Search

You may also like

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel
International Neiegkeeten

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel

Esou schnell, wéi se ugefaangen hat, esou schnell war se

75 Joer Œuvre – Eng Geschicht vun der Solidaritéit
International Neiegkeeten

75 Joer Œuvre – Eng Geschicht vun der Solidaritéit

Am schwierege Kontext vum Zweete Weltkrich gouf den Œuvre Nationale

Télétravail… zumindest gouf emol driwwer geschwat
International Neiegkeeten

Télétravail… zumindest gouf emol driwwer geschwat

Bei deem wat den Debat zur Petitioun zum Recht op

Walrechtsreform fir Hong Kong

President Xi Jinping ënnerschreift d‘Reform vum Walsystem vun der Sonnerverwaltungszon

Walrechtsreform fir Hong Kong

Nodeems de stännegen Ausschuss vum nationale Vollekskongress am Virfeld Walrechtsreform fir Hong Kong eestëmmeg ugeholl hat, huet och de Xi Jinping säi Krop ënnert d‘Reform gesat. Esou gouf aktéiert, datt elo Peking d‘Kontroll iwwert d‘Wiel vun de Kandidaten erhält, sech also esou, déi onbeléiften „Demokratesch Kräften“ ka vum Hals halen.

Iert dann elo awer nees gejaut a kregéilt gëtt, muss drop higewise ginn, datt och wann dës Reform ouni Consultatioun vum Parlament vun Hong Kong duerchgefouert gëtt, dëse Prozess Deel vum Accord ass, deen no Réckgab vum Territoire – Hong Kong war brittesch Krounkolonie – vun alle concernéierte Parteien ugeholl gouf. Dorunner änneren och d‘Protester vun den Awunner näischt.

Datt et der chinesescher Regierung awer eppes „presséiert“ huet, dës Reform duerchzesetzen, huet selbstverständlech och eppes mam demokratesche Mouvement ze dinn, deen zanter 2019 ëmmer nees fir méi Rechter a méi Demokratie antrëtt. Leider war de duale System gewëssermoosse vun Ufank un zäitlech begrenzt an et war net dovunner auszegoen, datt de Sonnerstatut géif bleiwen.

Well Peking net aus fräie Stécker den Inhalt vun der Reform verëffentleche wëll, muss ee sech op déi Aussoe bezéien, déi den eenzege Vertrieder vun Hong Kong am héchste Gremium vum chinesesche Parlament bereet war ze maachen. Vill huet den Tam Yiu-Chung net ausbaldowert, mee déi grouss Eckdate vun der Reform vum Walrecht, konnt de Politiker dann awer erläuteren.

Eckdaten:

  • d‘Parlament vun Hong Kong gëtt vu 70 op 90 Sëtz erweidert;
  • nëmmen 20 Mandater ginn nei duerch dierkt Wale verginn (bis ewell waren et der 35);
  • 40 Sëtz gi vun engem Peking-Frëndleche Gremium verginn;
  • 30 Sëtz ginn no engem komplizéierte System verginn, deen déi der kommunistescher Partei loyal gesënnte Lokalpolitiker zougeschnidden ass.

Iwwert dës grondsätzlech Richtlinnen eraus, muss all Persoun, déi fir ee Mandat kandidéiert, vun engem Gremium – dat vun den Hong Kong Autoritéiten ageriicht gëtt – „autoriséiert“ ginn. Et ass keen Zoufall, datt dëse Gremium och fir d‘Ëmsetzung vum „Sécherheetsgesetz ass. Zudeem soll et nees méi „Kontrolle“ ginn. Den nationale Sécherheetscomité an déi national Sécherheetspolice si gehalen, iwwert all Kandidat Dossieren ze erstellen, fir den Iwwerwaachungsprozess ofzesécheren.

mat indymedia/tpe

Illustratioun: © Gerwin Wiher / unsplash

Related topics China, Hong Kong, Peking, Sécherheetsgesetz, Vollekskongress, Walrechtsreform
Next post Previous post