Search

You may also like

Dramatesche Réckgang vu Vullen: Déi Rout Lëscht erweidert sech
International Neiegkeeten

Dramatesche Réckgang vu Vullen: Déi Rout Lëscht erweidert sech

Gëschter Moien huet natur&ëmwelt op seng Presentatioun zur neier Rouder

Gestreits ëm de Sandweiler-Referendum
International Neiegkeeten

Gestreits ëm de Sandweiler-Referendum

Déi Sandweiler Gemeng ass jo eigentlech eng „Ronn Saach“ mee

De CSJ-Walkongress 2021
International Neiegkeeten

De CSJ-Walkongress 2021

Och de Walkongress vun der CSV-Jugend (CSJ) gouf am virtuelle

Walrechtsreform fir d‘Texaner

Den US-President ass net vum Rietsruck am Kontext vun der neier Gesetzgebung begeeschtert

Walrechtsreform fir d‘Texaner

Texas wëll sech en neit Walrecht ginn, an deem bossegerweis wann och mat erkennbaren Absichten, virgesinn ass, datt et zukünfteg manner Méiglechkeeten huet seng Stëmm ofzeginn. Dat hält de Joe Biden, fir en „Ugrëff op dat hellegt Recht wielen ze dierfen“.

Den US-President fënnt datt een et de Walberechtegten am 21. Joerhonnert méi liicht maache sollt wielen ze goen, an net wéi dat vum texanescher Legislateur virgesinn ass, nach méi komplizéiert ze maachen. A well een am Texas ass, muss een och net extra drop hiweisen, datt déi Komplikatiounen sech besonnesch fir „net-Wäisser“ applizéiert. Am Texas ass ee sech senger „Geschicht“ bewosst.

Texas

Mee wat interesséiert den texanesche Legislateur wat en ale Mann am wäit ofgeleeëne Washington esou vu sech gëtt? Béid Parlamentskummeren am US-Bundesstaat Texas gi vun de Republikaner kontrolléiert, an déi sti geschlossen hannert dësem Gesetzprojet. Dat gouf dann och zäitno vun de Parlamentarier ugeholl, an ass séier vum Senat validéiert ginn. De Gouverneur steet och bereet.

Wat sinn déi bedeitendst Changementer?

Zil vun de Republikaner ass et besonnesch déi „manner favoriséiert“ Bevëlkerung drun ze hënnere Wielen ze goen. Gemengt sinn d‘Afroamerikaner, d‘Latinoen an d‘Asiaten. Mam neie Walrecht ass zwar net ausgeschloss, datt och aarm „Wäiss“ Texaner benodeelegt kéinte ginn, déi schéngen dann awer keng „kritesch Mass“ duerzestellen. A wie Republikaner wielt, kritt bestëmmt och gehollef…

Texas

Esou sollen dann déi sougenannt „Drive-in Wallokaler“ wéi och „24/24 Polling Station“ (also déi Wallokaler déi ronderëm d‘Auer ophunn) einfach verbuede ginn. Bei der Bréifwal sinn eng ganz Rei Amendementer virgesinn, déi se quasi onméiglech mécht. Wa gewosst ass, datt ëmmer manner Wallokaler opgemaach ginn, et weider administrativ Hürde gouf, ass dëse Schratt jo verständlech.

Texas

An d‘Absicht vun de wäissen Texaner déi hannert dem republikanesche Mouvement stinn, déi ass jidderengem ersiichtlech: et net-Wäissen, Minoritéiten a Mënsche mat spezifesche Besoinen, esou schwéier ze maachen, datt se net emol méi d‘Loscht verspiere sollen, un enger Wal deelzehuelen. Offiziell awer, soll dat republikanescht Gesetz, d‘Wale méi sécher maachen… also den Ausgang…

Texas ass keen Eenzelfall

Well et ausser ënnert de Republikaner och méi generell eng kritesch Mass vu „wäisse“ Wieler huet, déi der Usiicht sinn, datt Hautfaarf a soziale Statut, en Ënnerscheed maachen, a folgerichteg net all Mënsch déi selwecht Rechter an Uspréch dierf hunn, ginn déi genannte Changementer net eleng am Texas op den Instanzewee bruecht. Do wou d‘Republikaner d‘Heft an der Hand halen, leeft et.

Motivéiert ginn dës Reformen natierlech och, duerch déi lescht Presidentschaftswalen, wou et de Republikaner jo leider net gelonge war de Pokal ze huelen. Hire Kandidat, ee wäisse Golfspiller mat wéineg Respekt géintiwwer Fraen, dofir mat beschte Kontakter zum KKK an de Proud Boys, war ganz kloer duerch organiséierte Walbedruch ëm säi verdéngten zweet Mandat bruecht ginn.

Texas

A well et net méiglech ass dëse Bedruch nozeweisen, well elo och d‘Justiz antiamerikanesch ginn ass, muss esou legiferéiert ginn, datt d‘Riichter nees u Grondlage gebonne sinn. Besonnesch déi Bréifwal, wou – esou d‘Republikaner – nëmme bedru gëtt, wëllen se ofschafen. Interessant heibäi: méi wéi Kritik kann d‘Regierung (Demokraten) net ausüben. Dës Gesetzer sinn all legitiméiert.

mat indymedia/aus/was

Annex:

1) integrity and preservation of the purity of the ballot box (H.B.6)

2) election integrity and security (S.B.7)

Foto: © ACLU/tx

Related topics Demokratie, GesetzSB7, Rassismus, Republikaner, Texas, USA, Walrecht
Next post Previous post