Search

You may also like

Impfprivilegien… oder just ethesch Ausrutscher? (Kommentar)
International Neiegkeeten

Impfprivilegien… oder just ethesch Ausrutscher? (Kommentar)

Si gesinn sech selwer als d‘Elite vum Land, si fir

EU verstännegt sech op Sanktioune géint Wäissrussland
International Neiegkeeten

EU verstännegt sech op Sanktioune géint Wäissrussland

No drolege Wahlen a Wäissrussland, wou dem Diktator Alexander Lukaschenko

50 Joer Mouvement Ecologique: Zum Gebuertsdag en Timber
International Neiegkeeten

50 Joer Mouvement Ecologique: Zum Gebuertsdag en Timber

50 Joer, datt ass e laangen Dag. Datt een esou

USA: Demokrate scheiteren u Walrechtsreform

USA: Demokrate scheiteren u Walrechtsreform

Nodeems dem Biden seng Partei mat der Walrechtsreform am Senat gescheitert ass, muss gefaart ginn, datt d‘Majoritéit fleete geet. D‘Republikaner hunn erwaardungsgeméiss geschlosse géint dat vun den Demokrate virgeluechte Gesetz gestëmmt, mee och ënnert den Demokraten hat et wuel eppes Zweiwel, well den Text an de Federalismus vum US-Walsystem agräift.

Et gouf ouni datt et Aussiichten op Erfolleg hat – an dat ass net nëmmen an den USA esou – dann awer op de Vott bestanen. Dat huet vill domadder ze dinn, datt sech Politiker jo och als Entertainer, wann net esouguer als Ënnerhalungskënschtler, gesinn. De Fraktiounschef vun den Demokraten am Senat, Chuck Schummer, stellt fest: „D‘Republikaner wëllen d‘Walrecht net schützen!“ Nee? Dach.

Den Demokrat geet nach rhetoresch ee ganze Schratt weider a behaapt datt déi republikanesch dominéiert Parlamenter an den USA ee Coup géint d‘Bierger plange géifen. Richteg ass hei: vill vun de Republikaner geleeten US-Bundesstaaten hunn hir Walgesetzer verschäerft, dorënner déi sougenannt „Swing-States“ Florida a Georgia. Et geet drëms vill manner Wieler zouzeloossen.

Duerch déi drastesch Aschränkung vun der Bréifwal, d‘Reduktioun vun de Wallokaler, besonnesch definéierten Ëffnungszäite vun de Wallokaler an anerem méi, gëtt séchergestallt datt eng ganz Klass vu Mënsche vun den Urnen ewech bleiwen. Zudeem ginn et méi strikt Iwwerpréiwunge vun der Identitéit. Et gëtt awer mat engem gudden Hannergedanke gemaach: et verhënnert de Walbedruch.

Firwat dee ganze Stress?

Dat et de facto aner Grënn huet, ass net nëmmen zanter den Exactioune vum charismateschste vun allen US-Presidenten an der Gesicht vun den USA gewosst. D‘Republikaner mussen sech elo scho virbereeden an d‘Jalone fir d‘US-Kongresswalen 2022 leeën. Wann ze vill Mënsche vun hirem Recht Wielen ze goe gebrauch maachen, da schued dat de Republikaner. Kee Witz, et ass esou.

Et ass also och net esou, wéi wann d‘Demokraten d‘Demokratie rette wéilten – woubäi nach ze definéiere wier: wéi eng – hei geet et drëms déi knapp Majoritéit am Senat ze retten. Dat wier mat enger Walreform op Landesniveau méiglech. An esou erlaben si den Demokraten eng hirer änlech Kritik ze formuléieren. Och d‘Demokrate wéilten sech duerch d‘Gesetz begënschtegen, heescht et.

Dat ass esou wann dem Begrëff „Demokratie“ eng gewësse rhetoresch Flexibilitéit zougemutt gëtt. Et geet aktuell an den USA dann och manner ëm Programmer, Iddien an den demokratesche Prozess u sech, wéi ëm Wal-Arithmetik a Muecht. An esou ee Land wëll der Welt säi Stempel opzwéngen, d‘Richtung virginn. Gutt, China, Indien a Russland sinn elo och kee gutt Beispill…

mat indymedia/was

Illustratioun: © Derick McKinney / unsplash

Related topics Demokraten, Demokratie, Republikaner, US-Kongress, US-Senat, USA, Walrecht, Walreform
Next post Previous post