Search

You may also like

De Luci „2“ ass do!
Neiegkeeten Sport

De Luci „2“ ass do!

Grad a Krisenzäite seenen sech d‘Mënschen no inspiréierende Geschichten. Schéi

De Sportprogramm vum Weekend (13. – 14.03.2021)
Neiegkeeten Sport

De Sportprogramm vum Weekend (13. – 14.03.2021)

Och wann dëse Samschdeg keng epeschen Renconteren huet, de Sonndeg

Op Vältesdag gitt dir vu Lëtzshop gratis beliwwert
Neiegkeeten Sport

Op Vältesdag gitt dir vu Lëtzshop gratis beliwwert

Dem Lëtzebuerger Eenzelhandel ënnert d‘Äerm gräifen, dat ass déi eigentlech

Wanderen – Eng vun de Liiblingsbeschäftegunge vum Lëtzebuerger Resident!

Wanderen – Eng vun de Liiblingsbeschäftegunge vum Lëtzebuerger Resident!

Souwuel bei Touristen, wéi och bei de Lëtzebuerger Residenten ginn déi national Trëppel- a Wanderweeër ëmmer méi beléift. Grad zu Pandemie-Zäiten ass dëst eng vun de beschte Méiglechkeeten sech d’Zäit aktiv ze verdreiwen, Vakanz Doheem ze maachen an dobäi d’Heemescht op ëm 5.000 Kilometer Parcoursen ze entdecken. D’Zuele vu Luxembourg for Tourism (LFT) an dem Geoportail bestätegen den enormen Erfolleg.

Den Tourismusminister Lex Delles ass iwweraus erfreet iwwert déi impressionnant Zuelen. „Et muss an dësem Kontext ënnerstrach ginn, dass Zuel un Touristen, déi Lëtzebuerg besicht hunn, am Joer 2020 duerch d’Repercussioune vun der Covid-19-Pandemie zeréckgaangen ass, wat dorop schléisse léisst dass déi immens Hausse beim Interessi un de Wanderweeër haaptsächlech op d’Residenten zeréckzeféieren ass,“ hieft hien ervir.

Den Däitsche Wanderinstitut huet beispillsweis de Wee „Traumschleife Manternacher Fiels“ mat 91 vun 100 méigleche Punkte bewäert. Ganzer 12.786 Wanderer hunn den Tour 2020 gemaach – e Resultat, wat sech am Verglach zu den 6.332 Wanderer am Joer 2019, verduebelt huet.

Selwecht gesäit et aus fir „Traumschleife Wein- und Naturpfad Palmberg“, deen duerch d’Wäiriewen leet an „Traumschleife Schengen grenzenlos“.

Um beléifte „Mullerthal Trail“ goufe méi wéi 160.000 Randonneure gezielt, wat eng Hausse vu bal 15.000 Persounen bedeit am Verglach zu 2019. Mat sengen 158 km duerch belsch-Lëtzebuergesch Ardennen, ënnerdeelt sech a puer Etappen, sinn och um „Escapardenne“ 25% méi Randonneure getrëppelt.

WanderenDe Lee Trail – Aussiichtspunkt Ginglee © Visit Éislek

Ma, net nëmmen d’Visiteuren op de Weeër, mee och d’Vuen op de verschidde Säite goufen analyséiert. An der Rubrik „Sentiers Autopédestres“ op geoportail.lu sinn d’Zuelen ëm ganzer 189% an d’Luucht geschoss. Waren et am Joer 2019 73.154 Vuen, esou konnt ee sech fir 2020 op 311.383 Vue steigeren.

Bei der Randonnée „CFL de gare en gare“ sinn d’Vue vun 14.396 op 32.519 Vuen geklommen. Ähnlech gesäit et och fir d’Themenweeër aus (vun 10.303 Vuen op 25.583 Vuen). D’Wanderrouten, déi ënnert déi sougenannt „Quality Trails“, sou wéi de „Mullerthal Trail“ hunn ee Plus vun 21% erlieft, den „Escapardenne e Plus vun 161% an den „Naturwanderpark DeLux“ e Plus vun 130%.

Wärenddeem freet sech den LFT, datt d’Sich no Wanderweeër op visitluxembourg.com ëm 75,50% geklommen ass, an och op Google ëm ganzer 35% méi no Autopedestren gesicht gouf.

WanderenD’Kallektuffquell am Mëllerdall (Route 3) © ORT MPSL – Th. Bichler.de

An dësem Kader gouf nach emol drop opmierksam gemaach, dass aktuell un der eenheetlecher Beschëlderung an der qualitativer Opwäertung vun de Lëtzebuerger Wanderweeër geschafft gëtt, sou datt all Randonneur eng fantastesch an gutt verständlech Aktivitéit ka gebuede ginn.

Eng Auswiel u Wanderweeër kritt Dir ënnert anerem op www.100thingstodo.lu. Elo heescht et just nach d’Wanderschong unzedoen, de Rucksak ze paken a lass ze goen. Mir wënsche vill Spaass!

Opmaacherbild: Ënnerwee um „Traumschleife Schengen grenzenlos“ © Wanderbüro Saar-Hunsrück, Klaus-Peter Kappest

Related topics Autopedestre, Escapardenne, Geoportail, Lex Delles, LFT, Luxembourg for Tourism, Succès, Traumschleife Manternacher Fiels, Vakanz doheem, Wanderen, Wanderweeër
Next post Previous post