohalteg Industriepolitik wäert déi noutwenneg sozial-ekologesch Transformatioun an esou d‘Sécherung vun den Aarbechtsplazen an der saarlännescher Stolindustrie net geléngen.

De Betribsrot vun der Saarstahl AG huet schonn zanter längerem op dës Problemer higewisen, mee d‘Weichestellung säitens der Politik ass ausbliwwen. Fir elo de Fuerderungen eppes Nodrock ze verléinen, organiséieren déi däitsch Kollegen a Kolleginne vu Saarstahl ee „Walk of Steel“ a ginn ze Fouss vu Völklingen op Bréissel, fir do hir Fuerderungen zum Erhalt vun den Aarbechtsplazen deem fir Klimaschutz zoustännege Vizepresident vun der EU-Kommissioun Frans Timmermans den 10. Februar ze iwwerreechen.

Den OGBL ënnerstëtzt d‘Aktioun vun de Kollege vun der Saarstahl AG Völklingen a wäert si während hirem Marsch duerch Lëtzebuerg begleeden. Dëse Kampf ass nämlech net nëmme wichteg fir déi saarlännesch Stolindustrie, mee och fir déi Lëtzebuerger Stolindustrie an déi vun den anere Länner an der europäescher Unioun. De ganze Wee gëtt an Etappe vu 40 Kilometer opgedeelt a féiert e Méindeg den 3. Februar iwwer Esch-Uelzecht.

E Méindeg um 14.30 Auer organiséiert den OGBL zesumme mat de Kollegen an Kolleginnen an der Escher „Maison du Peuple“ eng gemeinsam Solidaritéitsveranstaltung, fir de „Walk of Steel“ an déi domadder verbonne Fuerderungen ze ënnerstëtzen. Géint 16.30 Auer kënnt dann zu enger symbolescher Protestversammlung um Belval, dat bei der Skulptur „Als Erënnerung un d‘Leit vun de Schmelzen“ (Universitéitsplaz). Hei gëtt „d‘Häerz aus Stol“ entzünt, fir d‘Bedeitung vun der Siderurgie an der gesamter Groussregioun nach emol ze ënnermaueren.

Matgedeelt vum OGBL, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun a Fotoen: © Walk Of Steel

Related topics OGBL, Saarstahl AG, Solidaritéit, Völklingen, Walk Of Steel
Next post Previous post